Samstag, 23. Oktober 2010

Luca'sPrivate Blog: Messer Review

Luca's Private Blog Post Nr.1


De Luca huet sech rem deck Mei gin an huet eppes parat fier ierch, enjoy^^



Well ech mech entscheed hun dem Sven aka Ulmi elo regelmeisseg eppes fir sein Blog ze schreiwen, huet heen mer dann och d’Freiheet geloss fir iwert en Thema ze schreiwen wat ech mer raussichen keinnt. Ech hun net laang brichten ze iwerleen an dunn haat ech direkt dei Idee fir en Review iwert en Buch ze schreiwen wat ech mer deen Moment bestallt haat an och 3 Deeg drop krut.
Io erstaunlecherweis liesen ech an menger Freizeit och Bicher, vleit net all ze oft, mee wann dann zimlech intensiv well se mech dann och wieklech interesseiren. Sou och an desem Fall, well dat Buch iwert dat ech elo schreiwen as un sech zimlech aussergeweinlech, well et as keen normalen Roman mee en Buch mat lauter Gedichter an Fotoen dran. All dei Gedichter wou dran sin goufen vum Till Lindemann (Sänger vun Rammstein) geschriwen an heen as och op all Foto ze gesin.
Mee elo wollt ech eigentlech mei genau op den Inhalt vun deem Buch angoen an ierch iwert meng Erfahrung während dem Liesen zielen.


Als allereischt huet een mol missen d’Introductioun liesen, dei vum Gert Hof (gutten Kolleg vum Till an seit 1995 Lightengineer bei R+) geschriwen as, an do gett een och schon vill iwert Perseinlechkeet vum Till gewuer. Seng Gedichter lossen een wuertwirtlech durch d’Hell goen an et gett wieklech net mat düsteren an brutalen Fantasien gespuert. Et liest een Sehnsucht, Wut, Trauer, Verzweiflung, Haß, Leift, Hellefslosegkeet, Gier an villes mei aus sengen Versen eraus an eng Persoun dei dat eent oder anert Mol mei deif an sech eran kuckt, kann sech secherlech mat verschiddenen Gedichter identifizeiren. Verschidden Textstellen sin zimlech rabiat, wei z.B. „ Schlag mir schön den Schädel ein, dann schneit es und mein Hirn friert ein“ oder stiechen voller Verzweiflung: „Oh kann den niemand sehen, unter meinem Ungesicht rauscht ein wunderschönes Herz“. Am Endeffekt, wann een all dei Gedichter op mannst 2 mol durchgelies huet, freet een sech: wat huet desen gutten Mann alles erliewt fir op sou absurd Gedanken ze kommen? Et muss awer och gesot gin, dass heen all seng Texter extrem sensibel an mat deiwen Gefiller zum Ausdrock brengt, och wann se heiansdo zimlech brutal sin.





Zu den Fotoen kann een haaptsechlech soen, dass se zimlech skuril sin, d.h. deen eischten Moment kann een guer neicht mat den Fotoen ufenken oder iegendeppes erausliesen, mee et as wei mat den Gedichter, et muss een sech Zeit huelen an sech seng eegen Gedanken doriwer maan.
Ech perseinlech sin zimlech begeeschtert vun desem Buch well ech engerseits en groussen Fan vum Till sin an ech heen einfach vollends sympathesch fannen an anererseits well ech mech gären vun emotionalen Gedichter bereiren lossen. Mein Lieblingsgedicht hun ech och schon fonnt an dat dreit den Titel „Sucht“. Ween lo firwelzeg as, ech posten et gären ennen an den Kommentarbereich. ;-)

Also all Mensch deen Rammstein lauschtert an eppes mat hiren Texter unzefenken wees an och mol öfters mei deif an sech erankuckt, deem kann ech dest Buch nemmen un d’Herz leen. Aboslut Kaafempfehlung mengerseits! =)






Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen