Dienstag, 2. Februar 2010

Music: RAMM - STEIN !!

Mer schreiwen den 31.1.2010
Ganz Letzebuerg, oder zumindest d'Fans, hun vill ze laang op dësen Daag missen waarden.
Et ass den Daag, un deem d'Rockhaal a Flaamen wärt opgooen.
Et ass den Daag, un deem sech Jonk an Aal treffen, an zesummen oofgin
Et ass den Daag, un deem RAMMSTEIN kennt!

Jaja, sou oder sou ähnlech hun d'Gedanken vun de Fans, inklusive mer, wuel ausgesin dei mat vill Besonnenheit op d'Legenden gewaart hun. Laang hun se op sech waarde gelooss, den Till, Richard, Paul, Flake, Doom an den Olli, mee ech kann nemmen eppes sooen: et huet sech DEFINITIV gelount.

Joa, waat soll ech vun sou engem Concert zielen? Oder besser: Wou soll ech ufänken?
Fänken dann einfach mol ganz vier un:

Et ass donkel.
Et heiert een geräischer vun Apparaten, an et bleiwt donkel.
Beemol gett et hell op enger Plaatz.
Dei Plaatz gett mei grouss an et gett emmer mei hell!
Beemol erkennt een dass sech d'Bandmemberen duerch eng "Mauer" kämpfen den vun hannen iwwerdriwwe geil beliicht ass: D'Fans jubelen wei dei Verreckt an et denkt een sech nemmen nach: "AWESOME"
Rammstein kennt also op d'Bühn an fängt mam Rammlied un - waat scho mol en totalen Publikumsmagneit ass. Beemol kommen Mülltonnenarteg keshcten vum Plafong roof, dei sech als iwwerdimensional rieseg Scheinwerfer raustellen. An deem Moment war klooer: ok, daat do ka mer io eppes gin!
An sou war et dann och: daat nächst Lidd geet un, an daat nächst Riesegt Element gett op d'Bühn roofgelooss: D'Audience ass nemmi vun Euphorie ze haalen. An sou ass daat de ganzen Owend weidergaang. Lidd vier Lidd sin nei grouss an Spektatulär Elementer op d'Bühn komm, sief et Venitaltoren, oder 25 Poppen mat Laseraaen dei herno suguer nach Explodeiren, oder dei legendär Flammenwerferen, oder daat Laafband op dem den aaaaarmen Keyborder dei hallew Show iwwer misst trëppelen. En Highlight war awer secherlech och daat lidd Haifisch, bei deem daat Wuert "Crowdsurfing" eng ganz nei Bedeitung kritt huet. oder waars du schon eng keier op engem Concert wou een mat engem BOOT duerch d'Leit gedrooen gin ass? Oo

Hm.. eppes hun ech vergiess.. mee waat! ET brennt mer förmlech op der Zong, mee kommen net drop, ech geiff suguer meng Hand an d'Feier leen fier dorpzekommen... BINGO, FEUER!!!! Och wann ech skeptesch war wei tolerant d'Rockhaal mam Feier wärt sin, war ech dann zwar schon relativ Iwwerrascht wou 6 Meter heischt Flaamen aus dem Buedem komm sin, d'Flammenwerferen agesaat gouffen, ca. 100 Knallkierper verbraucht gouffen, AN wou eng Rakeit eemol ganz duerch de Sall geflunn ass. En Groussdeel vun den Effekter mam heissen Element huet sech wärend de Lidder FEUER FREI an SONNE oofgespillt, waat io och ierjendwei logesch ass! Dobei ass et deelweis sou waarm gin, dass een an der Mëtt vum Raum nach eng Hëtzewell oofkritt huet - einfach iwwerdriwwen EPIC!

Oofgeschloss gouff de Concert mam Lidd "Engel" wou den Till seng legendär 5 Meter-Flillecken ugedooen huet, dei uschleissend d'Luut sou geil Zreckgeheit hun dass een gemengt huet heen wier en Hellegen :D Ajo, natierlech hun och dei Gebrannt, an daat a Verbindung mat der Atmosphere huet den Owend zu engem Onvergiesslechen Ereignis gemaach, vun deem ech perseinlech nach gär mei wei 1 erliewen well, an ech nemmen jidderengem weiderempfehle kann! Och ween net de greissten Rammstein Fan ass, wärt seng Freed hun!



Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen