Dienstag, 5. November 2013

Bitstrips... Bitstrips everywhere!

Waat der Däiwel ass lass, hun ech eppes verpasst? Wou kommen déi hier, ween huet domat ugefaang, a fierwaat sin déi do?! Fier déi wou net wëssen em waat et geet: ëm de neiste Facebook-Trend mam Numm "Bitstrips". Dëst si kleng Biller déi ee mat Hëllef vun enger Online-Software generéiere ka loossen, fier se uschléissend op Facebook ze deelen an (haaptsächlech) deenen aanerer Leit hier Startsäit voll ze spammen! Hei meng Kreatioun déi zu mengen Frooen déi ech gestallt hun passe soll:
Ech hun absolut keng Ahnung wou se hierkommen a wéi laang et deen Trend scho gëtt, mee op menger Startsäit fannen ech dës Biller säit genee 2 Deeg, an amfong gesin ech quasi NËMMEN nach sou Biller... e richtegt Gesiit op Facebook ze gesin war io souwisou dank all den Iessens-Snapshots an de Möchtegern-Kreativ-Fotographen-Biller (déi an 90% vun de Fäll einfach nëmme schlecht sin) schon eng Seltenheet. Well d'Biller awer ierjendwei witzeg ausgesin an ech mech gefroot hun wei daat geet dass d'Characteren oft zimmlech sou ausgesin wéi déi Persoun déi d'Bild gepost huet, hun ech mer geduet "hey, ech posten io lo souwisou eppes doriwwer, da kann ech io als Gag och sou e Bild maachen, daat geet io schnell"... FALSCH!

Ech hun io lo net wierklech grad baal eng hallew Stonn domat verbruet mäi Character sou ausgesin ze lossen wéi ech? (leider dach...) Emsou méi fannen ech et eng Frechheet dass ee keen normalt Hierm auswiele kann - als Alldaag-Hiermträger hun ech mech benoodeelegt gefillt, tschö! Enplus war de Choix bei de Bäert zimmlech mickreg, sou dass ech op eng Noutléisung misst ëmklammen. Dobäi hun ech mech gefroot fierwaat et nëmmen 10 Bäert gin, wärend et ca. 30'000 verschidden Boomen-Ploweren gin. Bon, nodeems ech endlech fäerdeg war "mëch" ze maachen, hun ech dann daat Bild fonnt waat ech wollt (daat uewen do).

Ierjendwei ass et mega random an ierjendwei ass et awer och net daat schlëmmsten waat bis elo op Facebook sou lass war. Trotzdem wëll ech gäeren Änferten op folgend Frooën:

1. Wou kënnt et hier?
2. Ween huet domat ugefaang?
3. FIERWAAT?!
4. Weini ass meng Startsäit rem normal? :(

Zu gudder Lescht dann hei nach e "Bitstrip" bei deem ech einfach net widderstooe konnt; och wann et net grad der Realitéit entsprëcht, mee wa schon eppes mat Kino do ass, da muss ech daat io baal huelen!
bis dohin,
stay tuned.





5 Kommentare:

  1. gooott merci!
    waat maan di Biller do??? di sin weder witzeg nach estäthesch, an och net informativ etc. sin frou wann deen trend och mol schnell ferdeg ass...

    AntwortenLöschen
  2. ganz schlemm nerveg! witzeg fier 1 ze gesin, mee wann pro daag 4563728495622783 posten sin (natielech oft dei nemlecht vun enger anerer persoun) nerveg!

    AntwortenLöschen
  3. Gott sai Dank kann een dei Dommheeten blockeieren :D

    http://www.hypable.com/2013/10/25/stop-hide-block-bitstrip-on-facebook/

    AntwortenLöschen