Dienstag, 24. August 2010

Some hot stuff

Voila, hei hun sech e puer kleng awer zimmlech cool Ännerungen bemierkbar gemaach, en plus nach eng kuerzfristeg Ukënnegung um Schluss vun dësem Post.

Dei eischt Ännerung, ass en neien Feature, deen een haut io sou zimmlech iwwerall fënnt (ja ok... ech sin e bëssen hannendran daat elo reicht dobei ze maan..), neemlech dei schei groo Kescht do ennert all Post mat där een den Artikel, an domat dësen iwwerdriwwen coolen Blog, op Facebook, Flickr, Twitter, etc, sharen kann; oder kuerz: mer e Gefaalen maan ;D

Dei zweet Ännerung, dei och e Feature ass, sin dei Ukräizdenger do ënnert all Post. Et ass eng flott Spillerei dei sech mengen ech vum selwen erklärt. Wee loscht huet kann io all meng Beiträg dei ech bis lo gemaach hun, vun Ufank un bewerten, ech si perseinledch ze faul dofier ;D. Ech weess na net aus weiengem Grond ech daat dobei gemaach hun, an ech ka mer net vierstellen dass ech doraus ierjendwann eng Keier liese kann waat ech ännere keint, mee vu dass d'Emfrooen lo rem mi rare gin hudd der dann emmer nach eppes ze klicken x)

Sou, hei ass et lo Schluss.

Wi gutt dass do Schluss war, well um Schluss kënnt io, wei schon uewen ugekënnegt, eng kuerzfristeg Ukënnegung. (an Ja, dee Saatz soll sou domm klengen o.O ).
Ech wëll endlech deen You-Blog-Day Projet un d'Laafen kreien, an dofier bass DU lo gefroot. Schreiw mer op egal wei enger Sprooch en klengen Abschnitt (e kann och mi grouss sin, mee w.e.g keng ganz Säit, merci), iwwert eng Alldaags-Drog. (eppes ouni daats du dein net liewen keins... sierf et Musik, Fussball, Zigaretten, de Kaffi Moies, deng Playstation oO, Kollegen, etc, oder wat och emmer). Scheck mer et einfach per facebook-mail, Msn, sms oder email ;)





btw: ass dee klengen gielen Minion net einfach nemmen awesome? :D (raaaandom Bild^^)



2 Kommentare: