Samstag, 21. August 2010

And the story continues...

Oookayy, dann leen ech mol rem lass.
Deen een oder aaneren huet io anscheinend heiansdo de Wee hei op de Blog fonnt, an der Hoffnung eppes neies ze liesen; leider meechtens gekoppelt mat enger Enttäuschung, dofier lo aus eischter Hand: sorry! Ech hoffen der loost Erbaarmen op mech roof an liest dann ab haut rem regelmeisseg dei Saachen, dei ech als zesummenhängenden Text, oder och Blog, bezeechnen.

Dësen Post, dee quasi e Meilenstein no enger baal 2 meinteger Paus ass, hun ech an och der dem Claude Lee Noesen ze verdanken, deen mech haut ugeschwaat huet an soot "ey DUDE, lo schreiw gefällegst an dei Blog, soss beissen ech nach dei aaner Säit an den Apple-Aapel, an dann kuckste awer domm" oder sou eenlech... Op jiddefall huet hee mer lo grad, sou ca. fierun 15 Minuten, dat gin, waat ech gebraucht hun, neemlech eng Idee iwwert waat ech schreiwen. Dobei ass mer dann rem an de Kapp komm, dass och einfach a banal Saachen zimmlech cool kënne sin, an ech net emmer mat enger Hummerstory opdëschen muss.. Waat? ween de Claude Lee Noesen ass? Der kennt en ganz bestëmmt, et ass deen... moment, ok daat ass lo eng zimmlech geil Iwwerleitung zu der Story dei ech zielen ;D Let's go!

Aaaalso, geschter Owend war ech mam Claude um Wee fier an den Mrs. Sausages English Pub, wou en legendären Battle stattfonnt huet: Coopers Crew geint eis saufstaark Leit... mee daat ass Nierwensaach. Beemol kennt e Papp mat sengem Bouff, op eis zou an se weisen op de Claude, an frooen heen, op heen net deen aus dem Fernseh ass. Verlegen wei de Claude ass huet en natierlech mat engem bescheidenen "ja" geänfert, wubei ech nierwendru stoung an mer geduet hun "what the fuck? et kucken tatsächlech Leit Uelzechtkanal". No deem leiwen Geplauders tëscht eiser Diva an dem Papp, hun ech mer geduet "hm... heen huet de Claude bestëmmt nemmen erkannt, well en emmer sou gudd an Szene gesat gouff, an perfekt cadreiert an gefilmt gouff, vu mer", waat zu engem spontanen awer gekonnten "ech sin iwwrejens sei Kameramann!" mengersäits gefouert huet. Et ass also alt rem de Fall, dass ech en normalen Student, grous rausbruet huet. Et bedenkt een nemmen eleng sou grouss Succèen wei "Music 'n More", "Date Doctor 1", "Music 'n More", "Date Doctor 2" an "Music 'n More", fier der nemmen e Puer ze nennen ;D

D'Story war lo vleit net sou den SupermegaHummer, mee emmerhin hun ech eppes an de Blog geschriwwen, an wei schon e weise Kolleg vu mer eng Keier gesoot huet:

,,banal Saachen gudd verpakt, sin och schon rem komplex''

Deem wëll ech neicht mei hinzufügen, ausser dass ech nach eng Ukënnegung hun!
Ukënnegung:
Et werten an Zukunft net mei sou vill Emfrooen stattfannen. Daat ass genee wei mat enger Slap-bet. Et muss einfach en gäilt Thema sin, an net fier all Klengegkeet direkt eng nei!
Ween also eng Idee huet: Kommentar oder Shoutbox bitte ;D

P.s d'Qualiteit vum Blog wert sech erem steigeren, mee wei dat iwwerall sou no enger Paus ass, dauert et rem e Bëssen bis een rem voll dran ass^




Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen