Montag, 23. August 2010

Movie Preview: Skyline


Puer Leit wëssen et vleit, mee ech kucken regelmeisseg op apple.com all Traileren an kann sou schon gudd 5-6 Meint am Viraus wëssen waat ech kucke gin an waat net. Nodeems ech lo grad also all di Traileren gekuckt hun, ass deen hei deen wou mer am meeschten Spannung an Loscht op de Film bruet huet.

Wei een onschweier un deem scheine Bild erkennt heescht de Film Skyline, an en wierkt lo reng vum Trailer hier op mech wei en 2012 Versioun 2.0, allerdings kann ech mer vierstellen dass en trotzdem zimmlech geil gëtt.

Mee et ass io gewosst, dass den eischten Trailer vun engem Film emmer zimmlech awesome ass, egal em waat et am Film geet. (ok, wann et em Rosa Elefanten an Regenbögen geet vleit net, mee soss awer schon). Dofier verfollëgen ech dee Film, an seng Traileren, an probeiren dann schon ier ech de Fim kucke gin, an zimmlech genau Kritik oofzegin ;) Mee kuckt erch den Trailer trotzdem mol un, mech huet en zimmlech gefesselt. TRAILER TRAILER TRAILER (einfach uewen do op "Watch now" drecken.)
Et kann natierlech och ganz gudd sin dass de Film einfach nemme Schrott gëtt, wat ech awer net hoffen; et gi vill ze weineg GUDD "oh mei Gott wei mickreg d'Menschheet eigentlech ass"-Filmer, a wamm d'Aliens dann lo w.e.g. mol eng Keier gudd gemaach sin, versprecht daat wat een bis lo gesäit genee daat waat ech well :D





Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen