Dienstag, 24. Dezember 2013

Luca's Corner: Chrëschtlech Feierdeeg

Ech wënschen jidderengem schéi Feierdeeg, waat a wéi och ëmmer der feiert! De Luca huet sëch d'Méih gemaach eisen "Chrëschtdaag" mol méi genau ënnert d'Lupp ze huelen; vill Spass bei der neister Episod vun "Luca's Corner!"
“Chrëschtlech” Feierdeeg: reliéis oder awer éischter mënschlech?

Säit deem d‘Dréier-Koalitioun zu Lëtzebuerg un der Muecht ass, gouf jo schonn iwwert d’Trennung vu Kierch a Staat wéi och iwwert den Wäerteunterrecht geschwat. Dobäi hunn ech mer mol heiansdo d’Diskussiounen vun den Leit op den Säiten vun RTL oder Eldoradio duerchgelies an do ass mer opgefall, datt wierklech vill (primitiv) Leit mengen, “Chrëschtdag” géif einfach radikal den Chrëschten gehéieren an wann d’Kierch dann enges Daags (hoffen mer mol dat Bescht) géif onofhängeg vum Staat ginn, missten dann och déi “chrëschtlech” Feierdeeg fir alleguerten Net-Chrëschten gestrach ginn. An fir dat “Argument” mol komplett ze destabiliséieren, wollt ech iech dësen Artikel, deen um Facebook op der Säit vun AHA publizéiert gouf, net virenthalen:

„Chrëschtdag ass eng Zäit, wou regelméisseg Vertrieder vun der kathoulescher Kierch drop hiweisen, dass jo d’Gebuert vum Jesuskëndchen d’Quell vun eiser Zivilisatioun géing duerstellen, a wou genau aus deem Grond eng Zäit fir Besënnung misst sinn. Et gëtt sech och doriwwer beklot, dass an eiser Welt, déi anscheinend „szientistesch-atheistesch“ wier, de Mënsch ëmmer méi an den Abseits géing geroden, an dofir misst grad op Chrëschtdag rëm méi u Gott respektiv un een Këndchen geduecht ginn, dat ouni Sex soll entstane sinn.


Et ass scho kokass: de Mënsch geréit anscheinend duerch Wëssenschaft, Opklärung an Demokratie an den Abseits, a fir dat ze konteren, solle mer eis reliéisem Glawen un Net-Bewisenes an Net-Noweisbares widmen. Dovunner ofgesinn, dass schonn virun 150 Joer den Charles Darwin drop higewisen huet, dass souwuel de Mënsch wéi och seng ethesch Prinzipien eng evolutiounsbiologesch Basis hunn, sou klengt och de Rescht vun deem grad Erwähnten nawell zolitt onlogesch. Chrëschtdag ass historesch gesinn deen Dag, wou bei villen Vëlker d’“Wintersonnenwende“ gefeiert gouf, mee d’Chrëschtentum huet deen Dag einfach mat hiren Dogmen besat, a mécht zanter hier, wéi wann et dat erfonnt hätt, wéi iwwregens och bei aneren sou genannten "heedneschen" Fester (déi "Heeden" hunn un aner Gëtter gegleeft, net un deen "Richtegen" vun de Chrëschten). Des Weideren misst een dach mengen, dass wann ee wëllt verhënneren, dass de Mënsch an den Abseits geréit, een sech soll op de Mënsch konzentréieren, an net op imaginär Gëtter.


Sech op de Mënsch konzentréieren, genau dat maachen d’Humanisten. Si setzen sech an fir Opklärung, Toleranz an ethesch Wäerter, déi, wéi am Fall vun de Mënscherechter, de Rechter vun der Fra oder de Rechter vun Homosexuellen, oft géint deen verbatterte Widderstand vun de Reliounen am Allgemengen an vun der kathoulescher Kierch am Speziellen duerchgesat hu misse ginn, respektiv musse ginn. Eppes soll dofir kloer gesot ginn: Keen huet de Monopol op eist Wanterfest, dat den Numm „Chrëschtdag“ dréit. Schliisslech ass dat nëmmen ee Numm. Jidder net gleewege Mënsch dierf natierlech Chrëschtdag op seng Aart a Weis feieren, oder et eben si loossen. D’Allianz vun Humanisten, Atheisten an Agnostiker Lëtzebuerg gesäit op alle Fall deen Dag z.B. als eng Méiglechkeet, de Wanter ze feieren, deen mat sengen kuerzen Deeg a laangen Nuechten, mat senger Keelt an eventuell enger Schnéi-iwwerdeckter Natur eng ganz besonnesch Atmosphär schaaft. Ee freedegt Fest wou ee mat senger Famill zesummekënnt, di een mat Kaddoen begléckt, ee Fest, wat ee genéisst mat guddem Iessen an Drénken, mat flotter Musik - di een sech selwer eraussicht -, an mat allem wat soss nach dozou gehéiert! A bei all deem steet eben net ee Märchenkëndchen oder een imaginären Gott am Mëttelpunkt, mee eben grad den réel existéierenden Mënsch.“


Ech fir mäin Deel widmen den 24./25. Dezember an éischter Hisiicht menger Famill, mä awer definitiv och engem vun den wichtegsten Wëssenschaftler säit jeehier, an zwar dem Sir Isaac Newton. Nom julianeschen Kalenner ass den engleschen Physiker an Mathematiker nämlech um 25. Dezember 1642 gebuer ginn an ech sinn der Meenung, datt et wesentlech méi sënnvoll ass engem Mënsch (deen och wierklech existéiert huet) ze gedenken, deen mat sengen Entdeckungen eis Welt an allen Aspekter no fir bruecht huet. Dem Newton seng physikalesch Gesetzer sinn hautdesdaags aus der (moderner) Physik net méi ewech ze denken an esou e groussen Verdéngscht misst einfach geéiert ginn!
Mä datt iergendeen Naturwëssenschaftler (sief et den Newton oder Maxwell, Galilei oder Einstein, Bohr oder Schrödinger etc…, et ass wierklech Wurscht) et bis an d’Mëtt vun der Gesellschaft packt, ass den Ament (leider) nach en zimlech utopeschen Gedanken.
An dësem Sënn: Happy Newton Day!







Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen