Mittwoch, 24. November 2010

Fierwaat beamen praktech wier, Part 1

Alt erem, e Blog entstehend op der laanger Reess vun Esch op Suessem, mam Bus. Hannert eis, also dem Bobam a mier, setzt se Fränk, dee mech, wann en daat heite liest, bestemmt moa drop uschwetze wert, a mer soumat de Beweis liwwere wert dass en mei Blog liest.

Well mer sou iwweraus intelligent sin, haate mer lo grad alt erem eng philosophesch Diskussioun iwwert d'Zeit, oder eischter hier Verschwendung. Sou si mer op d'Froo komm, weivill Zeit vun eisem Liewen mer eleng am Schoulbus verbruet hun. D'Rechnung dei mer a Gedanken haaten war ganz einfach. Mer huelen eng zimmlech prezis Schätzung vun de Schouldeeg pro Jooer, multiplizeiren se mat 2, an dann nach mat der duerchschnettlecher Zeit dei de Bus bis heem brauch, also 20 Minuten. Dest Resultat hu mer duerch 60 gedeelt, an dann duerch 24, fier op eng Zuel ze kommen, dei e Wert vun 27 Deeg!! Huet.

Mer hun also schon e ganze Februar vun eisem Liewen am Bus verbruet! An der Zeit hätt een kennen ganz vill Stellen vun Pi leiren!

Ende vun Part 1







Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen