Freitag, 8. Oktober 2010

Luca's private Blog post

Abee, vu dass sech fier den "You Blog Day" einfach mol 10 Leit gemellt haaten, an nemmen 1!!! mer eppes geschriwwen huet, gëtt deen dann och belount andeems ech him e ganzen Post widmen. Hei presenteiren ech also dem Luca Metti Heng Mathias sein Artikel zum Thema "Alldaagsdrogen", vill Spass, an Metti, geneiss dei Moment ;D 


"Meng Alldaagsdrog as un sech d’Musek am Allgemengen, well ech keinnt mer wieklech en Liewen ouni Musek deifinitif net virstellen an ech mengen, do sin ech net deen eenzegen!  =P Wat geif ech sos owes maan fir anzepennen? Oder am Bus? Oder am English? ... Et keinnt een dausend Saachen opzielen wou Musek eisen Alldaag begleed, an elo wou ech grad driwer nodenken fannen ech dat zimlech impressionant.
Ech perseinlech hun natierlech eng Lieblingsband dei ech dei meeschten Zeit lauschtren an zu deier ech mech wieklech hingezun fillen. Also all dei dei mech gutt kennen wessen elo schon wei eng Band dat as, dofir brauch ech net laang ronderem den Brei ze schwetzen ^^  : RAMMSTEIN! Eng kontrovers deitsch Rock Band dei et seit 1994 gett an dei ech schon ongefeier 6 Joer intensiv lauschtren an och nach laang lauschtren wärt. Fw as eng Band (!) meng Alldaagsdrog? Ganz einfach: ech kann mech an enger gewessener Hinsicht mat R+ identifizeiren, sie monteren mech op wann ech den miesen hun, ech kann mat Hellef vun hirer Musek mein Frust ofbauen, ech kann einfach ofschalten, sie gin mer en gewessenen Halt am Liewen! Sou krass et klengt et as esou! Des Band huet an mengem Denken immens vill ausgeleist an faszineiert mech gleichzeiteg.
Dei 6 Memberen strahlen fir mech einfach eng immens Sympathie aus, dei mech direkt an hiren Bann gezun huet. Et as eng eenzegarteg Band, dei am Musekbusiness sengesgleichen sicht an eng Band, dei awer öfters net verstaanen gett an z.B. als riets-extrem oder sexistesch agestufft gett; wat kompletten Quatsch as. Rammstein soll een net ze eecht huelen, well genau dat wellen dei 6 och net. Zum Schluss nach e puer interessant/witzeg Zitater:


„Der Sexismus, der uns vorgeworfen wird, ist für uns eher ein in Schutz nehmen der Frau.“ (Till Lindemann/Sänger)


„Wir sind nur so Ostberliner Klopfköpfe.“ (Paul Landers/Gitarist)


„Entweder man hasst sie oder man liebt sie. Es gibt nichts dazwischen.“ (Bis das Herz brennt/Inoffizielle Rammstein Biografie) "








Luca Mathias (2010)




2 Kommentare:

  1. Ulmi ech wier och bereet dir fir desen Mount eppes klenges ze schreiwen. So mer just en Thema ;)

    AntwortenLöschen
  2. abee dat gëtt io dann mol gäil^^lo gett et regelmeisseg eppes vum Metti ze liesen :D

    AntwortenLöschen