Mittwoch, 27. April 2011

Some News about a survey, a new project, and... yeah that's all

Haut ass dem Alex wärend der Physique eng zimmlech gudd Idee komm fier eng nei Emfroo ze maachen. an zwar geet et em eist ach sou geleiften Schoulmaterial, Schreiwsaachen fier genee ze sin. D'Competition ass dës Keier "Füll-Fieder" geint "Füll-Roller". Ech perseinlech weess nach net waat ech huele Wert, well ech fannen dass d'Fieder vill mei schei schreift (also bei mer zumindest), mee dofier ganz riit gehaale muss gin, wouhingeint de Roller zimmlech cool ass well en aus all Wenkel funktioneiert an een mat den Grip-Rillen Musik maache kann :P Mee et ass io na Zeit bis den 2te Mai ;)

Fun Fact: Daat ass den deiersten Füllhalter vun der Welt. Fier nemmen 10'000 Euro kritt een eng Füllfieder aus 18 karätechem Weissgold mat 1'430 Diamanten, avis aux amateurs.

Als nächst um Programm steet en neien Projet, zu deem ech awer lo nach net allzevill zielen, daat kennt den Nowend tëscht 20:30 an 21:00. Ech kann awer scho mol souvill verrooden dass d'faarw vum Blog net nach eng Keier ännert oder ähnleches. Et wert en Community-Projet gin also stay tuned ;) Als klengen Sneak dann nach den Project-Numm:

Project "Famous"




4 Kommentare:

  1. http://www.goldenstore.de/product_info.php/info/p156_CARAN-d-ACHE-Kollektion-La-Modernista-Diamonds.html


    10 Sekonnen google an ech hun en resultat daat 33 mool mei deier ass. Also ech mengen 10 000 euro ass net immens vill an nach laang net den deiersten.

    AntwortenLöschen
  2. hm random^^ech hun op google "teuerster füllhalter" agin an mein ass komm , mee ass egal ;)

    AntwortenLöschen
  3. Keen Problem, mee wann ed schon en " Fun Fact " ass wea ed net schlecht wann en richteg wier. :)

    AntwortenLöschen
  4. ech hun net wierklech driwwer nogeduet, fierun allem well ech genee deen dooten bei Galileo als "deiers Füllfierder" gesin hun.

    AntwortenLöschen