Sonntag, 22. August 2010

Summer Movies


Jojo, am Summer si vill Fimer gelaaf, an ech geiff sooen ech hun di meescht dovun gesin, Twilight war ech express net kucken, deen zielt net ;) Mee vu dass et bessen vill Aarbescht wier vun all eenzelne Film en Blog ze schreiwen, maan ech et lo einfach kuerz a knapp ;)

Predators

En zimmlech strange Film. D'Story ass bis e gewëssene Punkt zimmlech mysteriös, an bis dohin ass en e ganz akzeptabele Film, mee ab deem gewëssene Punkt huet de Film fier mech all Respekt verluet well et nemmen nach zu brutalem Gemetzelt ausart an net mei wierklech originell ass. Menger Meenung no: 5.3/10


Splice

Gähn... muss ech lo wierklech eppes schreiwen? Booaa... Splice ass am Ufank ganz intressant (an zimmlech eekleg), mee no enger gerenger Zeit gëtt et emmer daat selwescht/vieraussiichtlech an et geschitt net wierklech eppes. Um Schluss geschitt dann alles bei en een, sou dass et mega scheiss wierkt well ZE vill Saachen gescheien bei en een, dei besser gewiercht wieren wann se iwwert de ganze Film opgedeelt gewiercht wieren... Mee fier dei intressant Idee vum Kräizen vun DNA, gëtt et +1 ;) -> 5.2/10


Karate Kid

En wieklech gudd gelongen Remake. D'Geschicht ass zwar ty
pesch Hollywood, mee trotzdem ass et genial ze gesin wei den Original u verschiddene Plaatzen verbessert gouff. Vill Szenen sin och wierklech faszineirend, landschaftlech oder halt vum kierperlech Meijlechen. Ech weess net waat ech schreiwen soll waat ech um Film su gudd fonnt hun, mee ech hun en einfach gudd fonnt. Fier mech ganz klooer 6.8/10


Inception

Fier mech ganz klooer, zesummen mat Kickass, de Film vum Jooer 2010! Eng genial Story, komplext Muster hannendrun, vill zwi oder tridäiteg Szenen, excellente Schluss deen engem vill Raum leisst ze diskuteiren an Theorien opzestellen, an eng gudd Rëtsch Insider, wei zB de Soundtrack a Kombinatioun mat enger gewës
sener Schauspillerin. 10/10, einfach e gäile Film.


Shrek Forever After

Shrek war bis lo emmer, an fierun allem am Ufank, eng zimmlech eepesch Kombinatioun vun kindlechem Witz an Erwuessenen Witzer, a Form vun Uspillungen un d'Realilteit (wi bei de Simpsons zB och). D'Story huet deemols na eng gewëssen Spannung gehaat, an d'Witzer waren greisstendeels iwwerraschend an och wierklech
witzeg. Mee bei deem heiten Deel, war daat kengeswegs de Fall. D'Witzer waren komplett vierauszegesin, d'Story ass vun de Personnagen erklärt gin, waat iwwerdriwwen onneideg ass, an de Film zimmlech langweileg mecht. Fier kleng Kanner ass de Film vleit ganz flott, mee als Film gesin dee fier Grouss a Kleng soll sin, nemmen 4.2/10.


Grown Ups

Et ass halt eng Komödie. Ech si kee wierklechen Fan vun sou Filmer, mee bon. Wann een sou wi mer, mat jidderengem aus dem Film een aus der eejener Clique verbannen kann, dann ass sou e Film wierklech witzeg ;) Trotzdem nemmen eng gudd gemengten 5/10.


Step Up 3D

Step Up... boff, ja et ass Step Up. Wann een weess dass et Step Up ass, da geet een dee Film io net kucken fier dei genialst Story ze gesin, mee einfa fier eng Story ze kucken deren Haaptelement d'Danzen ass, an dorems geet et io numol^^. Vun der Story oofgesin, iwwerzeecht de Film duerch den originellen Asaatz vum 3D Effekt bei den Dänz, wou se deelweis zu 20-30 am Bild sin. Mech huet den 3
D mol eng Keier net gesteiert. Trotzdem ass et emmer nach Step Up... -> 4.1/10


The Expendables

Uff, sooe mer sou: geiff de Film net vun all den professionellen an aalen Actionhelden gespillt gin, mee vun Newcomers, wier en zimmlech fail. Et ass eng zimmlech random Story, dei grav gesoot doraus besteet aus guer kengem Grond ze kämpfen an dobei dei awesomest Waffen ever ze benotzen. Filmesch ganz normal, d'Musik w
ar zimmlech geil, mee weid aat halt an all Actionfilm su ass... di lescht 30 Minuten sin am Kinosalle geschätzen 130 Dezibell ;D
5.4/10


The Killer Inside Me

En Insider Tipp! The Killer Inside Me ass en
dlech mol rem e Film fier nozedenken, deen net mat Hollywood Divas seng Renommée verbesseren well, an och net d'Zuschauer mat Tonnen Specialeffects verblenden well. Dëse Film ass nach e gudd Steck Handaarbescht, mat enger fein ausgeklügelter Story, dei fierun allem zum Schluss, emmer grad wann een sech denkt "ah lo ass et also riwwer...", nach eng keier alles opd'Kopp geheit an den Spectateur sou liit staune leisst. Enner Film-begeeschterten Leit e wierkechen Geheimtipp! 7.5/10


The A-Team

OUNI MR. T ???? Ja ok, ouni deen aalen Saak mat der Irokese. Trotzdem as de Film, fierun allem well et en Actionfilm ass, guer net mol su schlecht. D'Geschicht an dei eenzel Sträng dohannert sin äusserst Komplex, wann een vergläicht dass dei meescht Actionfilmer strikt noom Motto "töten, rennen, freuen" laafen. Vleit ass et och einfach nemmen dei extrem onrealiteit dei do am Film geschitt dei een dozou iwwerried de Film guer net mol souuu schlecht ze fannen. E ganz gelongen an och witzegen Actionfilm, mat enger fairer 5.9/10.


Toy Story 3

Jaaaaa Toy Story 3 war endlech do! di 2 eischt Deeler waren wierklech cool an d'Erwaardungen waren grouss dass den 3ten et och ass. Sooe mer sou... en ass ganz flott, eme e kënnt menger Meenung no net un den typeschen Toy-Story-Flair run, dei di 2 aaner matbrengen. Vum Spassfaktor läit en tescht dem eischten an dem Zweeten (deen menger Meenung no dee
Beschten ass vun deenen 3). Toy Story 3 ass e flotte Film fier mat puer Kollegen kucken ze gooen, an wou een gudden Gewëssens rausgeht. 7.1/10


Daat sin mol dei Filmer dei ech bis elo gesin hun dëse Summer; et kommen der bestëmmt nach no, ouni Zweifel^^




Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen