Mittwoch, 26. Mai 2010

Wien: Daag 3

Majo dann,
haut war menger Meenung no dee beschten Daag vu mengem Openthalt zu Wien. D´Wierder huet perfekt matgespillt an d´Temperaturen waren mat 20 Grad absolut top! Ugefaang huet eis heuteg Expeditioun mat engem trip bei d´Hundertwasser-Haus, engem Haus daat total verreckt an faarwesch opgebaut ass, an laut deem Scheld daat fierdrunner steet "Mensch und Natur perfekt ausgleicht". Et war wierklech witzeg unzekucken, ech mengen, et geseit een net all Daag en Haus wou e Baam zur Fenster raus wiisst oder wou´d´Kanten ronn sin... en plus wunnen do suguer Leit dran - strange people ;D
Op mannst grad sou skuril war d´Geijend wou daat ganzt sech plazeiert huet. Et war eng Geijend wou een ouni schlecht Gewessen behaapten kann dass et de "Ghetto" vu Wien war. Dobei ass awer unzemierken dass "Ghetto" an desem Fall wuel eischter "et war net grad sou proppergeleckt an impecable wei de Recht vu Wien" heeschen misst, oder kuerz: Esch.

Zur Metteschstonn hun ech dann mol mein allereischten Kaiserschmarr´n verdreckt, an dat am "Demel" , engem renommeierten Kaffeehaus, an ech muss sooen: boa war za geil - schweier ze toppen. No deem kulinareschen Highlight ass et rem Richtung Metro gaang, deen vun der Iwwersiichtlechkeet an Organisatioun scho ganz no un d´Perfektioun vu London rukennt.
No 6 Minuten si mer dann eischter zoufälleg op den "Gasometer" getraff, waat freier eng Industriezone war, an sech an de leschten 30 Jooer zu engem baal selbstständeg liewenden Duerf / Stättchen entweckelt huet.; souzesooen en Belval 2.0. Ech als Guitarfreak, a Begleedung vu mengem Papp, engem Bassfreak, sin natierlech wei op magesch Art a Weis vum Musicgeschäft do ugezun gin - O.O WHAT THE FUCK haaten za do vill Guitaren, an nemmen top-Marken!! Do war den halwen Metten dann och schon em wou mer bis rem rausfontn haaten ;D.

Um Kulturellen Plang war den Daag haut och gudd befellt. Ech haat neemlech drop insisteiert onbedingt an den Naturhistorischen Museum ze gooen, well deen hei zu Wien een vun de greissten vun der Welt ass. Eng sensationell Sammlung vun Mineralien, Schanken, Darwin-Theorien an an an... (Fotoen kommen subaal ech dohem sin). Ech hu mech awer nemmen an der eischter Halschent vum Musee opgehaalen, dat war den mei wessenschaftlechen Deel - ech hun dei Reim mat 50.000 Full-Sorten net sou gär... xD Fazit: e genialen Musee, an deem ech de ganzen Daag verbrenge keint!

Joa... fierun 20 Minuten suutzen mer nach beim "Schwarzen Kameel" (JA daat kritt zwee "e"), engem Szenecafee hei zu Wien, wou een op baal keng Touris trefft, an nemmen reich/wohlhabend Wiener. Och wann et lo deck schicki micki klengt, mee do muss een onbedingt higooen wann en op Wien kennt... waat dei do aus Marzipan formen kennen grenzt un de Limiten vun der Possibiliteit!!

Leider nähert sech meng Vakanz zu Wien lo dem Enn, an sou bleiwt mer nemmen nach bis moa 12:00 Zeit fier nach weider Andreck ze sammelen. Mee ech mengen ech hun awer scho vill vun der Wiener Kultur matkritt, an sin relativ zefridden wei se hei sou Liewen, et erennert staark un den typeschen Biedermeier-Liewensstil, also schei gemiddlech, häuslech, an faul sin ;D

Fazit: Wien ass suwuel kulinaresch wei och kenschtleresch eng genial Staat. Konscht-Freaks keinten hei wierklech 3 Meint verbrengen, an geiffen och dann nemmen knapp domat färdeg gin alles gesin ze gin. Mee ech sin awer och rem a gewesser Weis frou heem ze gooen. 1tens mengen ech net dass ech nach vill mei Iessen kann wei ech et dei lescht 3 Deeg gemaach hun, ierjendwann geing ech platzen. 2. Deen Windows ME an den Internet-Entzuch si schon derb xD (ok SOU schlemm ass et net, mee ech vermessen et halt wann ech grad neicht ze din hun mol schnell e bessen ze surfen hehe)

Fier dei wu lo nach emmer neicht verstaan hun:

WIEN ASS GEIL ;D




Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen