Donnerstag, 21. November 2013

Luca's Corner: De Sënn vum Liewen

Et ass rem héisch Zäit gin dass "Luca's Corner" eppes zum Beschte gëtt! Wéi gewinnt huet de Luca en héisch intressanten Artikel verfaasst, an dës Kéier huet en sëch mat DER Froo iwwerhaapt beschäftegt, d'Froo noom Sënn vum Liewen!

De Sënn vum Liewen

Dës Kéier maachen ech e klengen philosopheschen Exkurs an ech kann mer gutt virstellen datt net all Mënsch meng Meenung vertrëtt. Trotzdem vill Spasss beim Liesen an Nodenken!
Wann den Sënn eppes sollt sinn, wat eis vun enger méi héijer Muecht bäibruecht ka ginn, dann ass déi sënnlosesten virstellbar Existenz déi vun Gott. Hien huet deen Ament keng méi héich Muecht, déi him en Sënn kéint ginn. Et ass deen nämlechten Problem wéi bei der Moral: et gëtt keng Moral, wann déi eben vun enger héijer Muecht op de Plang bruecht gouf. Moral a Sënn kann et nëmmen ginn, wann se unhand vun autonomen Entscheedungen zustan kommen. 
Dass den Universum „un sech“ sënnlos ass, ass d’Viraussetzung dofir, datt mir eisem Liewen e Sënn kënne ginn. Beispill: Mir sinn gezwongen ze otmen, z’iessen an ze drénken. Ginn eis déi Saachen direkt e Sënn am Liewen? Ass den Sënn vum Liewen ze otmen, z’iessen an ze drénken fir ze iwwerliewen (also net wéinst dem Genoss)? D’Fro nom Sënn vum Liewen gëtt oft falsch interpretéiert wéi och d’Fro no der Moral. Déi Haaptfro gëtt dann verständlech wann een se an 3 Froen opdeelt:
Wat ass d’Zil vun dengem Liewen?
Wat ass den Zweck vun denger physescher an psychescher Präsenz?
Wat ass eigentlech den Wäert vun dengem Liewen?
Wann iergend en aneren Mënsch déi 3 Froen fir dech beäntwert an och definéiert, bass du en Sklav. Et spillt keng Roll ween iwwert dech bestëmmt, wann’s du et net selwer bass huet däin Liewen kee Sënn. Du gëss zu enger Schachfigur, enger Maschinn, engem ferngesteierten Roboter.
Wonnerbar also, dass d’Natur eis theoretesch kee Sënn virgëtt. Dat ass d’Basis fir eisem Liewen e Sënn ze ginn – mir mussen et einfach selwer maachen! Et kann een sech vun aneren Leit dozou ureegen loossen, mä d’Entscheedung läit ëmmer bei engem selwer. An et ass och immens wichteg, datt net all Mënsch deen nämlechten Sënn a sengem Liewen gesäit.
Wann een als Zil huet Meteorolog ze ginn, firwat sollen dann all déi aner dat nämlecht Zil hunn? Dat wier natierlech kompletten Blödsinn! Ausserdem: et ass quasi onméiglech kee Sënn a sengem Liewen ze hunn. Wann een awer denkt, et hät een kee Sënn am Liewen, dann muss dach eng Motivatioun do sinn endlech erauszefannen, wéi een Sënn een sengem Liewen well ginn. Wann een dat net kann, ass een zimlech sécher depressiv. Déi ganz Logik besteet doranner, dem Mënsch op kee Fall e Sënn opzedrängen oder virzeginn, mä him ze hëllefen et selwer fir sech erauszefannen. D’Chrëschtentum ass keng Kur fir Sënnlosegkeet, mä en Moyen d’Liewen vun engem Mënsch sënnlos ze maachen.
Wann wierklech alles aus engem „gëttlechen Plang“ entstane si soll, dann ass net nëmmen den Universum sënnlos – dermadder kéint een gutt liewen – mä och dat eegent Liewen. Et degradéiert een sech selwer zu enger Schachfigur. Awer och deen Ament muss e bëssen Autonomie mat am Spill sinn: et muss een selwer entscheeden, säin Sënn ewechzegeheien. An och an déier Entscheedung, wann se fräiwelleg geholl gouf, stecht e Stéck eegenen Sënn. Ganz hoffnungslos ass et also ni!
Ech ginn dovunner aus, datt d’Majoritéit vun den Lëtzebuerger kathoulesch erzunn goufen, ech fir mäin Deel och. Mä säit gutt 4 Joër (also souzesoen säit mengem Interesse un den Naturwëssenschaften) hunn ech mech vun allen spirituellen Virstellungen verabschid, an hunn mech dem Atheismus respektiv dem evolutionären Humanismus zougewannt.
(klick op d'Bild fier et am Detail ze kucken!)
Alleng nëmmen wann een sech e bëssi mat Astronomie ausernaner gesat huet, kritt een en enormen Respekt virun der Urgewalt vum Universum, an datt d’Mënschheet einfach en Fuerz am Universum ass deen probéiert sech selwer an seng Ëmgéigend ze verstoen. Datt d’Wëssenschaft momentan net op alles eng Äntwert weess ass kloer, mä ech fannen net dass een den Ament einfach en „spirituellen Masterplang“ unhuelen soll, éischter soll een säin Verstand an seng Intelligenz benotzen fir eng plausibel an rationell Erklärung opzesetzen.
Fir dës kleng perséinlech Iwwerleeung ofzeschléissen, hei nach en Zitat vun engem héich unerkannten amerikaneschen theoreteschen Physiker an Kosmolog:

“The amazing thing is that every atom in your body came from a star that exploded. And, the atoms in your left hand probably came from a different star than your right hand. It really is the most poetic thing I know about physics: You are all stardust. You couldn’t be here if stars hadn’t exploded, because the elements - the carbon, nitrogen, oxygen, iron, all the things that matter for evolution - weren’t created at the beginning of time. They were created in the nuclear furnaces of stars, and the only way they could get into your body is if those stars were kind enough to explode. So, forget Jesus. The stars died so that you could be here today.”
Lawrence M. Krauss, A Universe from Nothing: Why There Is Something Rather Than Nothing




2 Kommentare:

  1. - D’Chrëschtentum ass keng Kur fir Sënnlosegkeet, mä en Moyen d’Liewen vun engem Mënsch sënnlos ze maachen.-
    Do muss ech der leider widerspriechen: D'Reliounen hun sech eben grad aus haptsechleg 2 grondbedürfnisser fun den Menschen entweckelt. Dem Drang alles wellen ze erklären an dem Liewen en Senn ze gin.An dat klappt ganz gud!Et sin ganz fill Menschen di zefridden sin mat hierem Glawen an den gett hinen och eng mei oder weineg simpel Entfert op den Senn fum Liewen.
    änder

    AntwortenLöschen
    Antworten
    1. An enger gewëssener Hisiicht hues du natierlech Recht Änder, dat ass jo bal den Punkt wou ech ugedeit hunn, datt déi Leit wou wierklech fräiwëlleg sech engem Glawen zouwennen eben hiren Sënn doranner gesinn, an wéi's de gesot hues d'Wäerter vun hirer Relioun liewen.
      Mä ech fannen déi allgemeng Idee datt eist Liewen engem gëttlechen Plang ënnerläit immens absurd, an dat ass eben den sprangenden Punkt, datt eist Liewen den Ament dann souzesoen vun engem "Gott" bestëmmt gëtt, an deementspriechend sinn ech dann der Meenung, datt déi spirituell Virstellung den Wäert vun eisem Liewen degradéiert.

      Löschen