Donnerstag, 25. August 2011

Luca's Corner: Meteowarnungen - Eecht huelen oder net?

De Luca ass rem do, an huet sech un en aktuellt Thema an Ereignis gesaat, an eis rem en intressanten an informativen Text gezaubert, post an d'Comments äer Meenung zum Thema ;)


Meteowarnungen - Eecht huelen oder net?


Während deenen leschten Deeg huet et europaweit zimlech oft hefteg gebletzt, gedonnert an gereent. Letzebuerg gouf greisstendeels vun deem Schlemmsten verschount. Am Contraire gouf d'Belsch kneppeldeck getraff. Innerhalb vun 4 Deeg vill Iwerschwemmungen, ofgedeckten Diecher an en ausgebrannten Dach vun enger Schoul. Natierlech vergiessen ech d'Naturkatastrophe vum Pukkelpop Festival net, well ech genau op dat Evenement well ze schwetzen kommen.

Desen Disaster huet haaptsechlech an der Belsch vill Froen opgeworf: Hett et keinnten verhennert gin? War deen kräftegen Stuerm virraussobar? Wei konnt et lokal sou hefteg ausfaalen?
Obwuel den belschen Meteodingscht (IRM) eng orange Warnung (2t-hechsten Stuf) fir den Osten an den Zentrum vum Land eraus gin haat, huet awer lo keen vun den Organisateuren iegendwelch Moßnahmen geholl an sie haaten vun Ufank un keng Hellef vun den Meteorologen gefrot! Konsequenz: den Festival huet pünktlech gestart an dat enormt Donnerwieder wou opgezunn as, huet immens vill verwüst an vill Opfer gefuedert (4 Doudeger an iwert 100 Verletzter)!




Weiderhin war et net dat eischt an och net dat lescht Szenario dat durch en Stuerm provozeiert gin as. Virum Hasselt-Disaster as eppes identesches an den USA (Indianapolis) geschitt wou och eng Bühn emgefall as an 7 Doudeger gefuedert huet. Virun kuerzem as och während enger Popstpriedegt an Spuenien um Weltjugendtag en Liichtmast durch eng Sturmböe emgefall: 7 Verletzter.
Wat well ech ierch elo heimadder soen? Wat mer an den leschten Meint opgefall as, dass immens vill Leit d'Warnungen vun den Wiederservicer iwerhaapt net eecht huelen oder carrément ignoreiren!
Och wann eisen letzebuergeschen Meteoservice oft mat hieren Donnerwiederwarnungen zimlech derniewt leien (wat op dei net immens performant Meteomodeller zereck ze feiren as), as et awer vun enormem Virdeel sech weinstens iwert aktuell Warnungen ze informeiren wann een op grouss Massenveranstaltungen geet oder (sportlech) Aktiviteiten am Freien virhuet.

Wei soll een lo bei enger Warnung virgoen?

Giel bis orange Warnung: Stellt ärch en Noutfallplang op fir Schutz ze fannen, wann en extremt Wiederphänomen sollt optrieden. Haal är Aen an Ouren op fir eventuell meteorologesch Gefohren.

Roud Warnung (immens selten): Mat allen Aktiviteiten dobaussen ophaalen, an ob weider Informatiounen vum nationalen Wiederdingscht warden.
Wou kennt der ierch iwert dei aktuell Gefohren informeiren?
www.meteoalarm.eu
www.meteo.public.lu/spip.php

Ech hoffen fir mein Deel, dass ech ierch dat Thema bessen mei no bruecht hun, an dass ech ierch mei opgeklärt hun. Et gett an eiser Gesellschaft net wieklech echt geholl, an dodurch gin awer heiansdo mutwelleg Opfer gefuerdert.


Sos wenschen ech ierch nach en scheinen Rescht vun der Vakanz an schecken ierch dei bescht Greiss vun der belscher Côte! =)

P.s.: Op menger Facebookseit vun mengem Projet "LuxStormChasers" gidd dir natierlech och iwert dei aktuell Warnungen informeiert! ;-)


Ulmi P.S: Vergiesst net beim Gewannspill mat ze maachen ;) Klick mech



Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen