Samstag, 23. April 2011

Project " 2.0 " - Welcome!

Herzlech wëllkomm hei um Sven's POV 2.0. Hudd der mech vermësst? Ohh daat ass awer léiff vun äerch, ech hoffen ech hu kengem d'Häerz gebrach mat menger laanger Absence. Ech, oder eischter mei Blog ass erem do mat frëscher Energie, enger liichter Faarwännerung, an engem neien, hoffentlech besseren Konzept! Onschweier erkennbar ass io wuel dass de Blog elo Wäiss, nee ech well suguer sooen ganz liicht Groo ugehaucht ass. En groussen Schratt deen ech gema hun, an daat eenzej an eleng nëmmen fier dem Augenkrebs-Effekt, deen een sou oft hei getraff huet, entgeintzewierken. Mee ausser der Faarw huet sech hannert dem ganze Blog och na villes geännert, waat daat, zielen ech mol kuerz op.

Wann ee schon sou en beisen Trailer mecht fier sou en mickregen Site (hallo, en ass op Letzebuergeg...), da mussen och gewëss Erwaardungen erfëllt gin... abee ech ka mer denken dass ech de Niveau vum Video an de nächste Meint haale kann, well ech hu vill wëlles. Meng Strategie fier rem mei regelmeisseg an gudd ze posten baseiert dorop op dei wuelbekannten Theorie vun "Qualiteit > Quantiteit", dei deem een oder aanerem secher schon wärend enger Däitscher Prüfung an de Kapp komm ass "oh freck, heen huet schon 5 Seiten, an ech nemmen 3... off, mein informativt Bëssen ass vill besser wei sein eiwegt Geschwafel, wert scho gudd gooen". Well also Klooertext heeschen dass ech net mei su oft riesegrouss Geschichten zielen, mee mei op kleng Storys opbauen, dei dofier awer op mannst grad su ennerhalsam sin.

En aaneren Aspekt vum Tuning ass meng "Fangemeinschaft", bzw "dei Leit dei do uewen Riets op den Like-Button gedreckt hun". Ech geiff mer wënschen wann där bëssen mei Aktiv sidd, an mer heiansdo mol eppes klenges scheckt iwwert daat ech schreiwen keint, a wann et nemmen en dämleche Video oder e Bild ass, Community-Stuff ass wëllkomm! Nach dobei weilt ech deck gäeren den Fail bzw Win vun der Woch afeiren, wann der also eng Geschicht hudd dei der wierklech FAIL oder eben mega WIN fannt, kennt der mer daat och schreiwen, als Belounung wengt eng Ernimmung op mengem Blog an daat gudd Gefill fier aaner Leit eppes gemaach ze hun ;D

Ajo, nei sin och nach dei Registerkaarten do uewen ennert dem Blog-Banner. Ech fannen dei brengen eng gewëssen Struktur an d'Gesamtbild, an et wierkt vill mei Professionnel :P Doduerch dass ech den Deel "Partners" kreeiert hun, ass neemlech och Plaatz op der rietser Seit gin, sou dass een lo d'Chatbox direkt geseit wann een de Site besicht, an ech hoffen der (an net nemmen de Jaak xD) benotzt deen weiderhin fier äerch Dommheeten ze zielen.

Hei nach den offiziellen Sven's POV 2.0 Background an der Opleisung 1968 × 1142





2 Kommentare:

  1. (Y) Sven, hues dir nawell zimlech vill virgeholl, mee wees dass du daat packen waerts.
    Mee lo wou den Hannergrond weiss-gro ass, gett vill mei elektresch energie verbraucht wei wann et schwarz wier :O. (alternativ zu google gett et io och www.blackle.com, an eenmol am joer mecht youtube dass een hannergrond och schwarz maan kann) xD sry wollt daat onbedingt soen :P

    Zum Thema community bla, sin ech mengen ech gut plazeiert vir ze soen dass Lux-inet-community decke crap ass. Kritt een ganz selten feedback, an d leit sharen mol net :(. Et gett een sech souvill mei, an et ass en superd gefill epes zereck ze kreien.

    Deen Win Fail zips ass eng mega gut idee. Wells du sou saachen dei mier um inet fannen sou nyan cat genre oder sachen die mier wirklech erlierft hun?

    AntwortenLöschen
  2. merci ^^
    ja zum win/fail ziips: ech huelen och saachen aus dem inet, mee keng nyan cat saachen, mee zB en failguy an engem forum oder sou ;) oder halt en video den wierklech fail ass etc

    AntwortenLöschen