Donnerstag, 11. August 2011

Serien iwwer Serien

Heyho again!

Fannt der net och dass emmer mei Serien rauskommen, dei och alleguer extrem gudd sin? Fierun 2-3 Jooer gouffen et knapp eng Hand voll gudd an erfollegräich Serien, mee metlerweil ass wierklech fier all Genre eppes dobei. Ech perseinlech sin io voll um The Big Bang Theory an Dexter Trip, fier mech dei 2 duerchgehend bescht Serien dei ech säit Lost gesin hun! Dexter huet io och op Säiten vun der imdb eng extrem gudd Bewertung kritt, net fier näicht.

Ech war emmer der Meenung dass dei Bewertung einfach nemmei ze toppen wert sin, mee anscheinend loung ech do falsch (io och ech ka mech mol ieren ;)  ). Elo ass et neemlech sou wäit dass Dexter iwwerholl gouff, vun "Game of Thrones". Ech hu mer bis lo just den Trailer ugekuckt, mee ech si mer doutsecher dass ech mer dei wäert vu vier bis hannen op der Zong zergooe loossen, et ass einfach genau daat waat momentan feelt: eng Serie am Mettelalter!



Bon, "Mystic Knights" aus menger Kandheet war och eepesch, mee bëssen crappy gemaach wann een haut drop zreck kuckt. By the way war d'Titellidd io wuel meega eepesch. (TITELLIDD) "Game of Thrones" dogeint geseit richteg fett aus, an ech freen mech e klengt Kand drop mer se ze bestellen. Hei mol den Trailer, soot mer waat der dovun haalt, an hudd der soss vleit nach ierjendwelch Insider-Tipps vun gudden Serien? Si gleich duerch mat TBBT :P Post Comments below :D


PS: Vergiesst net fläisseg fier mei Bild voten ze gooen, an scheckt och roueg äere Kollegen et weider. Der wësst jo, wann ech gewannen, verlousen ech de Gewënn (ausser et ass en fetten Porsche oder sou). HEI gidd der Voten




4 Kommentare: