Dienstag, 13. April 2010

#12: Nei Rubrik incoming!

Bäm!
Grad war ech umgaang mei Blog iwwert den däitschen Fernseh ze schreiwen, do sin ech op dei Idee komm, net nëmmen eng eenzeg keier eppes kritesch/witzeges ze schreiwen, mee dann vleit mol mei oft sou eppes ze maan, waat ech dann als Rubrik "Analysing" deefen wärt.
Am "Analysing" geet et dorems dass ech en Thema/en Objet/eng Kultur/Verhaalensweisen oder nach ganz aaner Saachen mei genau ennert d'Lupp huelen, an dann a menger eejener Maneier erklären wärt. Wei een sech also denken kann, ass dobei net emmer alles sou wei een et am Spiegel oder soss ierjendwelchen Zeitungen opfënnt, dei d'Proffen am leifsten bestueden geingen.
Bei mengen "Analysen", wann een se dann sou nennen kann, leen ech natierlech och Wert dorop dass se meng Meenung remspiegelen an selbsverständlech, wei daat hei um Blog sou Usus ass, en gewëssent potential un Humor enthaalen.

Ok, ehm, dee leschten Saatz huet mer lo eierlech gesoot bëssen Angscht gemaach, dee war io tatsächlech op Anhieb ouni Fehler getippt, an Sënn gett en suguer och nach xD

majo dann, moa / den Nowend speit kennt dann dei eischt Episod vun "Analysis" raus :D



Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen