Freitag, 23. April 2010

UK Site Revolution

Howdy ;D
Wei der wësst sin ech am Uelzechtkanal net grad ontäteg, an sou iwwerrascht et net dass ech mol eng Keier eppes iwwert den UK schreiwen. Als eischt well ech ierch drop opmierksam maachen dass den UK Site KOMEPLETT fresch gemaach gin ass, an lo an engem eepeschen Design an Konzept erstrahlt. Den Link fannt der HEIIII, oder wei gewinnt do riets um Blog bei der Link-Sektioun! Kuckt aërch en un, en ass wierklech vill mei geil wei fierdrunner!

Lo zum zweeten Deel vu mengem UK-Blog Eintrag:

Dësen Deel widmen ech den Schüler vu Première dei dëst Jooer fier d'Lescht am UK wärten sin, an soumadd net mei Mount fier Mount op der Tele ze gesin wärte sin! Dofier widderhuelen ech dann daat waat ech haut och fierun der Kamera gesoot hun, an huelen nahch puer Saachen no, dei ech vergiess haat.
Et war eng richteg geil Zeit mat ierch, an ech mengen wierklech JIDDEREEN vun der Premiere. Am Ufank vu menger UK-Karriere haat ech perseinlech net wierklech vill Kontakt mat ierch, dei deemols nach 2iemes-Schüler waren. Mee wärend der Berlin Reess an fierun allem duerno, kruut ech no an no mei Kontakt mat ierch, an hun vill nei Kollegen gewonnen. Emsou mei cool war et dass met dann dëst Jooer zesummen konnten an den Optiounen schaffen an och mol deen een oder Aaneren Projet zesummen maachen konnten.
Et war schon eng cool Zeit; sierf et duerch dee Villen Blödsinn (Brumm-Stull © Laurence Zuang) oder duerch dei richteg gäil Projets bei deenen ech gehollef hun, oder gefroot gouff fier ze filmen. (Music N More, Shangai, LIPDUB!!). Apropro "ech gouff gefroot": Merci dass der mech bei sou villen Saachen em Hëllef froot, oder froot fier ze filmen, ech weess daat ze schätzen, an daat gett engem emmer sou en schein waarmt "yes, ech kann eppes" -Gefill, daat een op kee Fall wëll hiergin! Dozou muss ech nach sooen dass ech gären Hëllefen an och bei Projets matmachen, braucht mech just ze frooen (;
Wann ech zereckblecken, stellen ech fest dass ech wierklech mat baal jidderengem eppes gemaach hun. An op dëser Plaatz faalen dann rem puer "Mercien" vu menger Säit aus:

-Merci un de Claude fier dei gäil Zesummenaarbescht bei Music 'n More, an de Luef dee mer dofier kasseiert hun, daat war einfach AWESOME ;D
-Merci un d'Vania, d'Sté, d'Laurence, d'Laura an rem de Claude, fier dei 2 eepesch an mat Laachkriisen gefëllten Episoden vum "Date-Doktor".
-Merci un d'Tagea an d'Aldijana, dass se souvill Gedold mat mär bei der Moderatioun haaten
-Merci un dei, dei lo nach feelen, deenen ech hei an do mol gehollef hun, wann ech grad neicht ze dinn haat ;)

Waat d'Zukunft ubelaangt muss ech un dëser Plaatz awer nach eppes lassgin: Leit, der hudd et der 3ieme VERDAMMT schweier gemaach, en würdegen Ersatz fier Ierch duerzestellen! Ech zeien mäin Hutt! Also, an deem Sënn nach eng Keier:

MERCI fier daat gäilt UK-Jooer ;D




2 Kommentare:

  1. ooooh ;)
    lo mussen ma rem alleguer kraischen..haha:)
    merci daer och.
    MEEEE... t'joer ass nach net eriwwer. sou seier gess de ais net lass:D
    lo kent mol nach den LIPTUB:D
    An next fir de 1ieres film, wei ugekennegt , maer sinn do :P
    brumm-stull ;) definitiv! ;)

    AntwortenLöschen