Freitag, 6. Dezember 2013

Merci, Herr Mandela

De Kevin huet sëch d'Méih gemaach en Artikel iwwert den Nelson Mandela ze schreiwen. Genee wéi säin éischten Artikel hei um Blog ass och dësen, wéi ech fannen, qualitativ op héischem Niveau!

Merci, Herr Mandela

Wéi déi meescht vun iech et secherlech héieren hunn, ass den Nelson Mandela an der Nuecht vun gëscht op haut verstuerwen. Ech wëll dësem besonneschen Mënsch haut en Artikel widmen. Ech wärt dobäi versichen net just eng Zesummefaassung vun sengem Liewen ze schreiwen, éischtens well mäin Hannergrondwëssen net grouss genuch ass an zweetens well dier wahrscheinlech dovunner schonn genuch gelies hudd/wärt liesen. Ech well hei éischter drop agoen, firwat hien eng vun mengen gréissten Inspiratiounen ass. Ech entschëllegen mech am viraus fir en Zitat, dat ech abréngen wärt. Ech fannen, datt ze vill Zitater vum Mandela am Moment duerch Facebook geeschteren, mee ech konnt et mir eng Kéier net verknäiffen.

Den Nelson Mandela ass eng vun den authenteschsten Persounen déi dat 20. Jh gesinn huet. Hien war Matglied vum Xhosa-Clan, engem südafrikaneschem Vollek, an krut dofir hier Wäerter an net déi westlech geléiert. Trotz allem huet hien sech säin ganzt Liewen fir Gläichberechtegung vun allen Mënschen agesat. Et gëtt jo hautdesdaags oft gesot datt den Westen aner Kulturen seng Wäerter ze oft géint hiren Wellen opgedréckt huet , an wéi oft hunn ech héieren soen datt d'Chineesen zum Beispill oder Saudi-Araber vläit guer keng Demokratie wëllen, well sie einfach eng aner Kultur hunn an vläit stemmt dat io zu engem groussem Deel och. Mee menger Meenung no ass de Mandela en méiglecht Géigebeispill. Hien ass definitiv an enger anerer Kultur opgewuess wéi mir, an engem Land wou Ënnerdréckung normal an allgéigewärteg war, an trotzdem huet hien sech fir Wäerter wéi Mënscherechter agesat an mat him huet eng ganz Natioun sech géint Diskriminatioun gewiert.
Wéi beim Ghandi ass dem Mandela seng Moral eng riesech Inspiratioun fir mech. Seng Moral war geprägt vun Net-Haass, Verzeiung, Net-Rache. Den Ënnerscheed deen ech zum Ghandi gesinn, ass datt et fir den Mandela däitlech méi schwéier war. Hien hat net d'Chance an engem Land ze protestéieren, wou d'Englänner geherrscht hunn, Leit mat gewëssen Skrupel. Zur Erënnerung: D'Regime vun der Apartheid war en brutaalt Regime, dat keen Problem hat op Kanner ze schéissen, wéi zum Beispill 1976, wou op protestéierend Schüler an Studenten geschoss gouf. Resultat: méi wéi 500 Doudeger. Wéi legitim wier hei en Haass géint déi wäiss Minoritéit gewiescht? Mier selwer hätten wuel och ugefaangen ze haassen, mee trotz allem huet den Mandela, och no 27 Joeren am Bing, drop bestanen datt Südafrika fir déi wäiss an schwaarz Leit ass. Seng Idee fir en bessert Land, hat zwee Grondsteng: "If there are dreams about a beautiful South Africa, there are also roads that lead to their goal. Two of these roads could be named Goodness and Forgiveness." An dësem Saatz stecht eng ganz Liewensideologie: wann een gutt ass an den Leit hier Feeler verzeit, dann kann een eng besser Welt schafen. Daat klengt elo ganz idealistesch an an mengen Aen wuar den Mandela och en Idealist. Ech selwer sinn och en Idealist, ech sinn net stolz drop, ech gesinn mech net als besseren Mënsch dowéinst, et ass einfach en Fakt. An et ass schwéier an enger Welt wou ëmmer méi zynesch gëtt, Idealist ze bleiwen an do ass den Mandela eng Persoun wou engem Kraaft gëtt, well hien gewisen huet datt et nach aner Idealisten ginn an si, souguer ënnert engem Regime wou Kanner ëmbréngt, d'Welt beweegen kennen an fäheg sinn en Vollek ze féieren. Ouni den Mandela wier d'Enn vun der Apartheid net friddlech komm. Et wier héchstwahrscheinlech zu Massakeren komm an engem Exodus vun der wäisser Minoritéit. Mee dësen Idealist huet bal am Allenggang d'Natioun erëm versöhnt an net just engem ganzem Land mee der ganzer Welt Hoffnung an Kraaft ginn. Hien war net fir näischt eng vun den bekanntesten Persounen op der Welt. Fir dës Hoffnung, dës Kraaft, dëst beispillhaft Liewen soen ech: Merci, Herr Mandela, mir wäerten Iech an är Idealer net vergiessen!





Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen