Montag, 12. April 2010

Ulmi's World: Häppchen

Voilaaa!
Wei versprach mellen ech mech den Nowend mat engem neien Eintrag zereck an gin dann lo direkt mol op dei vill Frooen an. Ier ech daat maan schaafen dann nach dat Gerücht dass ech mech an de Vakanzen emmer an engem klenge Lach verkrauchen an fierun mech hin vegeteiren, sou dass ech neicht erliewen an soumat och nix posten kann, aus der Welt. Wow, lo hun ech et tatsächlech färdeg bruet matzen am Saatz en ganz neien Saatz dranzequetschen, och net schlecht. Also, fierwaat ech dei ganz Vakanz laang neicht gepost hun, huet en ganz einfachen Grond: Ech war an der Vakanz an haat keen Internetacces, schlemm daat...

...


...

Nee komm, voll veraarscht:P Ech sin dach en eierlechen Menschm et deet mer leed! Ech haat einfach, riitraus gesoot, absolut guuuuer keng Loscht an ierjendenger Form eppes ze maachen waat en Sënn an Zweck opbrenge keint. Dobei muss een sech lo fierstelle dass ech "keint" immens staark betount hun, sou dass den eigentlechen Sënn vum Wuert duerstellt dass ech alles vermidden hun ze maachen waat iwwerhaapt mat enger minimaler Warscheinlechkeet ierjendeen geringfügeg klengen Notzen hervierrufen keint. Sou, domat wier daat dann och geklärt..!

Kommen mer lo zu den Namensgeber vum Blog, den Häppchen. Häppchen ass eng nei Ennerrubrik bei "Ulmi's World", an dodran geet et eigentlech em neicht, well et keen fleissenden Text ass, mee einfach kleng Sätz, wei een se op eng kleng Fatz Pabeier schreiwe geiff. Et sin souzesooen "Random-Facts" dei ech sou matkritt hun. Also, let the show begin ;D

-Den Tice ass organiseiert wei wann en guer net organiseiert wier... Hi@ Ligne 3 dei op de BELVAL fueren soll an dann zack einfach en Emween komplett laanscht fiert, merci fier 20 Minuten duerch d'Keelt gooen...

-D'Proffen verzaapen relativ oft Saachen dei se selwer net verstinn an interpreteiren Saachen aus Bicher raus, dei den Autor selwer mol net fonnt huet. Dës 2 Phenomenen sin fierun allem bei Sproocheproffen unzefannen.

-Fierwaat gett emmer "Flëssegt Gas" gesoot? Entweder ass eppes flësseg ODER et ass evaporeiert, also Gaz, mee net dei Zwee gleichzeiteg... Daat huet eigenltech souvill Sënn wei wann een seet "Geff mer en hoart Steck Wasser"

-Am Cactus schaffen intressant Leit, dei engem wärend 5 Minuten erklären kënnen dass 75 mei grouss wei 90 ass, ouni dobei dei Wierder "Fënnefasiwenzeg" an "Nonzëg" an de Mond ze huelen.

-Ech muss fuerchtbar dringen pissen gooen ! oO

-Ech sin rem do ;D

-Wann een sehc 5 Minuten fierun de Zeemann zu Esch stellt, kommen ganz genee 583 Leit laanscht dei vun hieren Maneiren an Erscheinungsbilder genee an dat Profil passen, dass se, wann se an Däitschland liewen geingen, scho laang eng eejen Sendung bei RTL hätten.

-"Se si scho laang do" ( Zitat by F.S., Geschichtsproff), Recht huet de Mann!

-Bei de Lënsen huet een mei eng schwaach Stärkt wei bei de Brëlleglieser, wubei schwaach Stärkt och ganz geil als Wuertkombinatioun ass..!

-Op eBay ass den 31.3.2010 eng Auktioun zu Enn gaang, wou een fier 1€ den Teilchenbeschleuniger vum CERN kaafen konnt, well deen io lo souwisou keng Sau mei lo brauch.

-Et keint d'Meijlechkeet bestooen dass alles waat mer vum Universum kënnen, an domat och eis Erd, an engem schwaarzen Lach setzt, daat widderrem nëmmen en Brochdeel vun engem ganz aaneren Universum ass, daat dann och rem an engem schaarze Lach ass, dat widderrem nëmmen en Brochdeel vun engem ganz aaneren Universum ass, daat dann och rem an engem schaarze Lach ass, dat widderrem nëmmen en Brochdeel vun engem ganz aaneren Universum ass, daat dann och rem an engem schaarze Lach ass, dat widderrem nëmmen en Brochdeel... ech widderhuele mech ...

-Wann den Divi zevill Rosé intus huet, fängt en un d'Leit op eng intressant Art a Weis undzedanzen, an kritt schwul Alluren.

Sou, daat war et dann fier haut. ET war, wei ech fannen, mol eng gelongen Oofwiesslung an en gudden Start an d'Wiederoperstehung vu mengem Blog; ech hoffen et huet ierch gefall, an : Vote vote vote fier meng Emfroo ;D

Ps: Am Nächste Blog befaassen ech mech mam Däitsche Fernseh, an wärt fierun allem op dei Wonnerbar Chaine "RTL" agooen :D Maacht ierch op eppes gefaasst



Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen