Sonntag, 25. April 2010

LGE Lipdub 2010


LGE LIPDUB 2010


Wichteg: Dëst ass keen normalen Blog-Eintrag, wëll heeschen dass daat hei nëmmen fier dei Leit vu Bedeitung ass, dei beim LGE Lipdub 2010 matmache, also d'Primaner an d'Leit aus dem UK!

Lo wou daat geklärt ass, follëgt den eigetlechen Inhalt:
Hei all meijlech Informatiounen, wei an der e-Mail ugekënnegt!

- E Lipdub ass eng Filmsequenz bei där et drëms geet eng grouss Grupp vu Leit ze filmen. Dei Leit danzen an bewegen sech passend zur Musik an "sangen" mat. Well heeschen dass et eng Art Playback ass. Souweit klengt daat gazt nach einfach; den eigentlechen Schweierpunkt leit awer dodrop dass daat ganzt gefilmt gëtt OUNI d'Kamera och eng eenzeg Keier ze stoppen, sou dass et quasi an engem Duerchlaaf op Band ass. Speiderhin gëtt d'Lidd am Montage drënner gesaat.

- Daat ganzt Event fënnt den 07.05.2010 zu Esch an eiser Schoul (LGE) statt. Et wert, wann mer d'Erlaabnis kreien, wärend den Optiouns-Stonnen stattfannen. Ass dëst NET de Fall, fänken mer geint 14:15 un, dann missten dei meescht Leit sech um Treffpunkt afonnt hun, an d'Gebei eidel sin.

- Wärend dem Tournage gin mer vun enger zweeter Kamera begleet, dei eis "beim Filmen filmt". Mat deem Material gëtt en Making-Of zesummengestallt.

- De färdege Film gëtt op der Diplom-Iwwerreechung gewisen. Enplus kritt der eng DvD mam Film an mam Making-Of mat heem, als Erënnerung.

- De färdege Film gëtt ausserdem am Uelzechtkanal ausgestrahlt an kënnt och op den Internetsite vum UK. Eventuell publizeiren mer, genee wei eis Vierlaag, de Video och op Youtube.

- Wichteg fier den 07.05.2010 ass dass der vill gudd Laun matbrengt, den Text (bis op dee spueneschen Deel) kennt, an einfach all verreckt komesch an extravagant Accessoiren, Gadgets an Kostümer matbrengt, well et daat ass waat den Flair vun engem gudde Lipdub ausmecht.

- Waat nach gudd wier, wier wann der awer trotzdem den Refrain leiren geifft. Deen ass eischtens net schweier, an zweetens muss der en io net richteg ausschwetzen kënnen. (Playback). Weejn de Recht vum Text och leire wëll, dee kann daat gäre maachen, et wenkt en "Solo-Optrëtt" ;D


- Et versteet sech vum selwen dass nierft der gudder Stëmmung an dem Enthousiasmus trotzdem eng gewëssen Disziplin an en ziviliseiert Verhaalen wärend dem Tournage vun äerch verlaangt gëtt.

D'Organisatioun ass net einfach fier eis, doweinst musst der verstooen dass mer net op all Wonsch an Idee eenzel kënnen agooen. (Daat heescht iwwersaat: där musst ierch fier een Daag eppes vun 2 Deuxièmes-Schüler sooen loossen ;D )

Denkt w.e.g. un all dei Punkten, an berücksichtegt se, an mer werten zesummen en gäilen Lipdub op d'Been stellen (ÄRE Premières-Film ;) )

Änferten op weider Frooen kritt der op sven.ulmi@hotmail.com oder ben.hoscheit@hotmail.com . D'Frooen (falls se net ZE onwichteg sin) gin dann mat den Änferten zesummen hei drënner geschriwwen, fier dass och wierklech jiddereen iwwert alles am Klooren ass.





Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen