Dienstag, 1. Juni 2010

"You Blog Day" - Project

Taadaa, do ass se, meng nei Idee!
Naja okay, an sech ass et net ganz MENG Idee, mee ech beheimaten se hei um Blog, also ass et lo mol meng :P Nodeems dës grouss Possessiouns-Froo dann lo och mol geklärt gouff, leen ech lass.

ALSO, et geet drëm dass ech um Blog hei, als interaktiv Lieser-Specials, mei wei nëmmen Comments, Shoutbox an Emfrooen bidde wëll. Mee waat keint een do maachen? Spiller? nee vill ze vill Aarbescht. Musik? Mega fail well net jiddereen de selweschte Gout huet. Do bleiwt net vill vun de Medien. vun Musik, Biller, Videos fällt alles aus well et mega standart ass an en plus langweileg... Dofier kennt lo dei ultimativst jemols dogewierchten Idee dei et de Lieser ermeijlecht AKTIV um Blog deelzehuelen. Mol iwwerleen... Waat mecht een sou op engem Blog: Seng Ideen, Theorien, Gedanken an Wierker verbreeden an der Öffentlechkeet weisen. Mee an der Grondbasis ass daat alles io nëmmen daat selwescht. Neemlech schreiwen.
An dofier bidden ech erch lo d'Meijlechkeet un mer kleng Textercher ze schreiwen, +/- sou grouss wei dëse Post ass, dei ech mer dann duerchliesen an NET op Feeler verbesseren ;), an se duerno veröffentlechen. Vill Grenzen setzen ech fier deen Textabschnitt net wierklech, en sollt just vleit net voller Fehler sin, an fierun allem awer och en Inhalt!

Sou, deen heiten Saatz schreiwen ech lo just, fier dass den Post ongefeier dei Greisst kritt dei ären Text derf sin. Ajo, eppes hun ech nach ganz vergiess! Dei begrenzt Greisst kennt dohier dass ech net nemmen 1 sou en Text posten, mee ALLEGUER, an daat kënnen vleit suguer deeeck vill gin ;D

_________________________________________
(bis bei dei heiten Linn derf den Text grouss sin)

Den "You-Blog-Day" wärt all Mount um exakt selweschten Daag stattfannen. Deen Daag wert emmer den 27ten sin, waat en Zoufall! Ech widderhuelen heimat nach eng Keier dass der wierklech baal alles schreiwe kënnt, d'Sprooch as och egal, justw ann et op japanesch oder sou ass, wier eng Iwwersetzung dobäi net schlecht ;( .



5 Kommentare:

  1. I know I know guys, my ideas are awesome.

    AntwortenLöschen
  2. [heheh gutt idee herr ulmerich :P
    ech freen mech schon du werts vill vu mer heiren(vielleit net vill dat senn huet mee egal)
    wei komesch dass dei deeg emmer de 27 sin...wei kennt dat nemmen ehc soen schicksaal oder eng göttlech fügung :P
    vleit ass der opgefall dass ech a krocheten geschriwwen hun hahaha :P]

    AntwortenLöschen
  3. an du hues an de krocheten klammeren benotzt :O that's kinda kini.

    AntwortenLöschen
  4. ( klammeren sin mei kini. )

    AntwortenLöschen