Samstag, 6. März 2010

Ulmi's World: Psychopatesch Tendenzen

Endlech!
Et ass erem sou wäit, den laang ersehntenen Deel vun Ulmi's World ass raus! Ech muss zougin, en huet bëssen op sech waarde gelooss, mee lo ass en endlech do! An sech ass de Blog scho laang färdeg, ech war just emmer ze faul fier en oofzetippen, an sou hun ech mech rem selwer geownd, well metlerweil ass en sou veraalt dass ech de greissten Deel rem nei schreiwe kann, also, da fueren ech mol duer;)

Wann een lo, wou wi ech, an ganz vill aaner Leit, säit 6 Jooer an de Lycee geet, dann fällt engem op dass sech dauernd emmer rem alles widderhëllt. An domat mengen ech net dass all Daag 24 Stonnen huet, oder dass all Sekonn d'Zäit eng Sekonn weidergeht, mee ech mengen domat dass sech de Cours vun 7ieme bis 2ieme kee Meter verännert huet. Huele mer zum Beispill Däitsch. Mer gin, op 2IEME, nach emmer genee sou behandelt wei op 7ieme, just mat enger klenger Differenz. Op 7ieme ass een nach opgedreint en wëll, an et huet een keng Loscht dem Proff dauernd nozelauschtren, dofier mecht een dann mol relativ vill Spillereien. Op 2ieme, sou ass et mol bei eis de Fall, kennt engem dee Selweschte Proff nemmei wei eng streng Autoriteitspersoun vier, mee eischter wei eng aal Fraa dei enger Mathematikerklass verzweifelt beibrenge well wei een Gedichter anaylseiert deren Inhalt ongefeier sou sënnvoll sin wei wann een probeiert engem 3-Jähregen dei Aufgab gëtt eng Integralrechnung hannertsech op aramäesch an mat de Feiss an Geesseblut ze schreiwen. Oder kuerz: absolut net meijlech. Dëst feiert dann zu enger zu 99% gelangweilter Klass, dei sech dann eng besser Beschäftegung sicht, waat an eisen Däitschstonnen suguer duerch en Gummi (fier ze wëschen) meijlech ass, suguer wann nemmen nach 1 cm dovun iwwreg ass.
dei vun der Prof ausgeschwaaten Machtwierder widderhuelen sech by the way och emmer an emmer rem, ouni dass ierjendeng Tat geschitt. Dei gin neemlech sou "Setzt euch", dan daat ca. 5 Sekonnen dodeems sie als eischte Mensch, ehm, als eischt Dengens, de Raum betratt huet. "das ist die letze Warnung! Wen ich jetzt noch nenne schreibe ich ein und der bekommt eine Strafe" ass och en Sproch deen mer pro Stonn 5-6 mol heiren. Sou as et dann och net wonnerlech dass dei aarm Fraa, ehm, daat aarmt Dengen wei den, an lo gudd oppassen, epic Vergläich!, 3-jähregen klenge Brudder vun engem Kolleg deen eis schleit behandlen. Am Ufank mecht een nach sou wei et engem fuerchtbar wei geiff dooen, mee speitstens no der 3ter Keier kann een et net mei seriö huelen an et denkt een sech einfa nemmen nach "haal dach einfa d'Fress"

Zum sensationellen Titel vun dësem Blog, gett et dann awer och eng relativ intressant an laang Geschicht, dei suguer eppes mat FRANZEISCH ze dinn huet! Ween hätt geduet dass een daat dach nach fier ierjendeppes gebrauche kann... Daat Ganzt huet sech op engem gemiddlechen, naja eigentlech net wierklech gemiddlechen well mer bis 3 Auer Schoul haaten, Dënnsten oofgespillt. D'English-Stonn mam Här Krings huet sech dem Enn geneigt, an sou mecht den Mr. Krings daat waat en emmer mecht, 5Minuten ihr et schellt : heen gett den Cours offiziell en Enn, wat bedeit dass mer maache kenne waat mer wëllen, also, nach mei wei am Cours x). Mei treien Wegkumpane, Kolleg, an Bänknoper de Bobam, an ech, haaten dei wonnerbar Idee Hangman ze spillen, waat io EIGENTLECH en ganz normalt Spill ass, mee wei gesoot eigentlech. An der 15 Minute Paus haate mer eis och gudd vierbereed, an op Google "schwierege Hangman Wörter" gesicht. Et geet also un, mein eischt wuert war "böse" waa den Bobam natierlech net rausfonnt huet, an soumatt houng da schon den eischten doudegen Strechmännchen um Blaat. Daat nächst Wuert war Krings, waat leider rausfonnt gouff... Duerno sin nach "Schmerz", "Hans", "KZ" an "Feuer" komm. Wi d'Blaat herno ausgesin huet, kann een sech io scho mol ganz gudd vierstellen, fierun allem well en eisem Hangman Regelbuch et sou festgehaal ass, dass de Männchen en Penis kritt, an lusteg Gesiichtsemotiounen. Deem ganzen gouff natierlech eng Kroun opgesaat, duerch meng schreftlech Kommentarer nierft den erhaangenen, oder net erhaangenen Männercher, dei deelweis "fuck, merde, win, oder fu" waren. No deem nervenopreiwende Fight koum ass Franzeischproff, d'Madame Winckel ran, an huet daat Blaat analyseiert, fierwaat och emmer. Dobei huet si ganz speziell Grimassen gezunn, an d'Stier gerunzelt wei wann se de ganzen Daag neicht aanescht üben geiff. Leider sin dei Wieder "KZ,Krings, Hans, Feuer, böse" bëssen am flache Kontext opgeholl gin, an sou koum den eepesche Kommentar "il me semble que vous avez des tendences psychopatiques"... domat wousst ech meint dann och! Joa, sou ass et zu deem Blog-Titel komm.


Op ech lo psychopatesch Tendenzen hun as mer eierlech gesoot egal, ech kann als Schlusssaatz nemmen sooen dass villes an dëser, hm, oder enger aanerer Welt, net vill Sënn gett, vun dohier ass et dach guer net sou schlemm wann bei enget Party Hangman komesch Wuertkombinatioune rauskommen ;)



Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen