Dienstag, 25. Mai 2010

Wien: Daag 2

Grüss Gott!

Alt rem stinn ech hei ennen an der Receptioun an dinn mer deen Windows Millenium PC un, nemmen fier ierch ;D Ech faassen mech haut, oder zumindest probeiren ech daat, relativ kuerz well gleich kennt Scrubs :D

Aaalso, ugefaangen huet den Daag an sech relativ gudd, mat gemiddlechen 17 Grad, an enger Aussiicht op e gudden Daag. No 30 Sekonnen dobaussen huet et dann leider ugefaang mat reenen, an zwar ewei mat Eemeren, mat groussen Eemeren, well daat spektakel huet ganzer 20 Minuten gedauert, duerno waren et dann agreabel 20 Grad, de Recht vum Daag iwwer. Um Ween fier bei de Naschmarkt si mer dann laanscht de Filmmuseum komm, op deen ech mech natierlech enorm gefreet hun - wei sech erausgestallt huet ass daat awer guer kee Museum, mee eng Haal wou heiansdo een, no hierer Meenung, geniale Film leeft. Tja domm gaang^^

Egal... dofier war den Naschmarkt em sou mei cool. Op enger Fläsch sou grouss wei 2 Fussballsfelder kruut een do z´iessen an ze schmaachen bis een geplatzt ass, wubei een do och Platzt vum Nokucken, well et sou geil do richt, an dei Gerecher mussen io aus eppes bestooen, aus Atomer zum Beispill xD Wann een der also genuch intus huet ass een Saat ;D Den Highlight um Maart war awer secherlech dei Verkeeferin beim DreschenUebst-Stand (sorry, hun hei keen E mat 2 Punkten drop...). Mer wollten eigentlech just kucken, an e Steck Ananas schmaachen, mee si huet eis schein mat 9 weideren Sorten gefiddert an eis e "klenge Mix" erstallt. Dee klenge Mix, huet ca. 20 Kilo gewiehen an 33 Euro kascht xD Mee dofier schmaacht deen "klenge Mix" iwwerdriwwe geil.

Also ultimativt Highlight vum Daag kann ech awer ouni Zweifel behaapten, dass daat den Figlmüller war, daat ass deen Restaurant wou et dei greissten Schnitzelen zu Wien gin. (Foto kennt no...). Sou en eepeschen Schnitzel hun ech nach nie a mengem ganze Liewe giess oO.

Hm, muss leider schluss maachen aus zwee Grenn:
1. ech keint lo nach eng Stonn iwwert de Schnitzel schwetzen, mee daat dooen ech ierch, an ärer Tastatur dei der secherlech vollsabbelen wert, net un ;D
2. Hannert mer steet eng ongeduldeg Fraa dei onbedingt op de PC well...

bis dann .. :D



Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen