Donnerstag, 14. Oktober 2010

Movies: The Social Network

Trailer: The Social Network (by David Fincher)

Ok, gleewt ierjendeen mer dass ech mech grad beim "The Social Network" schreiwen, 8 mol verschriwwen hun? True Story. Bon, soit, d'ass vleit well ech de Film su gutt fonnt hun.

Wei een onschweier am Trailer erkennt, a well ech dovun ausgin dass d'hallew Menschheet weess em waat et am Film geet, brauch ech io lo an sehc net ze betounen dass et em "Facebook" geet, mee well een an enger Aleedung io awer d'Thema behandlen soll, hei dann de Pflichsaatz: et geet em Facebook.

De Film stellt, am Geijensaatz zu dem behaaptenen Wëssen vu ville Leit, NET d'Biographie vum Mark Zuckerberg duer, an et ass och keen Documentaire iwwer Facebook. De Film behandelt ganz einfach d'Entstehung vu Facebook, mat all sengen Machtintrigen an frënd- bzw feindschaftlechen Hannergrënn, dei den Mark Zuckerberg, an seng Matwierkend erliewt hun. Klengt ganz am Ufank total langweileg, an net no engem richteg gudde Film; Fakt ass awer, dass et zu kengem Moment langweileg ass, mee dozou kommen ech nach.
Vill mei kann een net op d'Story agooen, et kann een se zwar net wierklech Spoileren ausser, OPPASSEN SPOILER! "Facebook entsteht um Schluss", mee trotzdem ass et onmeijlech en eenzelnen Moment ze emschreiwen, well et eben aus dem richtegen Liewen geholl ass, an soumat eng komplex Hannergrondgeschicht huet, an net einfach an 2 Legostecker zerdeelbar ass.
De Film huet eng beträchtlech längt vun 2 Stonnen, allerdings war et mer perseinlech zu kengem Moment langweileg. Daat huet e puer Grënn. Zum Beispill ass d'Geschicht op eng ganz intressant Art a Weis erzielt, an och zu engem ganz speziellen Moment. An sech gëtt d'Geschicht vum Mark an sengen Kollegen an Affekoten etc gezielt, also eng Art Dauerflashback. De Film spillt Zeitlech neemlech wärend der Zeit wou all dei Prozesser um laafen waren, weem seng Idee et dann lo war Facebook ze erfannen.

Waat mech als Blogger an fanatiker vun laangen komplizeierten Sätz faszineiert huet, war dass de Mark Zuckerberg regelmeisseg, an zwar zimmlech oft, en sauhaarten ownage-Sproch noom aaneren bruet huet. Sou zum Beispill: "A guy who makes a new chair doesn't owe money to everyone who ever built a chair." Mee wei gesoot, zum Inhalt well ech net allzevill zielen, daat gidd der souwisou nach an der Movies'n More vum November gewuer , also kuckt gefällegst Uelzechtkanal, merci. Film- a Musiktechnesch ass de Film op ganz normalen Niveau, sou wi een sech daat vun engem gudden Film erwaart: keng Experimenter mat der Kamera, d'Liddauswahl ass zimmlech beis, an de Schnëtt ass greisstendeels standart, bis op e puer Momenter wu ech wierklech begeeschtert war.

Eng Saach dei awer weist dass de Film wierklech sou gudd ass, wei en ass, sin eis Interviews dei mer kruuten, wou mer fier Movies'n More gedreint hun. Et ass keen negativt Wuert gefall, an et fällt och allgemeng op dass d'Leit den Film net weinst bekannte Schauspiller(dei een an deem Film souwisou vergebens sicht) kucken gin, mee well d'Thema se wierklech intresseiert. Suguer fier Leit dei um Mound liewen an nach nie Facebook heiren hun, geiff ech mengen bidd en eng ganz aussergeweinlech Kinosexperience.

Apropo Facebook: Där wësst schon dass ech, also Sven'sPOV eng Fanpage op Facebook hun? Wier fein do mol ze liken, da gidd der emmer op der Startsäit vu Facebook informeiert waat grad  um Blog a Planung ass, bzw waat grad veröffentlecht gin ass, um Blog. Hei de Link: Sven's POV Fanpage





2 Kommentare:

  1. Hm, nach e Film fir op meng Lescht :p
    Mengs de ech als Facebook-Géigner kann en trotzdem kuke goen ? ;)

    AntwortenLöschen
  2. io absolut, een vun de filmer vun desem jooer dei een muss gesin hun!

    AntwortenLöschen