Sonntag, 24. April 2011

Lightning Adventure

Oh yes! De Freiden den Nowend war et su weit, et gouff Blëtz an Donner. Waat dorun sou extra ass? Ganz einfach: de Luca well a sengem speideren Berufsliewen mat Bletzer an all deenen aaneren coolen Saachen dei aus dem Himmel kommen zedin hun, dofier fänkt heen lo schon un fier dass en schon Übung huet ;) Als begeeschterten Bletz-Fan (am allgemengen Naturspektakel) war ech natierlech begeeschtert wou hee mech offiziell als StormChaserMobilDriver engageiert huet. Ergo, de Luca an ech sin dei ominös "LuxStormChasers" vun deenen der vleit op Facebook gelies hudd.

Den 22ten Abrëll, also de Freiden kruuten mer vum Gilles Wengler d'Informatioun dass et blëtzt, wourops hin de Luca eng professionell Bletz-Website um iPhone ugema huet an daat ganzt mol am Aae behaalen huet. Geint 11 koum dunn den Alarm dass mer am beschte mol fueren fier daat ganzt ze kucken. Als eischt si mer also bei den Auto gesprint, well mer net wierklech Ahnung haaten ob net awer all Sekonn zielt. Mat mengen eenormen Fahrkënscht si mer dann ennen an Esch ukomm an konnten di eischt Himmelerhellungen beobachten. Duerch eis Spitzfindegkeet an Talent hu mer dann decideiert fier uewen op de Kayler Poteau ze fueren, well do eng saugudd Vue ass - an et war och sou! Waat ech do erliewt hun war wierklech saugeil. En Naturspektakel sonnergleichen, eng regelrecht Blëtz-Salve, an daat wärend baal 90 Minuten. Obwuel se sou weit wesch waren dass mer se net mol donneren heiren hun, hu mer deck vill erkannt, an ech haat en zimmlech geilen Owend ;) Leider ass d'Kamera dei mer hun net luutempfindlech genuch fier alles dorpzekreien, trotzdem ass dem Luca en geilen Schnappschoss gelongen.



Wann der nach mei Footage wëllt gesin, dann kuckt mol op eiser FB-Fanpage laanscht, do gidd der emmer informeiert ob eppes lass ass, an ob mer ennerwee sin. De Luca war och sou fleisseg an huet eng Homepage gebastelt, hei de LINK . Och dei gëtt regelmeisseg mat Videos an Berichter geupdated.

Lo heescht et fier mech als eischt mol Kino, waat fier äerch heescht dass moa eng Movie Review kennt, di eischt 2.0-Review, sidd gespaant ;D



Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen