Freitag, 23. April 2010

Movies: Kick-Ass

Uiuiiuiiiuiuiuiuiii, den Ulmi mellt sech neess mat "Movies" zereck, tiens tiens...
Majo, ech hun lo decideiert nemmen nach dei Filmer ze posten, dei et och wierklech verdingt hun, an eent kann ech lo scho sooen, deen hei Film huet et FUCKING krass vill verdingt!

Also, de Film ass ab 16, an en huet eng ganz witzeg Hannergeschicht: Keen wollt de Film finanzeiren, do missten d'Realisateuren daat selwer maan, aus dme Grond dass en vill ze vill onmoralesch ass, point de vue (POV hahaha...) kleng Kanner mat Waffen... Soit, de Film ass färdeg gin, an dofier kennt dann lo och meng Kritik ;D

De Film fängt relativ gäil un, net well einfach eng deck cool Action Szene geschitt, mee well einfach eppes TOTAL randomes geschitt, waat een lo wierklech net um Ufank erwaarde geiff !
D'Geschicht zielt vun engem Jong, deen total nerdy ass, an et net wierklech brengt; waat dozou feiert dass en wierklech alles probeiert fier ierjendwei bëssen beleift ze gin. Doropshin keeft en sech en Heldenanzug, mee gëtt trotzdem fuerchtbar zerklappt an enplus nach iwwerfuer ( xD). Mat ca. 27 gebrachenen Schanken, dei duerch Titan-Schanken ersaat gin, wouduerch den Tippchen natierlech onkapottbar gëtt ;) Waat dann follëgt ass net mei mat op dëser Welt existeirende Wierder ze beschreiwen!
Fier et kuerz ze maan: et follegt eng mat spezialeffekter zougebombten genial inszeneiert an a kengem Mooss manner wei 10000% iwwerdriwwen eepesch Filmsequenz vun ca. 20 Minuten, dei doropshin vun enger klenger "mer gin dem Zuschauer Chance sech ze berouegen"-Sequenz erweitert gëtt, no der et awer direkt mat enger NACH MEI mat spezialeffekter zougebombten genial inszeneierten an a kengem Mooss manner wei 10000% iwwerdriwwener eepescher Filmsequenz weidergeet; an daat konsequent bis zum Schluss!

Eepesch ass Kamerateschnech eigentlech de ganze Filmen, mee et gin 2 Saachen dei wierklech ganz staark rausstierchen! Engersäits kann een et sou sooen, dass ech an den eischten 40 Minuten, ca. 11 Orgasmen am Aae haat, well et do einfach 11 iwwerdriwwen krank gäil gemaachten Iwwergäng gin, dei menger Meenung no einfach nëmmen Oscar-Räif sin; dofier well ech lo HEIMAT bezwecken dass et ab 2011 en Oscar fier de beschten Iwwergang gëtt!
Deen zweeten Punkt sin d'Kampfzsenen, fierun allem dei an deenen geschoss gëtt. Sou eng genial Kamerafeirung, kombineiert mat engem Masterpiece vun Montage, maachen all eenzel Kampfszene zu engem richtegen Erliewnis fier Aae an Ouer, mee net fier de Mond, well deen bleiwt dauernd opstooen an dreschent dann aus D: !!

Mei kann ech eigentlech net sooen, ouni eppes ze spoileren, mee ech mengen daat geet duer. Vleit muss ech nach erwähnen dass ech mech grad wierklech krass bezähmen misst fier wärend dem schreiwen net einfach opzestooen an wei en Mëllen duerch d'Haus ze laafen an "bagaahuguibaaaahhh" ze blären; well ech bei all eenzel Erënnerung einfach sou en "most epic"-Gefill haat. Ech sin selten sou krass grinsend aus engem Film rausgaangen wei aus "KICK-ASS"

An lo kënnt daat, op daat ech ganz besonneg stolz sin; de Schlusssaatz. Fierun, wärend, an noo dem Film hu mer geschwaat dass einfach all Kritiker als Schlusssaatz "Kick-Ass, kicked Ass" schreiwt; an ech haat mer wierklech geschwuer daat NET ze maachen... Leider haat ech noom Film einfach keng Wierder mei fier et aanescht ze beschreiwen; mee keng Angscht, ech presenteiren lo voller Stolz MAI Schlusssatz:

"KICK-ASS IS ASS-SOME"




2 Kommentare:

  1. Wua tsa haut och kuken an ech hun einfa genau daat selwecht geduet mat den quotes vun kritiker à la "Kick-Ass is kick-ass"^^ dee film ass ee vun deene beschte filmer sait laangem. Daumen hoch!

    AntwortenLöschen
  2. za schleit wierklech an wei eng Bomm! O.O ech sooen nemmen imdb: 121

    AntwortenLöschen