Montag, 8. März 2010

Ulmi's World: And the Oscar goes to...

Ladies and Gentlemen,
For the 81st time... eeehm, falschen Intro!
Fierwaat eigentlech falschen Intro? Ech haassen laang an dämlech Intros, also iwwersprange mer daat einfach mol an maachen direkt do weider, wou den Titel vum Blog ophällt. Souvill zu, an daat ganz nierwebäi, "1-2 Ulmi's World Blogs pro Mount" *hust*, naja et sief, vill Spass beim liesen, an keng Angscht: fier dei Leit dei lo mengen "oooh wei langweileg, Oscarverleiung tze... daat hun se dach schon alles um Radio gesoot", wärt genuch Inhalt do sin deen neicht mat geschter Owend / Haut de Moien ze dinn huet! Also, los geht's!

Ja.. u ween geet den Oscar? An fierun allem a weienger Kategorie? Dëss an nach weider ongeklärt Mysteren klären sech gleich an den nächsten puer Minuten. Allerdings weess ech selwer nach net ween hei waat gewanne wärt! Oh mann, ierjendwei mecht mer daat grad selwer Angscht...

Fier d'Allereischt fänken ech awer dann trotzdem mat engem klengen, wierklech klengen, also kee groussen, Reckbleck op d'Acadamy Awards 2010 un! Et war eng iwwerraschend Nuet; Avatar huet, an doriwwer sin ech eigentlech frou, NET de Präis vum Beschte Film gewonnen, an soumat sein, oppassen : epic Wuertwitz, "Bloot" Wonner erlieft. Zu Recht huet dësen, an 5 aaner Präiser den Hurt Locker oofgeraumt, een Anti-Krisch Film mat sensationellen emotionellen Biller an ënner aanerem deem beschte Schnëtt (zumindest kruut en den Oscar dofier, also denken ech dass et net sou falsch ass). Meng perseinlech Highlights aus der leschter Zeit, nämlech Inglorious Basterds an Invictus konnten leider net sou staark oofraumen. Eenzej an eleng den Christoph Waltz konnt een Oscar oofstaube, fier seng extremst epesch gespillten Roll vum Hans Landa.

Komme mer lo zu der eischter, beschter, bedeitensder an och leschter Präisiwwerreechung fier dëse Blog. Nomineiert fier d'Kategorie "Bescht Gesamtwierk mat allem drum und dran" sin :

Monsieur. G. Tessaro fier d'Roll vum Mister Absent am Film "ja...d'ass Physik"
Monsieur. G. Wagner fier d'Roll vum Edouard Hardy am Film "de Bierg vun der Erkenntnis"
Monsieu.. ehem, Madam..ehem, R. Krantz fier d'Roll vum *leider sin sou Wieder fierun 00:00 net erlaabt, mer bieden em Verständnis* am Film "Setzt euch, sonst..!"

E plaakege fette Mann deen op engem Riesenkiwi reit fier kengRoll an "kengem Film"

An den Oscar fier daat "Bescht Gesamtwierk mat allem drum und dran" geet un...

...

...

*lues maachen ech d'Enveloppe op an muss daat Blaat waat drann ass als eischt aus en een faalen fier liesen ze kennen WEEN et dann lo ass*

...

...

Ehm... Moment mol, hei ass en riesengroussen Sticker vun engem ekelhafte stenkende Fräsch drop gepescht, waat soll daat?! Sou een Fräsch wei en heidrop gemolt ass ass dach guer net nomi.. Oh, Moment, ech kreien grad eppes duerch de Knapp am Ouer matgedeelt.

OKAYY, wei et schengt gouffen et kleng Verständlechkeetsproblemer menger säits! Et handelt sech zweifelfräi em eng ellen Mouk, woumat de Präis un dei verdingt Siegeri.. ehm, den verdingte Sieger iwwergin gëtt!

*****EXTRA*****
Där sidd elo dobäi wei ech nach en Interview mam frësch gekührte Präisdreier (PräisDEIER!) feiren kann!
Ech: Herzleche Gléckwonsch! Där hudd mat ärer Performance vun "schrill Stëmm", "ech blären der sollt äerch setzen, ganz genee 5 Sekonnen nodeems ech am Salle sin", "ech warnen äerch lo WIERKLECH fier dei allerlescht Keier IWWERHAAPT jeemols, fier haut... " an "ech kann dech net leiden also bass du schlecht" wierklech en neien Maßstab waat nervegkeet ubelaangt gesaat!
Ganz besonneg gutt hun ech och dei eng Szene fonnt wou der engem Schüler 01 gitt an kuerz fierdrun zu engem Aanerem gesoot hudd dass en arrogant ass. Wei ass et zu där Idee komm?

Es: "DU redest hier nur wenn du gefragt wirst und sonst NICHT, und das gillt für alle hier! Hast du überhaupt den Finger gezeigt????? "

*****EXTRA*****

Joa... vleit war nach ze erwähnen dass de ganze Salle loftschnaapend rausgelaaf ass, nodeems dei grazil Änfert a Form vun ultraschrillen Schallwellen d'Ouren ugegfraff hun, an mat sech de Geroch vum "Pafrum" gedrooen hun.

Naja, daat war dach mol en opreejenden Daag! Ech muss awer nach Umierken dass dei Däitschstonn haut wierklech den absolute Glanz war, an dass et engem Mensch,ehm, dass et engem vill Ausdauer verlaangt fier sech 18 mol HOOERGENEE dei selwescht Änfert op eng Hausaufgab unzelauschtren! Respekt (naja, also, net wierklech, mee su Bësen, also ech mengen, sou richteg Bëssen, verstidd der? net 10/100, mee eischter 1/10^23671, oder nach besser, sou grouss wei d'Warscheinlechkeet ass dass den Pluto mat enger sech selwer dreinender Integralzaangraschtbeseitegeranlage.....)




Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen