Montag, 20. Januar 2014

The Secret Life of the Sex Addicted Wall Street Slave

"Wi ass daat? Gëff mol Gas!" sou gouff ech haut vernannt well ech dëst Jooër nach neicht gepost hun, an daat zu Recht! Mee ierjendwei haat ech effektiv bis haut absolut keng Zeit fier eppes ze schreiwen! Déi éischt Woch vun dësem Jooër haat ech mat Léiere verbruet, well do halt meng Exame stattfonnt hun an ech noo engem laangem Léierdaag keng Energie méi opdreiwe konnt fier en anstännegen Artikel ze schreiwen.

No der Woch ass et awer richteg lassgaangen: ech haat vu Moies bis Owes ständeg eppes ze dinn, absolut "keng Freizeit", mee et war richteg geil... loosst mech erkläeren: Säit 3 Méint sin ech Deel vun engem Projet mam Numm "Lucy in the Sky with Diamonds" engem Kuerzfilm bei deem ech d'Roll vum "Director of Photography" iwwerhuelen, also deen Dude dee kuckt dass daat waat gefilmt gëtt anstänneg ausgeseit. En Tournage vun enger Szene leeft ënnert den Emstänn (en Team aus engem Grapp voll 16-21 Jähregen) extrem professionell oof an de ganze Projet rappt mëch einfach mat. Daat leit ënner Aanerem dorun dass ech effektiv VILL vun deem waat ech op der Uni léieren, direkt uwende kann um Set, an natierlech un der wierklech gudder Harmonie déi an der Crew herrscht! Seit Neistem hu mer dann och ugefaang noom Dréih direkt och d'Szene zesummen ze schneiden fier ze kucken ob d'Resultat eis gefällt... an daat mëcht et! Wann der méi iwwert de Film wëllt gewuer gin kënnt der op der Facebook-Säit ständeg à jour gehaale gin :).
Natierlech huet dee Filmdréih net meng ganz Freizeit gefriess, net fier neicht hun ech fierdrun "keng Freizeit" a Gänsefüssercher geschriwwen. Déi aaner grouss Partie déi mer se weschgeholl huet war de Kino! Ech war dëst Jooër lo schon 5 mol am Kino, an vu dass d'Filmer bei eis am Land meeschtens um 19:00 laafen, haat ech meeschtens keng Zeit fier en Artikel um 18:00 ze bréngen! Mee keng Panik, lo ass io rem Uni, also hun ech an der Woch rëm vill méi Zeit fier Posts ze schreiwen, an dofier geet et an den nächsten Deeg ënner aanerem mat Movie Reviews iwwer folgen Filmer weider: The Secret Life of Walter Mitty, The Wolf of Wall Street, 12 Years a Slave, Nymphomaniac an Homefront.

Lo maachen ech awer als éischt mol nach eng kleng Recherche fier méng nächst "Top 10" Lëscht, déi normalerweis och nach dëse Mount rauskomme wert!

bis dohin,
stay tuned.



Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen