Dienstag, 9. März 2010

Music: Reminder

Soou,
lo haat ech äerch baal eng ganz Woch mam ScreamingFields a Rou gelooss, an dofier ass et dann lo och Zeit fier rem e klenge Reminder ze starten! Fier dei wou nach net wëssen em waat et geet:
Beim Screaming Fields Contest kennen sech jonk Nowuesbands umellen an fier sech voten loossen. Dei Bands mat de meeschte Stëmmen kommen dann eng Ronn weider an kennen um Screamingfield performen. Allerdings derf aus all Schoul nemmen eng Band matmaachen... An natierlech sin mer, den LGE, eng vun de weinegen Schoulen wou et 2 Bands gin, an doweinst herrscht am Moment nach en spannend Rennen tescht Zero Point 5 an TOT4. Duerno geet et dann an dei 2t Ronn wou et drems geet en Optrëtt an der Rockhaal ze gewannen, waat natierlech eng Eier fier all Nowuessband ass!

Daat ganzt leeft nach bis den 28ten Abrëll, waat also heescht dass et nach eng Zäitschen ass, mee trotzdeem zielt all eenzel Stëmm dei d'Bands kreie kennen. An wann een kuckt wei lues et am Moment fieru geet, kann een schon mat relativer Secherheet behaapten dass sech speitstens Enn des Mounts d'Entscheedung siichtbar gemaach huet, well duerno nemmei vill Votes nokommen.

Wei voten ech?

Ganz einfach: du klicks entweder do uewen op d'Bild, oder einfach op dësen wonnerscheine Link an drecks op "Stëmm oofgin". Dann musste nemmen nach den e-mail Adress agin an daat 2 mol... Alles wat dann nach feelt ass an deng Inbox ze gooen an an der e-Mail op "bestätegen" ze drecken, aanerefalls gëtt deng Stëmm net gezielt! Wanns di bei zap.lu ugemellt bass musste du dech just aloggen an voten, an dofier dann keng email bestätegen.
Klengen Tipp: Där kënnt och mat ärer MySchool-emailsAdress voten, mee passt op, dei ass net @myschool.lu, mee @school.lu dat maachen dei meescht Leit falsch an sou geet eng wertvoll Stëmm flöten^^

PS: lauschtert roueg och mol an hier Lidder ran, et lount sech!

ech sooen merci am Numm vun Zero Point 5 an och a mengem dofier dasster mei Blog fleisseg liest an voten gitt ;)



Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen