Mittwoch, 9. Juni 2010

Ulmi's World: vun allem bëssen.

Ass et net schein dobaussen? (ok lo grad net well et reent, mee dann eben all aaneren Moment ausser lo...). Hachja wei een daat Wierder einfach dozou brengt alles ze maachen waat een de ganze Wanter net mache konnt. Saachen wei zB einfach mol an kuerze Saachen rondremlaafen, owes um 11 na am tShirt setzen ouni ze freiren, sech an d'Schlaang vun der Uerwerkuererschwemm stellen, an d'Schwemm gooen, Cabrio fueren, einfach mol e Blog schreiwen deen nach net vill Sënn huet, an zu gudder Lescht, bei krasser hëtzt dobannen hocken an leiren whoopwhoop.

Naja egal, heiansdo mus daat och sin, dofier kann ech net ;). Wei den Titel et scho seet geet et haut mol eng keier e bëssen iwwert alles waat mer sou agefall ass, mee, an daat steet net am Titel, nëmmen positives ;D, et kann een quasi als eng Art Resumée vun mengem Mount Juni bis elo gesin. Lassgaang ass daatallerdings schon am Mai, den 30ten fier genee ze sin. Et war en Daag wei ëmmer am UK, jiddereen mecht seng Saachen färdeg, schnëppselt nach e bëssen, an geet gemiddlech heem; ausser ech x) Eigentlech haat ech mam Ben oofgemaach dass mer, mangels Zeit keng Movies 'n More dëse Mount maachen, an sou Prince of Persia faale loossen. Allerdings war ech sou vu mengem Trailer begeeschtert dass ech daat onbedingt weise wollt; sou ass mer kuerzerhand d'Idee komm, et halt eleng ze maachen, also d'Moderatioun, an daat ouni dem Ben eppes ze sooen. D'Resultat war dass ech am Akkord geschaaft hun, an vun wierklech keng Sekonn vergäud hun, sou war mein Daag dann gelaaf, an deem ech bis 7 Auer nach eng Reportage aus dem Näicht entstooe geloos hun. Bestaune kennt der dann dei Folg um UK, Meindes Dënnstes an Donneschtes um 6.8 an 10 Auer owes.

Weider ass et gaangen mat engem ganz intressanten Daag , dem Daag vun der Moderatioun, eng Aufgab dei ech mer zougeluet hun, an mech noom Tournage emmer rem frooen "fierwaat hun ech dat gemaach", mee awer sepitsdens 3 Deeg drop frou sin et gemaach ze hun. Fier dass den UK lo net d'Iwwerhand hëllt e klenge Resume: 3 Stonnen bei 27° an der Uerwerkuerer-Schwemm, ouni eppes ze drenken, an mat Gepäck daat zesummen 15 Kilo weit, rondremlaafen, an dobei ca. 2 Kilo Kierpermasse duerch schweessen verleiren x). Knapps 20 Minuten doheem, op de Bus gelaaf fier op de Screamingfields, wou e Backstage (motherfucking yeeah!) Pass op mech gewaard huet, fier och wärend der Show rondremwanderen ze kënnen an eepesch Biller ze dreinen, zB vum Gilles sengem Solo hannert dem Kapp, dem Kiko senger eeepescher 12 String Guitar, dem Funky Pit, oder dem Claudio (deen extra vum RAR roofkomm ass), wei en grad op der Battrie oofgeet. Leider hun se keen vun den sougenanntenen "Präiser" gewonnen, mee et steet fest dass se epic gudd waren (Y).

No deem, dach zimmlech ustrengenden Weekend, an deem ech iwwer 16 Stonnen fier den Uk ennerwee war, ass et lues a gemiddlech weidergaang, Sonndes schein ausgschloof, an Meindes war et endlech esou weit! LGE Lipdub 2010 Volume 2 bitch.! JA, mer hun dat frësch gemaach, an et einfach 127 mol besser gin, wei dei Keier fierdrun. Et war einfach eng Bommestëmmung: ca. 120 net mei grad niichtern Primaner, dei zesummen eng mega Party an der Schoul opfeiren, dobei gefilmt gin, an en eepeschen Video ermeijlechen, sin eigentlech Saachen dei net su ganz bei en een passen, fierun allem wann een nach "Disziplin an Koordinatioun" beifügt - mee sie hun et färdeg bruet! A froot net wei!! Leider gëtt et (nach?) keng Preview vum Lipdub, deen hu bis lo reicht 6 Leit gesin mueheheh. Dëse Meindeg war also, an dat net gelunn, awesomeness an Persoun, och wann e Wochendaag keng Persoun ass. Zur awesomeness hun awer och Saachen wei "ech si gudd opkomm an war guer net midd moien um 6", "et war eepescht Wierder" "LIPDUB HALLOO??" an "lol endlech mol rem eng WIN-Matheprüfung" beigedrooen ;).

Joa, an da si mer io och schon rem baal bei haut. Mee dotëscht war nach 1 Daag, neemlech geschter :D an do war alt rem eng eepesch Saach, de Mark Knopfler an der Rockhaal, en Event op dat ech mech säit Januar gefreet hun x). De "good old" Mark huet der ROCKhaal hieren Numm all Eier gemaach, an ma sengen Blues/Pop Rock an Twang Soli d'Leit zum staune bruet, an daat bei sengem Alter. Dat brengen verschidden "Muschikatzenpuppen" mol net mat hieren 20 färdeg ;D Ech mengen HALLO? wei geil ass et uewen un d'Guitar eng Cam ze maan, an daat de Leit dann iwwert en Ecran ze weisen? whooooop! :D that was kinda AWESOME!

An haut, hm, haut war an sech e mega normalen Daag mee daat leit dorun dass et 1. total an der Woch ass, an zweetens, dass bis lo alles souvoll mat "awe" iwwerfëllt war, dass sech daat fier de kommende Weekend rem opluede muss. (hö? waat ass dann de Weekend?) Ma ganz einfach: UK, Kino, Theater, Backstage. Waat ech an de Kino kucken ass mer Wurscht (hoffen awer et leeft eppes) well am Belval war ech lo wierklech scho laang nemmei, also kann et nemme geil gin. UK ass souwisou emmer gäil, obwuel en dës Keier vleit en Grimmelchen mei coo, gëtt wi soss..! An am Escher Theaterzelt leeft "Canterville Story", eng, menger Meenung no, gudd gelongen Opfeirung vum Cabaret aus eiser Schoul. An genee DO derf ech Backstage filmen an mat Blödsinn maan, well, an dat hun ech vergiess am Wocheresumée, am Cabaret, also bei der Crew, ass ierjendwei emmer ierjendeppes daat grad mega random geschitt an fier Lachkriisen suergt, oder hallt allgemeng gudd Stëmmung. Daat a Kombinatioun mat enger Kamera an dem wëssen dass ech schon erem en zwousch Backstage gooen derf, suergt einfach zu 100% dofier dass och dëse Weekend eepesch gëtt. An gleich geet och nach d'WM un, oh my god, the Juni gëtt einfach DE Mount! :D

Daat war et dann aus mengem awesome liewen, mee zum Schluss nach eng Froo dei mer haut an de Kapp komm ass, an ech misst wierklech laachen.

"Wou ass de Panther?"

Weess ierjendeen wei dei Geschicht do ausgaang ass? hahaha.



1 Kommentar:

  1. Cabaret gett krass kini! en plus kennste backstage, yahiiiiiii ( ech maan mech dann extra schön muhhehe )


    btw ps: panther leit bei mier doheem, si ass graat ennert der dusch.

    AntwortenLöschen