Montag, 25. April 2011

Movies: Source Code

Source Code - by Duncan Jones

Infopage mat Biller an Traileren

Seit 2 Wochen war ech mol rem eng Keier am Kino, et ass deck Zeit gin, an et huet sech mol rem eng Keier gelount, am Geijesaatz zu verschiddenen aaneren Filmer. Den Trailer zu dësem Film haat ech am Wanter just eng Keier kuerz gesin, mee hu mech net besonnëg drop vierbereed bzw hun net drop gewaard. Op jiddefall war ech zimmlech begeeschtert vum Film, deen sou seng speziell Charakteristiken huet.

Am Film geet et knapps gesoot dorëm dass d'Wëssenschaftler eng Method fonnt hun an d'Gehier vun engem Doudegen, fier di lescht 8 Minuten vu sengem Liewen, anzedrengen. Mat der Technik sollen dann ongeklärt Doudesursaachen fonnt gin, an Serienmörder opfannbar gemaach gin. Am Film muss den Haaptpersonnage (gespillt vum Jake Gyllenhaal, vun deem ech iwwerrascht war wei probemlos heen d'Haaptroll vun engem Film iwwerholl huet) an dei 8 Minuten zereckversaat gin an an der Zeit alles Meijleches ustellen fier de Mörder ze fannen. Oder aanescht gesoot: hee gëtt an eng Draamwelt gescheckt an wann heen do stierft gëtt e waakrech... vu wou kenne mer daat scho mei? Dozou speider mei. Soss kann ech zur Story amfong net vill sooen, well de Film handelt halt nemmen dorëm. Trotzdem ass se iwwerhaapt net langweileg, mee eischter de Geijendeel. Obwuel net wierklech vill Action (bis op 4-5 Pistouleschëss) am Film enthaal ass, baut en eng gewëss Spannung, doduerch dass dei selwescht 8 Minuten emmer rem widderholl gin, an se emmer aanescht verlaafen. Mei kann ech net verrooden, soss grenzt et u Spoiler ;)

Film an Schneidtechnesch kann ech dës Keier net vill sooen, well ech ganz eierlech gesoot iwwerhaapt net drop opgepasst hun, d'Gescheien am Film huet mech zevill oofgelenkt, waat mengen ech awer net onbedingt geint de Film schwetzt. Eng Besonnegheet huet de Film awer, an dei kann engem quasi net entgooen, an zwar ass daat dei schon uewen ugeschwaaten Widderhuelung vun emmer rem der nämlechter Situatioun, dei awer all Keier komplett aanescht verleeft, an an der een vun Keier zu Keier mei vun der Draamwelt gesäit. Allgemeng huet de Film am Beräich Technik awer en gudden Androck gemaach, zumools waat Detailltreiheet an gewëssen Spijelelementer betrëfft (ween de Film gesin huet weess waat ech mengen).

Oofschleissend kann ech de Film wierklech weiderempfehlen. En ass net ze schweier an brengt engem wochelaangt Munkelen, mee en ass awer trotzdem sou gemaach dass een sech Puer Frooen zum Thema Iwwernatierlech oder Parallelwelt stellt. Mee allgemeng fällt op dass den Trend vun de Filmer staark a Richtung Draamwelt/Mindbreak tendeiert. Avatar, Inception, Sucker Punch, Source Code, an fier nach mi en aalt Beispill ze hun, Matrix sin alles Filmer dei hier Haapthandlung net an der realer Welt hun, an den Zuschauer zum Iwwerlee brengt (ok Sucker Punch lo vleit net...). Mech steiert daat awer perseinlech net, nenne mer dee Genre einfach lo mol "Mind-World", Mind-World huet sech zu engem vu mengen neien Favorite-Genres ropgeschafft. Dofier gin ech dem Film eng uerdentlech 7.9/10 op der Ulmerich-Skala.

 An Apropo Parallelwelten an sou e Krom: wanns du en Wiesen bass daat net vum Planeit "Erd" kennt, maach e Kommentar a so mer w.e.g ob op äerem Planeit en Hond a sein eejenen Schwanz beisse kann, merci.



1 Kommentar:

  1. den film huet een krass confus gema, also den schluss mol 0.0

    AntwortenLöschen