Mittwoch, 27. April 2011

Project "Famous"

Another Project? Jou genee sou ass et, mee keng Angscht, ech änneren net einfach rem mega abrupt d'Faarw an daat ganzt Konzept. Dës Keier ass et e richtege Projet, dee kee Selbstläufer ass an deen schon seit dem Daag vun der Ukennegung färdeg ass. Et ass villmei en Community-Projet bei deem ech selwer net allzevill maache kann, mee op äer Hëllef ugewisse sin. Als kuerz Erklärung waat ech ennert dem Begrëff Community-Projet verstinn. En Blog-Inhaber, oder en Promi rifft seng Fans dozou op fier eppes ze  Voten, en benotzt also seng Trei Fans fier an engem Concours zB ennert den beschten ze landen. Zur Belounung dingt en sengen Fans weiderhin mat deem waat en am beschte kann.

Daat klengt lo direkt mol zimmlech koomesch well ech amfong jo keng grouss Community hun, an ech mer och net wierklech vierstelle a wei enger Form ech mech bei all eenzelnem Bedanke keint, falls ech bei ierjendeppes gewannen, mee trotzdem wier et cool mol sou eng Aktioun ze starten. Also hun ech mer geduet, lo wou ech rem voll am Blog-Fever sin, an och motiveiert sin konstant weiderzemaan, dass ech als Letzebuerger mat engem Aktiven Blog eng "Rariteit" um Internet sin, well eist Vollek ierjendwei zimmlech hannendran ass waat Communities an rechtlech Präsenzen am Web ugeet. An dorop baseiert och mei Projet wann een et genee hellt. Als, sooen lo einfach mol sou , och wann et zimmlech secher net stemmt, eenzejen Blogger mat enger Gewëssener Fangemeinschaft geiff ech bestëmmt bei der nationaler Press an ierjendenger Form opfaalen. Ech keint mer zB vierstellen dass den Essentiel oder de point24 eppes klenges schreiwt (natierlech reicht nodeems sech meng Fangemeinschaft op Leit verbreet huet, dei ech amfong net kennen.) Daat ass iwwrejens scho mi laang een vun villen Dreem: einfach ennert de Leit e bëssen bekannt sin, dass vleit heiansdo een vun 1000 Leit seet "ech hun dech um TV gesin" bzw "dei leschte Blog war beis".

Warnung: ab hei fänkt et un zimmlech onrealistesch (fier de Moment) ze gin, mee liest trotzdem weider:P

Wier dei Hürd gepackt dass ech duerch Remschwetzen bzw en Breif den mech als Thema fir den Essentiel vierschleit, eng vun deenen 2 Zeitungen op mech opierksam gemaach hun, dann besteet och eng Chance dass kleng Radiossenderen (wubei ech schon bei 2 Steck op der Antenne war) vleit och mei wëlle wëssen. An sou keint lues a lues en Kreesslaaf ufänken, bei deem ech mei Blog promoten kann, an soumat mei bekannt gin. D'Spëtzt vun deem Bierg, also den Highlight wär natierlech eng Invitatioun an den 20-Vier um RTL. (Come on, dei lescht Keier war do eng Fraa dei iwwer TOMATEN geschwaat huet...), mee dovu si mer nach ganz weit eweg :P

Waat daat ganzt Geschwafel lo vermëttele soll? Ganz einfach: deelt mei Blog weider, scheckt Kollegen en (also wann der wëllt natierlech) an iwwerzeegt se dass et heiansdo awer schon zimmlech cool hei ass ;) Am Prinzip sin ech mat all klenger Verbesserung vun der Populariteit zefridden, falls et wierklech net mei weit soll gooen. Su eenzel Etappen dei ech mer sou (lo mol am Ufank mat allen onrealisteschen Etappen) keint vierstellen wären folgend:
-150 Fans
-Aktiv Fans (Comments, Chatbox, Geschichten)
-Essentiel/Point 24   /   Leit schwetzen bessen iwwert de Blog
-Radio
-Kleng Reklamm um Schoulfernseh (UK + eppes neies waat gleich agefouert gett, haalen awer leiwer na de Mond)
-Trailer am Cinebelval
-20-vier um RTL
-Eejen Rubrik bei RTL
-Eejenen Film
-Eejenen Internetdomain
-Google opkaafen
-Apple opkaafen
-Weltherrschaft
-mein Ielebou lecken


Zum Schluss nach e Puer Infos zum Thema "wi krass onmeijlech daat alles ass".
Wanns du mech perseinlech kenns, lies daat heiten:
1. Aktiv Fans kommen lues a lues, find ich gut. 2. Am Essentiel war ech schon 3 mol, leider net als Eenzelnen op enger Foto, mee awer als wichteg Persoun op der Foto. 3. Um Radio war ech schon 2 mol (Ara an Lrb), eemol als Gaascht aus dem UK, an eemol fier de Lipdub an den UK ze representeiren. 4. Um Belval laafen vill Reklammen vun besse mi klengen Leit, ech hoffen einfach dass de Preis erschwinglech ass^^5. An den 20-Vier war ech och schon inviteiert, mee hun, Gentleman wei ech sin, dem Laurence de Viertratt gelooss. Et ass also alles Meijlech, et muss een sech just gudd a richteg uleen, och wann ech mer vierstelle kann dass et net su einfach ass alles nach eng Keier ze erreechen.

Wanns du mech net su gudd kenns, dann lies leiwer daat hei:
Aus eejener Erfahrung weess ech dass et guernet komplett onmeijlech ass an den Nationalen Noochrichtenmedien opzetauchen, mee dat heescht net dass et easy going ass;)

Ech hoffen ech kann op äer Hëllef zielen, et wier am Prinzip io guernet souvill Aarbescht wann jiddereen e bëssen helleft;D Egalwei, merci dasste daat hei alles gelies hues (oder einfach direkt an dei heiten Zeil viergespronge bass) an wei emmer: stay tuned ;D






Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen