Freitag, 26. August 2011

Movies: Cowboys & Aliens

Cowboys & Aliens  - by Jon Favreau

Infosite mat Traileren an Biller

De Film mam wuel coolsten Titel vum Jooer 2011 ass haut am Cinebelval ugelaaf, Cowboys and Aliens! Eleng den Titel leisst schon eenorm Phantasien opkommen vun eepeschen Schlachten, villen Laseren, creepy Kreaturen an coolen Western Cowboys dei ganz lässeg eng Zigarette fëmmen an nierwebei puer Aliens oofschlachten.

De Film ass net graaad sou wei een sech daat beim eischte Gedanke vierstellt, mee trotzdem hun ech en ganz nice fonnt. D'Story ass, wei een am Trailer geseit, dorop opgebaut dass een vun de Cowboys eng Alienwaff besetzt, an et doduerch mat hinnen ophuele kann. Am Laaf vun der Geschicht erliewt een emmer neess kleng Flashbacks dei daat ganzt bessen mei verständlech gestalten.

Ech kann amfong net ganz vill zur Geschicht zielen, well alles mei ass Spoiler, dofier kommen ech des Keier direkt bei den Deel wou ech erkläeren fierwaat mer de Film gefällt! Et ass einfach sou dass an dësem Film de Mix tëscht "booaah komplett onrealistesch" an "hm also besse mei Effekter geiffen net schueden" zimmlech gudd Getraff gin ass. Natierlech stëcht een Tonnen Effekter an e Film deen am Titel "Aliens" huet, mee ech fannen dass een daat och op eng diskret Art a Weis maache kann. Sou sin dës Keier d'Raumschëffer net mat onzählegen Gadgets ausgestatt, an gesin och net "op Hochglanz poleiert" aus, mee dofier sin dei Ausserierdech Kreaturen zimmlech gudd gelongen; grouss, ekleg, schleimech an bessen scary, genee wei sech daat fier en Alien geheiert.

Daat, zesummen mat dem bodenständegen Western-Feeling, gëtt dem Film e gudden Equiliber, an erfëllt d'Erwaardungen an enger spezieller Art a Weis. Daat waat am eischten Abschnitt beschriwwen gëtt geschitt neemlech net, an et gëtt sech en haarden Kampf geliwwert, deen wierklech e Gudden Spannungsbou iwwert de ganze Film brengt. Emmer rem kleng Schlachten bis hin zur grousser Endschlacht, zimmlech cool daat ganzt!


Oofschleissend dann lo d'Bewertung. Op menger Ulmerich-Skala geiff ech dem Film eng gudd 6.5/10 gin. Et ass halt keen Film iwwert deen nach an 10 Jooer geschwaat gëtt, mee en mecht richteg Spass beim kucken, an de Western Feeling (zB duerch eepesch Kameraastellungen a Musik) brengt et einfach. Ween Cowboys, Aliens, oder Cowboys AN Aliens gäer huet, soll deen op alle Fall kucke gooen!

PS: D'Gewannspill leeft nach emmer an bis lo stinn d'Chancen ze gewannen nach fier jiddereen zimmlech grouss!



Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen