Montag, 31. Januar 2011

Movies: Tron Legacy

Tron Legacy - by Joseph Konsinski

Trailer- an Infopage vum Film



Laang haate mer gewaart op dee Film. Schon an Summer sin dei eischt kleng Filmsequenzen rauskomm, an hun schon do vill versprach. No an no bis hin zum Jooresenn sin emmer mei Traileren an Szenen geleaked, an se hun direkt fier Diskussioune gesuergt. "Gëtt et en weideren langweilegn Actionfilm mat Laserguns pewpew?" "ohnee daat gin ech niemols kucken" an "oh mei gott wei EPIC gëtt daat w.e.g?" waren wuel dei heefegst Reaktiounen, meng perseinlech war dei Lescht, wubei ech se bëssen mei a Richtung "epic, einfach nemmen epic, daat gëtt sou schlëmm eepesch" geännert hun xD Des Review kënnt vleit bësse speit, mee lo huet mengen ech baal Mensch dee gesin, sou kann ech mech iwwer mei Kommentarer erfreen ;)



Also, wei een vleit schon gemierkt huet, fannen ech de Film zimmlech eepesch, trotzdem analyseiren ech daat ganzt lo objektiv, a fänken direkt mol mam Streitthema "3D" un. 3D Filmer hun erstaunlech oft dei extrem nerveg Tendenz an donklen Szenen einfach komplett "onsiichtbar" ze sin, wëll heeschen dass de Brëll d'Bild sou verdonkelt dass een neicht mei erkennt. Bei engem Bleck op Tron, ee Film deen baal komplett am schwaatzen gehaalen ass, gëtt engem daat natierlech ze denken... MEE, d'Maacher vun Tron waren sou gescheit, d'3D Versioun opzehellen, sou dass et mam 3D Brëll faarwlech gesin zimmlech no un den 2D Film rukennt, also eng extrem Positiv Erfahrung, bei der den 3D Effekt mol net gesteiert huet, mee eischter zur Epicness beigedrooen huet.

Zur Story: Et ass haut des Daags an sech io scho baal normal dass all Film deen op Massen zielt, sou ugeet dass ierjend e random Dude ierjendeen verschollend Familiemitglied no 30 Jooer rëmfënnt, an sech um Wee fier dohin onstierwlech verleift, an sech dann duerno Entscheede muss, fier ganz um Schluss dann awer dei 2 ze kreien. Wann een den Trailer kuckt, ass daat och bei Tron de Fall, waat et awer gott sei Dank net ass! (ech verooden lo net em waat et geet, Spoiler sind doof an sou...). Allgemeng kann ech awer behaapten dass d'Story lo net d'Haaptargument ass fier Tron kucken ze gooen, mee se ass awer och net schlecht verpaak! Eng Rëtsch Characteren dei all zimmlech authentesch gespillt gin, an bei hier Roll passen, kombineiert mat der eng oder aaanerer Oofzweigung vum straighten Roude Fuedem bidden soumat also en uerdentlechen Grondrëss fier e Gudde Film! Bis lo si mer reicht bei gudd, feelt nach bëssen eppes fier de Status "epic" ze besetzen ;).
A Richtung eepesch nähere mer eis awer lues a lues, zB doduerch dass d'Story net dauernd aus deem selweschten deemleche Schäiss besteet, mee d'Kampfszenen emmer aanescht Stattfannen, sierf et duerch kreativ Arenafights mat deem Disc, oder duerch dei extrem epic Motorieder pewpew laser awesome Fahrzeuge, dei einfach sou en Neid hervierruffen!




D'Schauspiller hun ech io lo grad schon ugeschwaat, an gin och net weider drop an, ech wëll endlech bei de gäilen Deel kommen :D, neemlech d'Welt selwer. An der Computer-Laser-Motorbike-whatever-epic-Welt ass wierklech un alles geduet gin! Detailler wei aus dem Billerbuch, an fierun allem eng genial Grafik. Et wierkt wierklech futuristech, an guer net sou meega schlëmm Computerspillmeisseg, quasi eis Erd a Form vun Pixxelen, ouni dobei komplett onmeijlech bzw iwwerdriwwen ze sin. Eleng dei ganz Distanzen dei se fueren, daat ganzt Bild vun der Welt, an dei eenorm Komplexiteit hu mech zum grübelen bruet op dei gudd Leit vun Tron sëch d'Mei gemaach hun, quasi eng Komplett Welt ze programmeiren an hieren Grafikprogrammer, an  net nëmmen eenzel Stecker, dei se emmer rem copy-pasten fier d'Kaart opzefëllen, sou kënnen d'Characteren sech frei bewegen, an fier den Ugekënnegten 2ten Deel besteet schon eng gudd Basis, dei a Saachen  Grafik wierklech nemmei vill Verbesserung brauch. Soit, op daat lo sou ass oder net, ech hun d'Welt, an allgemeng dei Ideen dei se do verwierklech hun einfach nemmen eeenorm eepesch fonnt, an war richteg faszineiert, wei een mat Schwaarz, an 3-4 Neonsfaarwen sou eppes geiles an "ech wëll och"-Aaen-hervierbrengendes kann bauen. EPIC. (fierun allem wann ee scho Lasertag spille war an dann drun denkt dass et do och su ausgeseit x).


An sech ass et schweier a wierder ze faassen waat ech beim kucken vun Tron erliewt hun, am beschten beschreiwt et wuel dass ech einfach "hin und weg" war, total begeeschtert vum Zesummespill vun Bild an Toun, gekoppelt mat nach nie do gewierchten Waffen an dem Fakt dass ech zimmlech vier an enger vun den eischte Reie suutz :D
Alles an allem en wierklech eepeschen Film, deen lo net dei HUMMERstory wei Inception oder sou besetzt, mee awer duerchaus mat villen aaneren Filmer mathaale kann, an souwisou këmmert een sech bei Tron net em d'Story, ech mengen ech keint einfach 2 Stonne laang nokucken wei se op deenen Motorieder fueren x) (ok ech mengen et ass trotzdem bëssne Subjektiv gin, mee egal, gidd een epic Film kucken, et ass derwert!) Fier mech ganz klooer de beschte Film deen ech dëst Jooer gesin hun!



4 Kommentare:

  1. random girl ... mmmh jo31. Januar 2011 um 18:58

    su wei et ausgeseit fenns de deen film epic ^^
    n am verglach zu *hust* aneren filmer ass en daat o oO
    nemmn go

    AntwortenLöschen
  2. random guy ... nee net deen!31. Januar 2011 um 19:51

    @random girl
    Sry wann ech der dain Numm kopéiert hun, mee e war su witzeg ;)

    Also da msus ech deen epic film wuel o nach kuke goen, am léifsten awer net am 3D, och wann et flait ganz schéin as^^

    AntwortenLöschen
  3. random girl ... mmmh jo31. Januar 2011 um 20:26

    @ random guy : io hei einfach mol den numm klauen ne :O
    ah jo mee am 3D ass en am beschten !!!! XD

    AntwortenLöschen
  4. Ginn en viraussichtlech den Freiden kucken, sinn mol gespaannt ob sech deen positiven Androck och bestätegt. Vum visuellen Aspekt hier schéngt den Film, zumindest wat ech bis elo an den Traileren gesinn hunn, wierklech beandrockend ze sinn! An den Jeff "The Dude" Bridges ass natierlech einfach nemmen Kult. Vläicht kommen ech virdrun nach dozou mer den Virgänger op Blu-Ray zu Gemüte ze führen.

    AntwortenLöschen