Freitag, 18. Juni 2010

Pictures of the Week: Nr.2

Am zweeten Deel dann elo eng Photo, dei sau banal ausgeseit, mee sou eng ongleewbar Geschicht hannendrun stecht. Et war alt erem an der Physique, an zu deem waat geschitt ass, gëtt et nemmen eng logesch erklärung... "d'ass Physik!" xD.
Nodeems mer am Engleschen dei lescht hallew Stonn net mei wierklech sou produktiv waren, ass d'Spillerei lassgaang, an vue dass een mat normalen Schoulmaterial nemmen begrenzt Meijlechkeeten huet eppes unzestellen, ass de Klassiker entstaan: en Pabeiersfliijer. Perfekt gefaalt, huet en sech dunn op de Wee maache gelooss, geschoss vum Jhang, zur Fenster raus, mat enger gezielter Lenkskeier, mat enger uschleissender Descente. Sou, kleng tio mol ganz banal. Mee wei kleng ass wann ech glifft d'Chance dass deen sou eng Keier mecht, an dann BAUSSEN rem um Fensterbried leie bleiwt?


Et war wierklech eng fantastesch Szene. Ech war grad nach domat beschäftegt mein "iPHONE BITCH"-Video ze kucken, do ruffen se beemol alleguer "Sven, Sven, komm kucken, Picture of the day!", lo ouni Witz, an joa... do sin ech dohin gecharged ;D
Wei gesoot, su e Bild seet net vill aus, fierun allem well et mega banal ass, mee et gesäit een dass et baussen ass, an en plus muss een sech dei ganz Situatioun vierstellen, dann mierkt een wei geil daat an sech war xD
Herno, kuerz fierun 8 Auer, gëtt et dann daat drëtt an krassten Picture of the Week, prepare for some random shit!



Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen