Donnerstag, 7. Oktober 2010

We are not alone..!

Et ass sou gudd wei secher, mer sin definitiv NET eleng. Mat "mer" mengen ech "eis", also d'Menschheet, Franzousen inclus. Vleit hudd der et scho matkritt, vleit och net, wei och emmer, ech schreiwen trotzdem driwwer, well ierjendwei all gudd Säit daat gemaach huet ;D. Et steiert mech net daat posten waat schon aaner Säiten gepost hun. Och wann schon vill aaner Leit fieru mer do waren an et gelies hun, sin ech secher dass vill Leit et net matkritt hun. (ok, daat heescht lo indirekt dass Kellerkanner mei Blog liesen xD). Wei och emmer, ech kommen zum Thema:

Am Weltraum (wou och soss? Oo) ass der Deeg en neien Planeit fonnt gin, deen sech zoufälleg genee wei d'Erd op der idealer Distanz zu der Sonn befënnt. Et geet een dovun aus dass tatsächlech Liewen do meijlech ass an warscheinlech och existeiert. An sech ass et zimmlech krank, wann ee bedenkt dass eleng eis ganz Existenz op engem Zoufall baseiert, deen minimal kleng ass, dofier ass et em sou mei krank dass deen Phänomen nach eng Keier (oder suguer mei wie eng Keier? :D) optrëtt. A well den entdecktenen Planeit sou vill Gemeinsamkeeten (zB huet en genuch Kraaft fier eng Atmosphere oprecht ze erhaalen, an Wasser ass zu 100% a flësseger Form vorhanden) mat der Erd huet, hun se em an hierer grenzenloser Phantasie den Numm "Gliese 581 G" verpasst, klengt dach richteg flott. Daat eenzekt waat e bëssen aanescht ass wei bei eis, ass dass et keng Nuet gëtt, et ass also emmer Daag, wei daat gooe soll hun ech nach net ganz verstaanen, mee op jiddefall ass eleng d'Tatsaach dass et einfach en 2ten Earthlike Planeit gëtt, et wert e Post op mengem Blog ze maachen. (Der wësst io, ech hun iwwerdriwwen Theorien an sou Saachen dei engem krass onvierstellbar vierkommen zimmlech gär^^). Hei nach en klengt Bildchen, passend zur dëser "News".


By the way merci un de Johny dass en mech drun erennert huet dass ech vergiess hun ze erwähnen  dass de Kolleg Gliese 581G 20 Lightyears vun eis fort ass, an sou kënne mer warscheinlech nie am Liewen mat den Artgenossen Poker spillen ;D




7 Kommentare:

  1. Ne sven, du hues eps falsch vastanen ;)

    Deen Planet dreint sj net em sech selwer, doduerch ass eng sait emma am donkelen an di ana seit emma da sonn zougewendet


    D`chancen, dass do liewen existeiert ass bis zu 99%, mee mea wessen net wat fir liewewiesen dodropper sin, op ett genausou "schlauer" wi mea^^


    anscheinend gouf och virun 2 joer radiosignaler vun deem planeit zu eis gesendet, anscheinend ;)

    an ett ass praktesch onmeiglech dass mea menschen dohinnerkommen, well za 20 lichtjoer ewechass

    an nach eps, erdanziehungskraaft ass 4 mol mi stuark do wi by eis, dat heescht ech weien do 250 kilo haha xD


    Johny Costa ;)

    AntwortenLöschen
  2. io dass en net dreint haat ehc mer geduet, mee war net secher^^mat den 20 Ligthyears wollt ech eigentlech na schreiwen, mee dat hun ech a menger Euphorie rem eppes op de Blog ze schreiwen wuel vergiess^^
    nice Comment johny ;D

    AntwortenLöschen
  3. Dierf ech dem Johny säin Post bëssen erofmaachen? :)

    1) Wann deen Planéit sech net ëm sech selwer géing dréinen, dann hätten mer rëm Dag an Nuecht (Virausgesinn, e dréint och effektiv ronderëm d'Sonn.) Dat Phänomen ass identesch mat deem vum Mount: Eng Ëmdréiung ëm sech selwer dauert genee sou laang wei 1 Tour ronderëm d'Sonn.

    2) D'Chance ob Liewewiesen ob deem Planéit ass grouss, mä gréisser Liewesformen wei Eezeller géing ech mer net erwaarden. Anerersäits huet den Johny Recht: Déi wären dann genau oder souguer ëm en Brochdeel méi schlau wei heen ;)

    3) Wann virun 2 Joer schon Radiosignialer vun genee deem Planéit empfaangen ginn sinn, firwat ass den Planéit dann eréischt lo entdeckt ginn? Hm...

    Ween ass dofir den Johny als éischten Mënsch op den Gliese 581G ze schéissen? Wann mer en séier genuch fortschécken (Liichtgeschwindegkeet) ass en an 20 Joer do, an a 40 rëm zréck :)

    AntwortenLöschen
  4. joa de johny ass bessen falsch informeiert^^ sin btw 1.1 - 1.7 G do uewen, an net 4G. mee egal, sou saachen hun ech gär, wann an de kommentarer diskuteiert gëtt :D (NET streidenn, merci)

    AntwortenLöschen
  5. ech hun meng informationen vun bild.de

    doweings sin se net richteg, ass io kloa :D

    costa

    AntwortenLöschen
  6. di remark iwert fransousen ass iwerflesseg.

    AntwortenLöschen