Sonntag, 7. Februar 2010

#9: Time?!

Oh meeerrde!
Ass haut net den 3ten Februar? Et war mer och schon bëssen komesch vierkomm, well geschter war och den 3ten, an viergeschter och, an viervier..! Jaja, sou ass daat, meng Auer ass den 3ten Februar um 05:14 stooen bliwwen, an ech hun bis haut nach emmer keng Battrie fier dra fonnt, waat eigentlech egal ass, well een eleng fier dei aal Battrie rauszehuelen Bac +15 muss hun.
Soite, ech hun eng laang Zäit neicht gepost, waat puer Grënn haat:

Grond 1 :

Kennt der daat wann een sech eppes vierhëllt, an et emmer an emmer rem mei an mei weit verschiebt? Genee sou ass et mer och mam Blog gaangen. Ech hu mer wierklech all Daag gesoot: "Sou, HAUT schreiwen ech rem eppes", mee um Enn vum Daag war ierjendwei nemmen nach ganz weineg Zeit iwwreg, sou dass sech daat ganzt dann bis zu dësem Moment verzun huet.

Grond 2 :

Schoul! Ja, och ech muss heiansdo leiren, an sou ass et eenzej an Eleng der Chimie an der Mathe 2 ze verdanken dass ech baal keng Zäit haat fier hei eppes ze posten. Daat heescht net dass ech da ganzen Daag leiren, mee eischter dass ech sou Saachen wei schloofen, iessen, Guitar spillen, Zocken an Duschen an menger To-Do-List relativ gutt vertrueden sin.

Mee keng Angscht, ab moa leeft daat Ganzt rem bëssen mei relax oof, an dann kënnt och schon eng Vakanz, an där ech mat relativer Sëcherheet, där hier prozentual Chance dass se antrëfft ongefeier sou heisch leit, wei d'Sëcherheet besteet dass den Helium keng Liaison mat engem aaneren Element mecht, all Daag eppes posten wärt! Wow, fier dee Saatz ze liesen brauch een schon en gewëssene Wert un Skill :P

Also, bis moa, oder suguer nach den Nowend, daat gesin ech...



Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen