Dienstag, 29. Juni 2010

No it's not hot... it's SUPERHOT!

Waat hu mer scheint Wierder de Moment, fannt der net och? Et ass herrlech endlech mol eng keier zur Fenster raus kennen ze kucken ouni eng groo duerchnässten ''Landschaft'' ze gesin! Et fënnt een net eng eenzeg Wollek um Himmel, an d'Sonn hällt eis all schei Waarm.

An der Theorie io ganz praktesch an schein, mee mei wei kucken kann een net wierklech maachen, ausser et steet een drop no 5 Sekonnen total nass an verschweest ze sin ;D Vleit hudd der et de Weekend bemierkt, vleit och net, mee bei all klengster kierperlecher Ustrengung fänkt den ënneren Organesystem spontan domat un sämtlech iwwregbliwwen Réckstänn vun H2O auszestoussen, oder wei dei meecht leit sooen: et schweest een einfach iwwerdriwwen schlëmm.
Dofier lo hei meng Top 5 Tipps fier deem, besonnëg an der Schoulzeit, ze entgooen:

1. net iwwert d'Hëtzt jeimeren, da kënnt se engem nach vill mei Waarm vier, wei se ass. Kaal duschen sin extrem geil, grad selwer gemaach ;D

2. e klengen Handventilator hëlleft zwar, mee ween huet schon sou eppes? Vill mei einfach, an och mei Klassensall-tauglech ass et en Heft/Buch/Block ze huelen an sou ze leen dass en Horizontal vierum engem läit, mam Rand beim Bauch. Dann einfach den Deckel als Fächer benotzen, et wierkt wonner. Oppassen awer: kee Buch huelen wou den Deckel sou schweier ass dass een mei schweest fier en ze bewegen, wei dass een sech oofkillt!

3. sech als Tafelbotzer mellen, sou huet een praktesch all 30 -50 Minuten dei enorm Chance daat gudd killt Waasser aus dem Krunn op Hänn/Äerm/Gesiit ze iwwerdrooen. Enplus sin d'Hänn duerno angenehm NET-verschweest, wouduerch een sech krass gekillt fillt ;) Tipp: Kaalt Waasser iwwert d'Ooderen laafen loossen oder eng kaal Fläsch dobei haalen brengt et och, fier dei dei net d'Tafel oofmaan ;D

4. alles waat een normalerweis vun Kierperlecher ustrengung mecht, greisstendeels emgooen, oder wei ech, einfach gaaanz krass zereckschrauwen. Sou hun ech fierun enger Woch nach ca. 8 Sekonnen bis an d'Buedzëmmer gebraucht, metlerweil sin et der 20-25, well ech einfach SOU krass lues gin, dass ech mech mengen ech suguer wärend dem gooen rem erhuelen xD. Daat klengt domm, mee probeiert et aus, einfach alles am luesen maan, et ass extrem entspaanend! :D

5. einfach an den Duerchzoch sëtzen, an domat mei Picture of the Week (an daat schon Dënnstes!) noomaachen ;D Daat gëtt och no 20 Minuten net langweileg, an ass besser wei all Ventilator!


Alternativ kann een och bei extrem eepescher Musek total krass oofgooen an sech wei en mëllen een oofdanzen, an nierwenbei gudd killt Gedrenks raschëdden, daat Befriddegt op mannst grad sou gudd, mee et muss een en total iwwerhëtzten Kierper an kaaf huelen, genee sou wei eng Zëmmertemperatur dei ca. 5° an d'Luut geet, mee daat ass egal:D ech maan daat lo muahaha.



1 Kommentar:

  1. Just en Tipp, su krass et och klengt:
    WARM DUSCHEN! Gleeft mer, dat killt vill mei krass off, wall de Kierper sech NO der Dusch selwer ofkillt. Wann een dogeint kaal duscht, as dat dee Moment natirlech wonnerbar, mee no der Dusch erhetzt sech de Kierper wall e mengt et waer em kal ;)

    AntwortenLöschen