Donnerstag, 24. Oktober 2013

Pokemon X & Y - en Nostalgietrip

Wärend déi Eng fierun e puer Wochen komplett ausgeflippt sin dass GTA V rauskomm ass, gouffen et och Leit déi daat zimmlech kaal gelooss huet. Als een deen nie GTA gespillt huet wou e kleng war gehéieren ech och dozou. Waat mech ganz aus dem Heissche bruet huet war dass fierun Knapp 2 Wochen dei nei Pokemon Editioune rauskomm sin… jo, Pokemon!

15Jooër ass et lo hier dass mer eifreg déi rout oder bloo Këscht opgerappt hun an erwaardungsvoll eis alleréischt Pokemon Editioun ugemaach hun - e sensationelle Moment un deen sech vill Leit wuel nach erënneren. Duerno koumen vill aaner Pokemon Spiller, nierft Giel, Gold, Sëlwer, Krystal, Rubin, Saphir, Smaragd, Heartgold, Soulsilver, Schwaarz a Wäiss gouffen et nach divers aaner Spiller wei zB Pokemon Stadium, Pokemon Snap an Pokemon Puzzle League. De Gros dovun war flott, mee fierun allem wann et em nei Monsteren geet hun ech fonnt dass se vu Generatioun zu Generatioun mé schiel ausgesin hun!
Soit… wann ech lo e Kolleg fräi zitéieren däerf dann si mer metlerweil aus deem Alter raus wou een sëch schummt Pokemon kaafen ze gooen - am Géijendeel: et geet een oppen domat ëm an et belästegt een suguer nach de Vendeur wann net daat do ass waat ee gäeren hätt. (merde ech schweifen oof) Waat ech eigentlech sooe wëll ass dass Pokemon X & Y zimmlech gäil sin! Menger Meenung no stëmmt an deem Spill einfach villes waat a leschter Zeit bësse falsch gemaach gouff!

Zwar verleeft d’Spill ëmmer nach noom selweschten (fragwürdegen) Prinzip, neemlech e klenge Jong an d’Welt rauszeschécken fier dass deen mat lauter Erwuessene Kämpf an eventuell suguer d’Welt rett, mee ierjendwei hun ech d’Gefill dass dës Editioun(en) eppes besonnëges sin. Wéi ech scho soot hun ech fonnt dass d’Pokemon bei Schwaarz a Wäiss deelweis EXTREM dmm ausgesin hun - daat ass hei net de Fall! Vun all deenen Neien sin der nëmme e Grapp dobäi déi koomesch ausgesin, all déi aaner hun eng agreabel Apparence. Dëst vermëscht fierun allem gudd mam Fakt dass ee permanent Pokemon aus den éischte Spiller begéint, eben just 3-dimensional! Vum Spill-Feeling hier fannen ech scho mol genial dass sou vill aal Pokemon optauchen, do fillt een sech locker 10-15 Jooër zréckversaat.
Ech verbréngen lo net nach 3 Abschnitter domat wéi cool ech déi nei Versioune fannen (an gleewt mer, ech kéint!) mee stattdessen wëll ech nach drop agooen wéi Pokemon ierjendwei Zeitlos bleiwt, an och sou “aal” Ochsen wéi mier et nach kënne spillen. Doduerch dass een mam Alter och d’Spillmechanik bësse méi genau ënnert d’Lupp hëllt, kann een d’Spill e gudd Stéck aanescht Spillen wéi fréier, wou een einfach nëmmen dei Coolst an d’Team gemaach huet an se mat Sonderbonbons ropgeboost huet. Dëst, kombinéiert mat der (zimmlech flotter) 3-D Grafik mëcht dass een sech net ze aal vierkënnt. Aaner cool Features sin d’Wifi Kämpf, waat mech (als een dee fréier nach mam Link-Kabel Kämpf gemaach huet) zimmlech begeeschtert, an déi divers aaner Saachen déi een am Spill maache kann, ausser d’Story an Pokemon fänken.
Ech hun d’Spill nach net duerch (also d’Story) mee bis elo sin ech riit duerch begeeschtert, wéi een och u mengen 44 Stonnen Spillzäit mierkt. Ech ka wierklech jidderengem dee fréier Pokemon gäer haat, dës Editiounen empfehlen; se wierken net sou domm an onnéideg wéi sou munche Viergänger, an géint e MEGA-Glurak kënnt jo wuel kaum en Argument un ;D

bis dohin,
stay tuned.




1 Kommentar:

  1. Absolut averstanen, just dass ech amfong all Generatioun gutt fonnt hun, bis op kleng Ënnerscheeder; bis op di lescht, also Schwaarz/Wäiss. Do waren der nëmmen ganz wéineg dobai di cool sin (Maxax=Awesome Shit), mee de gréissten Deel war wirklech zimlech Kack, suguer dStarter.

    Bei X/Y hun ech elo (no 2 Orden - 27 Stonne Spillzait) nach KEEN Monster gesin wu ech wirklech schlecht fannen, verschiddener sin halt e bëssen weird oder witzeg, mee di meescht sin nawell zimlech cool.

    AntwortenLöschen