Samstag, 22. Januar 2011

Movies: Hereafter

Hereafter - by Clint Eastwood

Hei geet et bei d'Infopage an den Trailer

Hereafter ass e Film, deen sech mam Jenseits beschäftegt, also mat eppes waat weder bewissen, nach op 1 fixe Art a Weis vierstellbar ass. Wann een sech den Trailer ukuckt dann huet een, zumindest haat ech daat gefill, dass en an 2 Deeler opgedeelt ass; den "flüster flüster ech kann mam Dout kommunizeiren"-Deel, an den "römms habahwaba alles geet futti"-Deel. Deementspriechend haat ech eng ongefeier Vierstellung vun deem waat mech erwaarde geiff, dei sech herno awer als komplett falsch rausgestallt huet. Wei a fierwaat, erklären ech lo gleich nach laang a breet genuch.

Am Film gin eng Rëtsch Personnagen dei alleguer eng Verbingung mat Dout hun (sief et dass se em knapp entkomm sin, oder dass een aus der Famill gestuerwen ass, oder dass se mat den Doudegen kommunzeire kennen), dobei begleet, wei se mat der Situatioun emgin. Dobei mierkt ee gudd dass bei der Filmgestaltung a Realisatioun ganz vill wert op eng realiteitstrei Emsëtzung geluet gouff. Dei eenzel Handlungen an Aktiviteiten sin exact wei am richtegen Liewen, a wierken zu kengem Zeitpunkt mega iwwerdriwwen oder mat den Hooer erbei gezunn. Ganz staark ass och, dass Hereafter endlech mol rem e Film ass, deen Fakten weist, a keng onmeijlech extrem Zoufäll dei dann dei ganz Geschicht beaflossen. (hi @ 1 ganz bestëmmten Nool ennert 4'294'967'296 (2^32) ZOUFÄLLEG mol grad sou fannen). Mee net nëmmen d'Handlung, mee och d'Thema selwer ass menger Meenung no zimmlech gudd verwierklecht. 't ass amfong zimmlech kriddelech d'Liewen noom Dout ze verbildlechen, well et gëtt io mei wi eng Relioun, an sou och mei wi eng Vierstellung dovun; daat ass hei ganz gutt emgaangen gin andeems de Jenseits sou abstrakt wi emijlech duergestallt gouff, mee trotzdem huet een verstaanen wat et ass, an et konnt een sech drënner vierstellen waat ee wollt (ansufern een ent grad un Aliens dei d'Welt weschlaseren geduet huet).



Zur Action soon ech net vill, ween sou e Film kucke geet derf sech net vill Aktion erwaarden. Dei eenzej Szene dovun geseit een schon am Trailer, an daat war et och schon, wubei ech heibei bëssen ze bemängelen hun dass d'Waasser vun Tsunami extrem schlecht ass :s mer ass awer och bewosst dass dohannert net dem Emmerich seng Meeschteren stierchen.

Kommen zum mei Techneschen Deel: vun der Luut hier ass de Film relativ düster gehaalen, awer net düster am Sënn vun "oh mei gott lo keint all Moment eppes gescheien", mee eischter en friddlecht Düster, einfach sou bessen mei Donkel, keng knalleg faarwen, eben bessen mei triste, waat och zimmlech passend bei engem Film ass deen vum Afterlife handelt. Musikalech gesin geiff ech mech lo mol weit aus der Fenster lehnen, a sooen dass en ganz speziell ass. De Gros vun den Szenen sin ouni musikalech Ennerstëtzung, eenzej an allen entscheedend oder emotional Szenen sin mat e Puer nouten opgeaarbescht, waat awer weider net steiert, well de Film doduerch zum greissten Deel extrem roueg ass, an d'Musik wierklech gezielt zum Asaatz kënnt.

Sou, lo hun ech alles eenzel ennert d'Lupp geholl, lo mësche mer daat mol alles zesummen. Leider fällt mein (ech widderhuelen, MEIN) Urteel net grad sou positiv aus. De Film zeugt vun enger beträchtlecher Längt vun 2 Stonnen , dei a Kombinatioun mat der eenormer Rou ierjendwann den "hm keint su lues mol riwwer sin"-Effekt ausleisen. Ech si perseinlech och vun der Story e bëssen enttäuscht, well een einfach am Kino sëtzt an de Film kuckt, ouni mussen sei Gehier unzestrengen. Ech verlaangen io lo net vun all Film eng cerebral Meeschterleeschtung wei bei Inception hervierzeruffen, mee e bëssen misst een awer kenne grübelen, daat huet mer bessen gefeelt. Muss een awer nach dobei sooen, dass et e wierklech selten behandelt Thema ass, daat net grad einfach ze verschaffen ass, fierun allem wann een sech am Kader vun der Realiteit befanne wëll beim Drei.

Alles an allem ass et wierklech kee Schrott, mee leider och kee Meeschterwierk. Ech geiff, wei emmer, jidderengem rooden sech selwer eng Meenung dovun ze maachen, mee dës Keier nach mat der Notioun dass een net behaapten soll de Film wier mega scheiss, well daat ass en wierklech net, ass halt dei aaner Niche vun Kino, dei ouni Aktion. Dofier waren am Salle io och vill eeler Leit, dei eventuell d'Buch gelies hun, oder eppes vu Film verstinn. Et war io am fong en "Blockbuster" ansoufern gekuckt dass e vum Clint Eastwood ass, trotzdem waren weineg Jugendlecher do, well de gros halt mei op Action ooffiert. Mei Fazit: Technik: heische Niveau, Iwwerzeegung vum Film: mëttel.



3 Kommentare:

  1. Naaaaaaaaaaaaaaaaaaaaa XD

    AntwortenLöschen
  2. fir dei, di nach eng meenung vum film wellen, an sech dropshin iwwerleen op se e solle kuke goen oder net:
    ech perseinlech, hun de film ganz gudd font! dem sven seng kritik ass jo lo och net sou negativ, mee meng gef schon an de beraich vum ganz positiven falen. e rouegen, trauregen, scheinen film, wu en aus dem kino kennt, net op honnerttausend, well ebe keng action dran ass. mee calm, besse nodenkend iwert dat komplext a sws ondefineierbaart thema.

    e filmkritiker deen ech kennen, sot nom film (sven, du hues dat vergiess an dai blog ze schreiwen, du sos du gefs hen ziteiren ^^): "wi soll een e film maachen, iwert eppes wu kee mensch wees wat et ass" (den dout natirlech domat gemengt)
    ech fannen et grad intressant dass de clint eastwood sech domat beschäftegt huet, sech doru rugewoot huet, an ebe menger meenung no, och iwerzeegt huet ;)

    AntwortenLöschen
  3. Nodeems ech haut den Film endlech och gesinn hunn, kann ech deng Review nemmen ennersträichen.
    D'Story erschéngt och wierklech nemmen op den éischten Bléck komplex(wéinst den dräi parallelen Handlungssträng), ass am Prinzip awer wierklech zimlech liicht nozevollzéien.
    Dat mat der schlechter Astellung zum Film ass mer och oft widerfuer - vill Leit sichen am Kino wuel wierklech leider nemmen d'Action, amplaaz sech wierklech op esou een Film anzelossen an sech vun sengem dach éischter luesen Rhytmus matrappen ze loossen.
    Gudd dass dat mat den éischter marginalen CGI-Effekter net nemmen mir opgefall ass - an den Film ass fir den Special Effects(!)-Oscar nominéiert. Verkehrte Welt.

    AntwortenLöschen