Samstag, 9. Oktober 2010

Movies: The Town

Watch the Trailer: The Town (by Ben Affleck)

Ganz eierlech gesoot, dee Film brengt et! Obwuel en als Drama an Romanze agestuft gëtt, bitt en vill Elementer dei daat ganzt oppeppen an kengeswegs langweileg maachen. Ech sin de Film kucke gaangen, ouni iwwerhaapt ze wëssen em waat et geet, ech hat net eemol en Trailer gekuckt - sou huet een vill mei eng Neutral Haltung zum Film subaal e lassgeet, daat eenzejt waat ech wosst ass dass en "zimmlech gudd" soll sin - an daat ass en och!

Wei gesoot ass et en Drama/Romanz, et geet em Bankausraub, bei deem eng Fraa vergeisselt gouff, an uschleissend mat engem vun de Reiberen eng Affaire ufängt, natierlech ouni ze wëssen dass et een vun hieren Geissler ass. Wei d'Geschicht weidergeet kann een sech io an sech denken. Klengt suweit no engem klasseschen 08/15 Hollywood Film, deen weder spannend nach an ierjendenger Form einfallsreich ass. Mee wann een de Film wierklech analyseiert, mierkt een dass de Ben Affleck wuel ganz genee weess waat d'Minuspunkten bei den typeschen Hollywood Dramen sin, an huet dei ganz gekonnt elimineiert. Als Beispill kann een zB eng Szene schilderen:

Klassen Hollywood Szenario:
2 Kollegen, zimmlech gudder Suguer. Een ass am Ziel vun enger Waff, ouni et ze gesin, deen aaneren bemierkt et awer. *Zeitluup*, de Schoss geet lass a bewegt sech Richtung Kapp. Heroesch fänkt deen aaneren un mat laafen an tackled sei Kolleg op d'Säit, an kritt dobei de Schoss matzen an d'Schëller oof. Allen zwee leien um Buedem, deen een huet Treinen an den Aaen, an deen aaneren seet him 100 mol Merci fier him d'Liewen gerett ze hun; kuerz drop gin deem verletzen seng Aaen zou an sou hällt Szene op.

The Town:
2 Kollegen, zimmlech gudder Suguer. Een ass am Ziel vun enger Waff, ouni et ze gesin. De Schoss geet lass, riit an de Kapp, hee fällt em. Deen aaneren bemierkt et(an fänkt NET hysteresch un ze pinschen etc), an beisst op d'Zänn fier weiderzemaan an selwer ze iwwerliewen.

Allgemeng ass de Film zimmlech direkt waat sou Saachen ugeet, an grad daat mecht en och sou intressant. Et gëtt net laang rondrem de Bräi geschwaat oder gefilmt, et ass einfach INHALT do, an net sënnlost opfëllen vun Minuten. De Schluss vum Film ass zwar rem bëssen mei typesch, mee et muss een heiansdo och mol zoustemmen, dass dei typesch Ends net fier näicht sou oft benotzt gin - se sin einfach gudd^^

Filmesch ass de Film och ganz nice! Vun Steady Cam, iwwer CarCam, bis zum ganz normalen Stativ ass alles dobei. Opfälleg ass dass, obwuel de Film am Kinosformat (1:2.35) gefilmt gouff, d'Cadragen ganz oft un 16:9 erënneren, waat awer net weider steiert, alt rem en Beweis dass et keen typeschen Hollywood-oofklatsch soll sin. Den Filter deen iwwert dem ganze Film ass, (deen deen mecht das de FIlm mi aal wierkt) ass zwar nemmen minimal present, mee e gëtt deem ganzen nach en zousätzlechen Touch, deen perfekt an dei bëssen mei düster / groo gehaalen Geijenden passt.

Dann ziteiren ech nach mei Kolleg de Claude Lee Noesen, deen de Film zesummen mat mer kucken gangen ass: "et war och gudd dass et mei wei nemmen e Puer Personnagen gi sin, iwwert dei een mei leiert am Film, also hiere Character an sou kennt gudd eraus". Do muss ech him wierklech zoustemmen, et sin wierklech vill Haaptcharacteren (ok, dovun sin der 2 NACH MEI Haaptcharacter wei dei aaner (;  ), an et ass lo net sou dass een "einfa nemmen do ass". Se hun wierklech alleguer hieren eejenen Character, deen och klooer rauskennt.

Alles an allem e ganz Gudde Film, deen seng 8.1 op der IMDB wierklech zurecht dreit!



Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen