Montag, 8. August 2011

Hell yeah, it's about time!

Here we go... again! Let the show begin... again!
Sven's POV is back... again! (fier d'Weivillt ass daat lo? oO) Gleich hëllt mech kee mei seriö, beziehungsweis nach manner seriö! Mee ech mengen des Keier haalen ech duerch regelmeisseg Posts ze brengen. Mat frëscher Ennerstetzung, neien Themen, an fierun allem vill Egoismus wäert ech mei Blog lo rem fidderen. Waat domat gemengt ass? Ganz einfach, e Puer Leit hun mer ugebuedem eppes fier mei Blog ze maachen, ech intresseiren mech fier Puer nei Saachen, an ech bloggen iwwert daat waat MECH intresseiert, sou krein ech vill mei einfach Saachen zesummen fier ze posten ;D

Ween dei Persounen sin kënnt dann no an no zum Vierschäin, weieng Themen et sin selbstverständlech och. Bon, ech hu mer bëssen en dommen Zeitpunkt rausgesicht fier ze Bloggen, well haut ass Meinden... mee net ierjendeen Meinden, mee DEE Meinden un deem e Pitcher rem opmecht nodeems en ENG GANZ WOCH zou haat, ergo ech gi gleich fort ;) Fierdrun awer nach Puer Saachen dei ech ab moa maache wert:

- Rem regelmeisseg Movie Reviews, (hun der io lo vill verpasst), mat neier Andeelung an net mi grad su Technik-Bezunn. Moa ass de Film "Green Lantern" drun, stay tuned ;)

- Ech hun endlech eng Idee fier eng "Community"-Aktioun, also eppes wu der matmaacht, an suguer dovun profiteire kennt, an dëser Keier ass d'Belounung net sou eppes wei "yuuhuu du gëss a mengem Blog erwähnt", mee, sooe mer sou, et wert sech lounen :D Ech wert dei Akiounen a verschidden Kategorien andeelen, sou dass quasi all Mensch eng Chance huet ierjendwann eppes ze gewannen.. ohje lo hun ech schon eppes verooden, ech mengen et ass besser wann ech dësen Blogpost lo hei stoppen.



Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen