Donnerstag, 18. November 2010

Ech hun eng App dofier...

Wee kennt et net? All Mensch sicht verzweifelt no enger Leisung mee kee Mensch weess sech ze hëllefen. De gros vun de Leit ass den Treinen vun der Verzweiflung no, an sou lues gin hinnen d'Ideen aus. Komplett kaal gelooss vun der Panik erhierwt een seng Stëmm a seet voller Entschlossenheet: "Keng Angscht!" Doropshin gëttt et roueg a jiddereen ass gespaant. Erstaunt kucken se dass d'Hand sech Richtung Boxentäsch bewegt an en Handy zum Vierschein kennt. Dann ass de Moment do; et erhierwt een eng zweete Keier seng Stëmm a seet gekonnt "Ech hun eng App dofier!" an zwinkert dobei engem vun de Matmenschen zou, fier uschleissend als Held gefeiert ze gin!

Sou oder sou eenlech leeft daat oof. An an sech ass et och eng richteg Heldentat dei richteg App ze hun, well et gin der souvill dass et scho baal eng heroesch Aktioun ass iwwerhaapt eng ze fannen dei geet an enplus daat mecht waat se maache soll. Genee sou as et mer och mat enger Blog-App gaang!
Mee lo hun ech endlech eng fonnt mat der ech suguer Fotoen dobei maache kann, waat heeschr dass et an Zukunft rem mi oft, an eben deelweis och live vum Moment des Geschehens aus en Post wert gin, daat ass dach mol geil ;D.
A well ech ma gesoot hun ab lo(bzw seit 3 Meint) emmer eng Foto bei all Post ze maan, huelen ech lo ierjendeng Foto vu mengem Handy;D



mahaha it's a trap!




3 Kommentare: