Samstag, 6. März 2010

UK: Updates

Olaaa!
nodeems de Mount Februar vun äerch io relativ eenstëmmeg mat "wierklech gutt" bewert gin ass, ass dann lo och d'März Sendung online op der UELZECHTKANAL HOMEPAGE . Genee wei de Februar ass en relativ gutt gelongen, an et fënnt sech secherlech fier all Gout di eng oder Aaner Reportage. Allgemeng kann een sooen dass d'März Sendung ganz vill mat Kreativiteit aus allen Domainen ze din huet! Sief et Musik, Konscht, Theater, Kachen oder Sketcher, eng richteg Entertainment-Sendung also, awer trotz allem mat villen Infos. Langweil kennt relativ secher net op, well dëse Mount vill vun de Schüler selwer entstaan ass.

D'Sendung huet am ganzen zwar "nemmen" 52 Minuten, mee trotz allem, oder grad doweinst, huet se keng langweileg Längten, wei daat schons de Fall war! Vu mer kritt se d'Prädikat "Onbedingt ukucken", sief et um TV oder op der Homepage.
Fier d'Melomania-Fans an Matwierker: Ween fënnt an der Melomania Reportage geiff eppes feelen, deen muss net an Trauer ennergooen! Dei Komplett Lidder (dei mer Gefilmt hun) gin et (mengen Infos no) gleich op DVD färdeg monteiert an an Top-Quali ze kaafen. Ennerstetzt den UK fier dass mer äerch nach mei heischwärteg Saachen presenteiren kennen :P

Zum Schluss nach eppes aus eejener Saach: Vu waat wënscht der äerch eng Reportage? Maat mer eng email op tatzelkiller@hotmail.com mat ären Vierschlei an Ideen.

bis dohin
chu



Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen