Freitag, 19. November 2010

THE Day + Quick Preview

Ja genee, haut ass DEN Daag iwwerhaapt, zumindest den eischten dovun, well haut start hei am Land den eischten Deel vum neisten a leschten Harry Potter Film. Domat geet fier d'Leit aus dem Jooergang 91-93 eng Ära zu Enn, dei si quasi hier ganz Jugend begleet huet, net fier neicht zielen ech mech zur Harry Potter Generatioun! Och wann de Film bei eisen deitschen Noperen schon en Daag leeft, sin ech trotzdem grad sou frou dass mer en haut "ereicht" ze gesi kreien. Moa ass Samschden, an soumat kann een nach laang noom Film rausgooen an driwwer schwetzen, ouni den Daag drop an der Schoul futti ze gooen;) (Falls een do iwwerhaapt optaucht, hi@Alex :PP). Wi gesoot, haut ass den eischten vun 2 Deeg, well de Film io an 2 Deeler rauskennt, an, fierun allem, NET an 3D, thanks God!


Doraus leisst sech natierlech schleissen dass moa hechstwarscheinlech en Movies Blog iwwert den HP 7 rauskennt.
Mee och de Sonnden ass mat neiem Liesstoff ze rechnen. Wann alles glaatleeft steet moa den Nowend de Film "Schokola, Knätschgummi an brong Puppelcher" vum letzebuerger Realisateur Andy Bausch op mengem Programm. Also nach een intressanten Blog incoming;)

Soss weess ech grad net vill ze zielen op mengem Wee vum Esch op Suessen hei am Bus... Ech wollt einfa lo na engka erwähnen wi geil et ass mobile Blogging ze bedreiwen :P




2 Kommentare:

  1. wat heecht hei joergaang 91-93??? Also 89 wuel och :D wéi ech 10 war, war den harry potter och 10. also besser geet et net :D
    raoul

    AntwortenLöschen
  2. ok akzepteiert ;D vum mr HP selwer ^^

    AntwortenLöschen