Sonntag, 23. Januar 2011

Luca's Corner: D’Liewen verennert sech... op der 1e !

Wei der bestëmmt nach all an Erënnerung hudd schreiwt de Luca mer vun Zeit zu Zeit eng Klengegkeet fier e mei Blog, an huet sech domat quasi seng eejen Rubrik erschaaf. Hei ass sei neist Wierk.

No laanger Zeit hun ech mech mol erem motiveiert kritt fir dem Ulmi mol nees eppes Klenges fir sein aussergeweinlechen an interessanten Blog ze schreiwen. Des Keier diskuteiren an schreiwen ech iwert den Ennerscheed vun enger Premiere an enger Deuxieme am Lycée. Ech wärt haaptsechlech op den Ennerscheed vun der Attitude vum Schüler agoen, an alles wat ech lo demnächst behaapten wärt staamt aus mengen perseinlechen Erfahrungen an kann vun Persoun zu Persoun varieiren. ^^

Schon nemmen den Ursprong vun desem Thema huet direkt eppes domadder ze din. Op deem berühmt berüchtegten eischten Donneschten am Dezember 2010 haat io dat ganzt Land schoulfrai weinst dem Schnei. Ech schätzen dass iwer 85% vun den Schüler vun Freed an d’Luut gesprongen sin, mee leider konnt ech mech net wieklech driwer freen well ech haat deen Daag eng Physiksprüfung, fir dei ech schon zimlech vill geleiert haat an se endlech hannert mer wollt hun, an io dunn konnt ech se Samsdes vun 8 bis 10 noschreiwen goen. Mein Frustpegel war zu deem Zeitpunkt um absoluten Höhepunkt an dat schlemmsten war, dass alleguerten d’Schüler ausser d’Primaner sech schon op d’Vakanz gefreet hun an mir haaten nach 4 Prüfungen. Do gesin mer schon kloer den eischten Ennerscheed: den normalen Prüfungsrythmus as op 1e einfach net vorhanden.
Den zweeten Ennerscheed as deen, dass een op enger Premiere sech ob emol muss iwerleen wat een speiderhin am Liewen well maachen oder besser gesot wat een noom Lycée studeiren well goen. Op der 2e war mir dat richt eraus gesot einfach scheiss egal. Fir verschidden Leit as dei Decisioun net sou einfach well een an engem kuerzen Zeitraum vill wichteg Entscheedungen treffen muss: Op weieng Uni gin ech studeiren? Wat gin ech studeiren? Wat well ech speiderhin fir en Beruf ausüben? Etc...
Den dretten Ennerscheed as den mentalen Drock an den Stress deen een iwert dat ganzt Joer huet. Dei eng kämpfen fir iwerhaapt den Examen ze packen, dei aner fir eng gewessen Moyenne ze kreien fir op der Uni ugeholl ze gin; an et hellt een d’Prüfungen einfach vill mei serieux wei an deenen Joeren virdrun. All Punkt as wichteg an kann herno entscheedend sin. Op der 2e war et mir zimlech Wurscht, dass ech eng 17 an der Mathé 1 krut, mee elo wier dat fir mech einfach net akzeptabel.

Als Ofschloss vun deier klenger Diskussioun wollt ech sust mol erwähnen, dass ech mengerseits an der Summervakanz meng Passioun fir en ganzt bestemmtend Fach entdeckt hun an zwar d’Meteorologie. ^^ D’Uni war dorobs hin och seier fonnt, well en Kolleg mech gefrot huet ob ech mat him weillt op Zürich studeiren goen an io d’ETH konnt mech direkt iwerzeegen an huet och deen Studiengang ugebueden deen ech maachen wollt (Erdwessenchaften). Sou waren dei wichtegst Decisiounen innerhalb vun engem Mount geholl an elo brauch ech sust nach meng Moyenne fir op der Uni ugeholl ze gin an dann kann ech endlech dat leiren wat mech interesseiert an wat mer Spass mecht. ;)
Heimadder wenschen ech dann elo alleguerten den Premieresschüler nemmen dat Bescht fir dat 2. Semester an den Examen an hoffen dass sie dono och dat kennen maan wat sie wieklech wellen an nach bon courage, mir packen dat schon! =)


“Bildung ist das, was übrig bleibt – wenn man alles – was man in der Schule gelernt hat, vergisst” – Albert Einstein


"Die Schule soll stets danach trachten, daß der junge Mensch sie als harmonische Persönlichkeit verlasse, nicht als Spezialist." – Albert Einstein



Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen