Sonntag, 17. November 2013

Top 10: nerveg Persounen am Kino

An der zweeter Editioun vun "Top 10" présentéieren ech meng Lëscht mat Persounen déi een am Kino begéint, déi richteg schlëmm nerve kënnen. Als een deen oft an de Kino geht misst ech dofier aus enger recht grousser Auswahl vu nervege Charakteren wielen, a sin dobäi op dës 10 (fier mëch) nervegst Arten vu Leit komm. Falls lo ee vun äerch sëch ugesprach fillt biedem ech en drëm et mat Humor opzehuelen, ech selwer erwësche mëch och ab und zu mat enger nerveger Ugewunnescht; nëmmen well der Ierch mat engem aus dëser Lëscht identifizéiere kënnt, heescht daat net dass der e schreckleche Mënsch sidd! (naja, bei den Top 3 garantéieren ech net dass déi Aussoh nach wouer ass.) Hei ass also meng Lëscht vun den Top 10 nervgesten Persounen am Kino:

Nummer 10: den Onentscheeten

Ween huet et net: et ass ee perfekt an der Zäit, also net sou spéit drun dass et knapp gëtt fier den Ufank vum Film ze gesin, mee och net sou fréi dass een eiweg drop waarde muss dass de Salle opgeet, an dann huet een "den Onentscheeten" fierun sëch an der Schlaang. Dësen ass doduerch ze identifizéieren dass en déi ganzen Zäit an der Schlaang domat verbruet huet senger Begleedung en onwichtegt Detail aus dem Liewen ze erzielen, ouni sëch och nëmmen en Hauch vun engem Gedanken doriwwer ze maachen wéiee Film se iwwerhaapt solle kucke gooen. Dovun oofgesin dass ech et souwisou schon fragwürdeg fannen an de Kino ze gooen ouni eng geréngst Ahnung ze hun waat een eventuell kucke kéint gooen, geheit dës Persoun de ganzen (bis dohin) perfekten Zäitplang op d'Kopp. Réicht wann et säin Tour ass mierkt en dass en eng Päiff ass décideiert dann weiee Film e soll kucke gooen, an nervt nëmmen all d'Leit hannert him an der Schlaang, mee och de Caissier deen nët ganz nookënnt mat all de spontanen Meenungswiesselen vum Onentscheeten.

Nummer 9: de Stretcher

De Stretcher ass eng Persoun déi der héchstwarscheinlech nach net sou oft begéint hutt... ween awer eng Kéier mat mier an de Kino geet erhéischt seng Chancen dës Spezies ze gesin drastesch! Wéi der vläit wësst bleiwen ech ëmmer (ëmmer!) bis ganz zum Schluss vun engem Film, also bis all Numm an all Firma déi ierjendwéi eppes mam Film um Hutt haat eemol um Ecran stoung. De Stretcher ass déi Persoun déi daat och mëcht, ierjendwei. Nodeems de Film riwwer ass, an sou gudd wéi all Mënsch sëch hierwt fier aus dem Salle ze gooen, steet och de Stretcher op, mee hee verléisst de Salle net. Stattdessen bleiwt en einfach wärend de gesamten Credits stooen, an streckt sëch a mëcht Dehnübungen wéi wann e grad de New York City Marathon matgelaaf wier. Wärend sengem Konschtstéck verdeckt en, je no Dëhnübung, bis zu d'Halschent vum Bild, an hënnert mëch drun ze liesen. (gleewt et oder net, mee heiansdo si wierklech Skuril Bezeechnungen dobäi). Ech verstinn io dass en sëch eventuell eng Kéier strecke wëll, mee daat kann (nodeems een schon 2 Stonne suutz) dach roueg nach 3-5 Minuten woaden? Ech stinn io och net wärend dem Film op an dehne mëch nëmme well ech de Knéi wéi hun?!

Nummer 8: de Sténkert

De "Sténkert" léisst sëch an 3 Kategorien andeelen. Déi éischt beinhalt déi Leit déi effektiv einfach sténken, an ech mengen sou richteg sténken; se sténken souvill dass de Geroch an engem Emkreess vun 3-4 Plaatzen nach wouer ze huelen ass. Fierwaat déi nerven muss net weider erkläert gin... Gott sei Dank ass dës Spezies awer recht selten, am Verglach zur zweeter Kategorie.
Dëst sin neemlech déi Leit (an der Majoritéit Fraaen) déi sou onmoosseg vill Parfum benotzen dass engem den Otem an engem ähnlech groussem Emfeld weschbleiwt. Ech verstinn jo wann een gudd wëll richen, mee et kann een alles iwwerdriwwen! Dovun oofgesin këmmert sëch keen drëm wei ee richt (ausser am Fall 1 vum "Sténkert"), vu dass et e ganze Salle voller Mënschen ass, deen no enger halwer Stonn souwisou ganz "eegen" richt, fier et fäin auszedrécken.
Déi drëtt Variatioun ass ganz banal, awer grad sou nerveg, an huet suguer en eegene Numm: "de Fuerzer" - et gëtt näicht méi onagreables wéi e Fuerz am Kino deen fier ze frecken net fort geet, an engem sou eng ganz Szene verschäisse kann!

Nummer 7: den Élektron

Waat huet en Élekron mat Kino ze din? (ausser dass de ganze Salle ënner aanerem aus Élektrone besteht) Ganz einfach: en Élektron sëtzt sëch an engem Atom mat préférenz op eng Plaatz wou soss nach keen aaneren ass, heen ass also quasi e Gourmang a geet nëmmen bei en aaneren Élektron wann et wierklech muss sin. Genau daat Behuelen fënnt een och am Kino, an normalerweis ass et kee gréissere Problem... geet een awer den absolut allerneisten Hollywood-Mega-Blockbuster kucken deen wierklech all Mënsch MUSS gesin, da geet op dës Art a Weis bis zu engem Drëttel vun de Plaatzen einfach verluer! Op d'Froo ob se eventuell kéinten eng Plaatz réckelen kritt een da meeschtens eng granzeg Änfert, an ech gesin net wierklech a fierwaat (vierausgesaat ech zwéngen heen domat net sëch nierft eng Nummer 8 ze sëtzen zum Beispill). Et geet een an de Kino fier e Film ze kucken, do kann et engem dach absolut Wurscht sin wee nierft engem sëtzt, an 90% vun de Fäll ass de Film riwwer an et huet een net 1 Wuert mat der Persoun geschwaat, oder en iwwerhaapt ugekuckt. Den Élektron ass fierun allem dann nerveg wann de Salle kleng ass, an d'Ugestellten heen zwéngen mussen ze réckelen, waat meeschtens zu engem totale Chaos féiert.

Nummer 6: de Wichtegen

Komm mer gin et all direkt zou: mer hun schon eng Kéier den Handy wärend dem Film rausgeholl, obwuel mer fierum Film meeschtens drëms gebiede gin en aus ze maachen, sierft et fier eng Sms ze liesen, oder d'Auerzeit gewuer ze gin. "De Wichtegen" hëllt den Handy awer op eng vill méi spektakulär Art a Weis raus, net sou wéi mier déi alles maachen fier dass och nëmme kee gestéiert gëtt. Et erkënnt een "de Wichtegen" normalerweis op eng Instant vun Sëtzplaatzen, an zwar dorun dass wärend dem Film e grousse wäisse Strahl daat gesamt Emfëld opschénge léisst, ongeféier all 2 Minuten. "De Wichtegen" huet neemlech dermoosse vill Kollegen déi him alleguerten fuerchtbar wichteg Saachen per Sms, Twitter, Facebook oder Mail matdeelen, op déi natierlech direkt geänfert musse gin, soss geet d'Welt ënner... nee wierklech, d'Welt géiff ënner gooen, sou wichteg ass et! A fier dass och wierklech all Mensch matkritt WEI VERDAMMT WICHTEG et ass, ass d'Bildschirmhellegkeet op volle Pulle, well hey, et liewt een nëmmen eemol! Leider ass "de Wichtegen" eng Spezies déi sëch a leschter Zäit, dank den 10'574 verschiddene Smartphones déi et gin, ëmmer méi verbreed an soumat zu engem heefegen Kino-Nooper gëtt; op Distanz ass en allerdings harmlos, mee emsou méi nervt en wann een direkt nierft em sëtzt.

Nummer 5: de Kinnéck Tuléit VI

Dës Persoun ass alles Aanescht wéi adleg, an och alles aanescht wéi zur Zäit do; en ass also "too late" wéi eis englesch Kollege géiffe sooen. Oft kënnt dënnt de "Kinnéck Tuléit VI" gutt 20-30 Minuten ze spéit an hun domat schon d'Introduktioun vum Film verpasst, waat ëm fréiher oder spéider (je no Film) zum Verhängnis kéint gin. Zousätzlech zu sengem Retard wëll en awer och net egalwou sëtzen, an schummt sëch dann och net fier lauter Leit wärend dem Film ze belästegen, fier dass sie réckelen an him Plaatz maachen; gleichzeiteg gin domat nach ganz vill aaner Leit genervt, schliesslech gesin déi lo ierjendee Bëlles fierum Ecran hin an hier wanderen well en net dei ideal Plaatz fier säin adlege Puupes fënnt, amplaaz daat waat projezéiert gëtt. Ganz penibel gëtt en dann wann en d'Luut vum Handy umëcht fier ze kucken ob kee Fléck um Sëtz ass, an an deem Moment huet ee besser e Stoussgebiet lasszeschécken, well soss geet daat ganzt Gedeessems rëm vu vier un!

Nummer 4: de perpetuum mobile

E perpetuum mobile ass, dank Friktioun, en net réaliséierbart Konzept vun enger Maschinn déi net ophällt sëch ze bewegen ouni ierjendenge Awierkung vun enger Externer Kraaft an/oder Energiequell. Am Kino ass de "perpetuum mobile" eng Persoun déi wärend dem ganze Film ierjendwei a Bewegung ass, an domat eng nerveg Ooflenknung am Aaewénkel duerstellt. Ähnlech wéi "de Sténkert" kann een dësen an puer Kategorien opdeelen, déi allen 2 en Numm hun:
"den Onbequemen" ass een deen sëch wärend dem ganze Film net fier eng Sëtzpositioun entscheede kann, an soumat all 2-3 Minuten eng eenorm Ooflenkung duerstellt, sierft et well de ganze Stull wackelt, oder well sech vun enger total onbequemer (an ierjendwéi schmerzvoll un ze kuckend) Positioun an eng Aaner bewegt, oder éischter "verwandelt".
Dei aaner Variatioun ass "d'Froosspanz". Daat ass een deen sëch denkt "hey, ech hun nach näicht giess haut, ech mengen ech huelen eng grouss Nacho, e puer Kamellen, 2 Gedrénks an eng Glace als Dessert mat an de Salle". Well monoton Iessen awer ongesond a langweileg ass, gëtt wärend dem Film natierlech des öfteren Gewiesselt, waat nierft dem ganze Raschelen an "ppfftt" vun de Fläschen, zu enger Bewegungs-Kuliss féiert déi der vum "Onbequemen" Konkurrenz mëcht.

Nummer 3: de Fussballspiller

Zum "Fussballspiller" gëtt et net vill ze sooen, an trotzdem kritt en eng Plaatz um Podium! Waat de Fussballspiller mëcht? E sëtzt hannert der a rennt mam Fouss an de Stull... ANDAUERND. Oft sin d'Vertrieder vun dësem Charakter nach zimmlech jonk, an sou gin ech den Elteren d'Schold dass se hiert Kand gefällegst besser zille sollen! Dovun oofgesin verstinn ech nach ëmmer net fierwaat souvill Kanner am Kino sin, zumools well de Gros vun de Filmer déi ech kucke gin ab 12 oder suguer 16 Jooër fräigi sin. Iwwregens ass Widderstand zwecklos beim Fussballspiller - traut een sëch neemlech eppes zum Kand ze sooen, kritt ee vun en Elteren gemeckert dass een sech gefällegst ëm seng eeje Problemer këmmere soll. A vu dass ech an de Kino fier e Film ze kucken, an net fier eng 2-Stönneg Réck-"Massage" ze kréien, verdingt de "Fussballspiller" séng drëtt Plaatz!

Nummer 2: de Braddeler

Am léiffsten wéilt ech "de Braddeler" och op d'Plaatz nummer 1 setzen, mee ierjendwéi misst ech mech io awer entscheeden. Och hei kann een rëm an e puer Kategorien opdeelen, mee vu dass se alleguer genee daat selwescht maachen, wert ech just kierz dei eenzel Variatiounen erwähnen. Als éischt hu mer hei dei Persoun déi de Film scho gesin huet an doduerch décidéiert bei verschiddenen Szenen mat ze schwetzen, oder (schlëmmer nach) vier ze schwetzen. Net nëmmen killt daat de coole Moment vum Film, mee et ass och nach absolut net cool, an éischter peinlech. Dozou gehéiert iwwregens och ze Laachen ier de Witz geschitt ass! Och heefeg gesin, oder éischter héieren ass déi Persoun déi de film permanent kommentéiere muss, a wann et nëmmen fier sëch selwer aus. Haart ausgeschwaaten Ausdréck wéi "oh mei Gott", "ween ass heen?", an "wei ass daat gaang?" wéilt ech meeschtens am léissten mat "kalméier dech", "wéi soll ech daat wëssen? ech si grad su wäit am Film weis du!" an "woart dach einfach 1 Minutt dann erkläert de Film der et, tschö" kommentéieren. Alles daat ass awer nach näicht zu der schlëmmster Sorte vun "Braddeler", nämlech d'Teenie-Grupp hannen an der leschter Reih, déi de Kinobesuch mat enger Diskussiounsronn verwiesselen a wärend dem ganze Film de Baak net zou kréien, an um Schluss näicht verstaan hun well se méi domat beschäftegt sin sëch géijensäiteg Witzer ze erzielen oder mat Popcorn op aaner Leit ze geheien, an sëch dobäi all Kéiers futti laachen, och bei der 57ter Kéier!

Nummer 1: de Bommeleeër
(Et ass awer och wierklech nerveg wann een e Film kuckt, a beemol flitt de ganze Salle an d'Luut, tschö!)

"De Bommeleeër" ass meng Nummer 1 vun den nervegsten Persounen am Kino, an seng Erkläerung ass e bësse méi Komplex, well hei gin et immens vill Variatiounen. De Begrëff kënnt dohier dass duerch dei eenzel Aktiounen vum "Bommeleeër" no an no den Nooper zu enger tickender Zeitbomm gëtt deem seng Nerven gläich räissen. En allgeméngt Motiv vum "Bommeleeër" ass einfach ze bestëmmen, et ass regelméissege Kaméidi. Ech erkläeren lo 3 verschidden Versiounen, doropshin kënnt der dann selwer am Kino rausfannen wéi eng et nach gin!
1- "D'Fraa mat der Posch" ass eng Variant déi ech genee sou leider vill ze oft nierft mer sëtzen hun. An zwar handelt et sëch heibäi em eng Fraa (oder e Mann, mee et ass meeschtens eng Fraa) déi an hierer Posch eng Tuut mat Kamellen huet. Wärend dem Film mëcht se da folgendes: Se mëcht d'Posch op, hëllt d'Tuut raus, mëcht d'Tuut op, hëllt eng eenzeg Kamell raus, mëcht d'Tuut rem sorgfälteg zou, stëcht se an d'Posch a mëcht uschléissend d'Posch rëm zou. Circa 2 Minuten drop widderhëllt sëch dee ganze Prozess fier déi nächst Kamell. Fierwaat dëst ultra-nerveg ass muss ech io lo wuel net groussarteg erkläeren.
2- "de Kranken" handelt no engem ähnleche Prinzip. All 2 bis 3 Minuten wielt en eng vu folgende Methoden aus: houschten, néitzen oder d'Nues botzen. Ab und zu, fier e bëssen Oofwiesslung ranzebréngen gëtt en eng Kombinatioun vun 2 oder suguer allen 3 Methoden zum Beschten. Ganz éierlech: wann der sou dermoossen erkaalt sidd, a ganz genau wësst dass der andauernd Téin vun äerch gidd, da bleiwt einfach doheem e gidd de Film kucken wann der rem gesond sidd.
3- "dee mam Eemer" ass och an sou zimmlech all Kino-Scéance ze fannen. Et ass ganz einfach eng Persoun dei haaptsächlech an de Kino geet fier Popcorn ziessen, an de Film ass just eng flott Nierwesaach. Oft steigert "dee mam Eemer" sëch dermoossen dran dass en alles rondrem sëch vergësst, an soumat och an der absolut rouegster Szene vum ganze Film riit mat der Hand an den Eemer Popcorn facht, fier dann 10 Stécker gläichzäiteg an de Mond ze stierchen an domat déi ganz Stëmmung vun der Szene ruinéiert.
Daat waat "de Bommeleeër" op déi éischt Plaatz 1 setzt, an en domat zur nervegster Persoun am Kino mëcht, ass de Fakt dass een normalerweis méi wéi 1 dovun am Salle huet, an soumat eng eenorm nerveg Geräischkulisse huet déi ee beim beschte Wëllen net ignoréiert kritt. En aanert Beispill ass déi Fraa déi de leschte Kéier nierft mer suutz: sie haat eng Liedersposch um Schouss an huet dës geheemelt. Doduerch ass e ganz liicht Geräisch entstaan, daat mëch zum Wahnsinn gedriwwen huet - am léiwsten hätt ech hier posch geholl an se no vier geheit!


Sou, daat waren meng Top 10 nervegst Persounen am Kino, ech hoffen ech si kengem ze noo getrueden an der hat äere Spass beim Liesen! Falls ech äerer Meenung nach eng wichteg Spezies vergiess hun, kënnt der daat roueg an de Kommentarer (hei oder op de Facebook) erwähnen, ech wert daat dann am nächsten "Wuert zum Sonnden" zum Beschte gin ;) Déi nächst Editioun vun "Top 10" ass fieraussiichtlech fier den 2.1.2014 geplangt, et kann awer sin dass ech am Dezember nach Episode veröffentlechen déi näicht mat Film ze dinn huet!

bis dohin,
stay tuned.



1 Kommentar:

  1. Sief en Électron an alles as gudd ;) Isoleier dech mat 2-3 Kolleegen vum Sall ;) Ouni dei "Jerk" Roll anzehuelen onverstänneg ze sinn wat d'Reckelen ugeet wenn iwwerhaapt keng Plaatz ass ;)

    AntwortenLöschen