Samstag, 13. Februar 2010

Music: Melomania 2010

Den 10ten an den 11ten Februar war et endlech rem souwäit, DAAT Musik-Event aus eiser Schoul, dem LGE, huet rem stattfonnt. D'lescht Jooer haat ech io dei Éier zesummen mam HoscheitsssBen bei den Prouwen an den 2 Fierstellungen dobäi ze sin, sou dass mer quasi en Deel vum Team waren. Dëst Jooer ass daat ganzt bëssen aanescht oofgelaaf: ech war en ganz normalen Spektateur an wosst guer net waat op mehc zoukënnt, zumindest den eischten Daag. Um zweeten Daag vun der Opfeirung hun mer dann awer nach den Optraag kritt daat ganzt Event filmesch ze ennerstetzen an ze verfollegen! Mee daat ass hei net d'Thema :P

De Melomanie 2010 war, wei all Jooer, ennert der Leedung vun eisen Musikproffen aus dem Gebei, an, wann ech daat sou beurteelen kann, vill besser organiseiert wei daat Jooer fierdrun, wou 2 Deeg fierun der Premiere mol nach net alles geproufft war. D'Auswiel vun de Musikstecker war dëst Jooer och komplett aanescht, wann een d'Genren mat en een vergläicht. Michael Jackson, Harmonie, Rock, Chor, Klassesch... alles war dobäi, an d'Moderatioun war och ganz passabel (och wann ech se perseinlech bei wäiten net sou genial fonnt hun wei 2009). Allerdings muss een och sooen dass dei ganz Vierstellung sech bëssen gezunn huet, an d'Reihenfolge vun de Stecker relativ schlecht oofgestemmt war.

Sou kennt et engem wärend dem eischten Deel vier, wei wann een gläich aschloofe geiff, well dei eischt 3-4 Stécker wierlech ganz lues a roueg sin, waat doru läit dass et 4 klassesch oder lues Lidder waren. Dorënner verstoppt sech awer och den eischten Highlight, neemlech Halleluja, daat excellent vum Max perfomt gin ass. Hien sengt et wierlech baal Perfekt, an mat vill Gefill an der Stëmm. Kuerz dorop geet et dann mam Blues/Jazz weider, vun deem ech perseinlech am meeschten faszineiert war. Et ass einfach e Genoss deenen 4 Musiker (Schulté, Nathalie, Max an Eric) nozelauschtren: den däitschproff an leidenschaftleche Gitarist Yves Schulté huet een gäilen Soloriff noom aaneren roofgedoodelt, wat zu engem "OHRgasmus" mengersäits gefouert huet.

Kuerz fierun der Paus haaten Thoughts of the 4 dann hieren optrëtt mat "Mistakes", engem peppegen Lidd waat d'Stemmung am Sall wierklech gehuerwen huet, an daat obwuel eng iwwerweltegend Mehrheet vu Proffen, oder wei de Jean-Marc sooen geiff, Staatsbeamten, present war. No der Paus ass et dann wei gewinnt mat eenzelenen Big Band oder Chor Stécker weidergaang, an dann war et endlech souwäit: den Michael Jackson Medley ass umodereirt gin; DAAT Stéck op daat wuel jiddereen gespaant war, well enner aanerem 2MJ Doubles (Daniel an Bob: Respekt!) fier eng uerdentlech Perfomance gesuercht hun. Speitstens do ass de Salle dann a Flaamen opgaang, an jiddereen huet matgeklappt an kaum een konnt nach roueg um Stull setze bleiwen.

Als Oofschlosslidd gouff eis dann den Earth Song, och vum Michael Jackson, presenteiert. Un dëser Plaatz gëtt et awer och mol bëssen Kritik: Sougutt wei de Max Halleluja gesongen huet, sou schlecht waren dei 2 Sänger awer beim Earthsong. Entweder war den Text net korrekt, schief gesongen, oder et war einfach komplett ouni Gefiller an fierun allem ouni Energie gesongen! (daat leit vleit un der Opreejung, oder einfach nemmen dodrun dass hinnen dei lues Lidder besser leien!).

Alles an allem kann ech vum Melomanie 2010 sooen dass en bei wäiten net sou gutt war wei deen vun 2009, mee en war awer op kee Fall schlecht! Musikalesch war en TOP, et war halt just d'Auswiel vun de Lidder dei vleit net ganz sou gutt geduet war fier domat eng grouss Masse ze ennerhaalen. Jiddereen deen sech dëst Event entgooe gelooss huet, huet egalwei eng verpasst, an ween lo Negativ Kritiken heiert, soll net zécken fier sech daat nächst Jooer selwer eng Meenung ze bilden, well net jiddereen huet dei selwescht Musik gär. Vleit gett et och grad zu dësem Zäitpunkt ierjendwou en Proff een e Blog schreift, an seet dass dei klassesch Stecker den Highlight waren...

Kuerz: alles war TOP vum musikalschen hier, mee MIER hun dei peppeg Saachen besser gefall, an well d'lescht Jooer mei vun der Sorte do waren, hun ech 2009 halt besser wei 2010 fonnt!

Voila



Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen