Dienstag, 29. Juni 2010

No it's not hot... it's SUPERHOT!

Waat hu mer scheint Wierder de Moment, fannt der net och? Et ass herrlech endlech mol eng keier zur Fenster raus kennen ze kucken ouni eng groo duerchnässten ''Landschaft'' ze gesin! Et fënnt een net eng eenzeg Wollek um Himmel, an d'Sonn hällt eis all schei Waarm.

An der Theorie io ganz praktesch an schein, mee mei wei kucken kann een net wierklech maachen, ausser et steet een drop no 5 Sekonnen total nass an verschweest ze sin ;D Vleit hudd der et de Weekend bemierkt, vleit och net, mee bei all klengster kierperlecher Ustrengung fänkt den ënneren Organesystem spontan domat un sämtlech iwwregbliwwen Réckstänn vun H2O auszestoussen, oder wei dei meecht leit sooen: et schweest een einfach iwwerdriwwen schlëmm.
Dofier lo hei meng Top 5 Tipps fier deem, besonnëg an der Schoulzeit, ze entgooen:

1. net iwwert d'Hëtzt jeimeren, da kënnt se engem nach vill mei Waarm vier, wei se ass. Kaal duschen sin extrem geil, grad selwer gemaach ;D

2. e klengen Handventilator hëlleft zwar, mee ween huet schon sou eppes? Vill mei einfach, an och mei Klassensall-tauglech ass et en Heft/Buch/Block ze huelen an sou ze leen dass en Horizontal vierum engem läit, mam Rand beim Bauch. Dann einfach den Deckel als Fächer benotzen, et wierkt wonner. Oppassen awer: kee Buch huelen wou den Deckel sou schweier ass dass een mei schweest fier en ze bewegen, wei dass een sech oofkillt!

3. sech als Tafelbotzer mellen, sou huet een praktesch all 30 -50 Minuten dei enorm Chance daat gudd killt Waasser aus dem Krunn op Hänn/Äerm/Gesiit ze iwwerdrooen. Enplus sin d'Hänn duerno angenehm NET-verschweest, wouduerch een sech krass gekillt fillt ;) Tipp: Kaalt Waasser iwwert d'Ooderen laafen loossen oder eng kaal Fläsch dobei haalen brengt et och, fier dei dei net d'Tafel oofmaan ;D

4. alles waat een normalerweis vun Kierperlecher ustrengung mecht, greisstendeels emgooen, oder wei ech, einfach gaaanz krass zereckschrauwen. Sou hun ech fierun enger Woch nach ca. 8 Sekonnen bis an d'Buedzëmmer gebraucht, metlerweil sin et der 20-25, well ech einfach SOU krass lues gin, dass ech mech mengen ech suguer wärend dem gooen rem erhuelen xD. Daat klengt domm, mee probeiert et aus, einfach alles am luesen maan, et ass extrem entspaanend! :D

5. einfach an den Duerchzoch sëtzen, an domat mei Picture of the Week (an daat schon Dënnstes!) noomaachen ;D Daat gëtt och no 20 Minuten net langweileg, an ass besser wei all Ventilator!


Alternativ kann een och bei extrem eepescher Musek total krass oofgooen an sech wei en mëllen een oofdanzen, an nierwenbei gudd killt Gedrenks raschëdden, daat Befriddegt op mannst grad sou gudd, mee et muss een en total iwwerhëtzten Kierper an kaaf huelen, genee sou wei eng Zëmmertemperatur dei ca. 5° an d'Luut geet, mee daat ass egal:D ech maan daat lo muahaha.



Freitag, 18. Juni 2010

Pictures of the Week: Nr.3

Lo geet et hei Schlag op Schlag.
Ech sooen ierch direkt, dëst Bild ass NEICHT am Verglach zu deenen 2 Aaneren.
An deene Momenter ier ech d'Bild geschoss hun, war ech iwwerfëllt mat Gefiller vun Randomheet, Peinlechkeet, Roserei, Fassungsloosegkeet, Erstaunen an net ze vergiessen "WTF", souwei zeitgleich kini an fakichromu.
fier d'Spannung bëssen opzebauen, obwuel der io einfach roofscrolle kennt, mee egal, eng kleng Erklärung zu all Gefill.
Randomheet: wei grouss ass w.e.g. d'Chance dass daat geschitt? Oo 1:314159265358979
Peinlechkeet: ech kann mech nie mei domat blecke loossen
Roserei: FIERWAAT em Gottes Wëllen??Fassungsloosegkeet: oooh, meiii, Gott, wat leeft?
Erstaunen: ...
WTF: what the fuck, wei kann dat sin??
kini: gudde Gout hudd der do Här Wagner
fakichromu: doot daat aus, et ass MEINT!

(uuh ech muss de Kapp mol net verpixxelen well een sei Gesiit net gesäit muahaha)

JA, et ass esou. Den Här Wagner, och schon hei um Blog als "Edouard Hardy" erwähnt gin, huet genee, an wann ech genee sooen, mengen ech genee, GENEE daat selwescht Hierm wei ech et och hun, just vleit 1-2 Nummeren mei grouss... . An sech hun ech io nix dogeint , mee et ass einfach DAAT Ulmi-Hierm, mat deem ech op 19/20 Freideger an den UK gin, an mat deem ech fierun 300 Schüler geschwaat hun, an an deem mech seitdem dei ganz Schoul kennt! MEIN HIERM man! Dofier hun ech lo beschloss daat emmer Meindes an Dënnstes soulaang unzedooen, bis heen et mierkt, an dann beemol mierkt "hm, hee geseit vill mi cool wi ech dodran aus". gnaaaaaaaaaaaaaaa...

kini.



Pictures of the Week: Nr.2

Am zweeten Deel dann elo eng Photo, dei sau banal ausgeseit, mee sou eng ongleewbar Geschicht hannendrun stecht. Et war alt erem an der Physique, an zu deem waat geschitt ass, gëtt et nemmen eng logesch erklärung... "d'ass Physik!" xD.
Nodeems mer am Engleschen dei lescht hallew Stonn net mei wierklech sou produktiv waren, ass d'Spillerei lassgaang, an vue dass een mat normalen Schoulmaterial nemmen begrenzt Meijlechkeeten huet eppes unzestellen, ass de Klassiker entstaan: en Pabeiersfliijer. Perfekt gefaalt, huet en sech dunn op de Wee maache gelooss, geschoss vum Jhang, zur Fenster raus, mat enger gezielter Lenkskeier, mat enger uschleissender Descente. Sou, kleng tio mol ganz banal. Mee wei kleng ass wann ech glifft d'Chance dass deen sou eng Keier mecht, an dann BAUSSEN rem um Fensterbried leie bleiwt?


Et war wierklech eng fantastesch Szene. Ech war grad nach domat beschäftegt mein "iPHONE BITCH"-Video ze kucken, do ruffen se beemol alleguer "Sven, Sven, komm kucken, Picture of the day!", lo ouni Witz, an joa... do sin ech dohin gecharged ;D
Wei gesoot, su e Bild seet net vill aus, fierun allem well et mega banal ass, mee et gesäit een dass et baussen ass, an en plus muss een sech dei ganz Situatioun vierstellen, dann mierkt een wei geil daat an sech war xD
Herno, kuerz fierun 8 Auer, gëtt et dann daat drëtt an krassten Picture of the Week, prepare for some random shit!



Donnerstag, 17. Juni 2010

Pictures of the Week: Nr.1

Dës Woch sin schon zimmlech random Saachen geschitt.
Ufänken maan ech mat deem "schlechtesten" Picture of the Week. Et ass an sech mega banal, mee d'Geschicht hannendrun an daat wat duerno geschitt ass war relativ witzeg.

Et war eng ganz normal Physiksstonn, zumindest bis se ugaang ass. Den Thierry mecht wei emmer een op Jongleur mat ierjendengem random Geigestand deen en graat do fonnt huet. Daat eleng ass schon bëssen strange, mee natierlech huet heen et gepackt daat nach ze toppen. Heen huet den Geodreieck geholl an domat jongleiert. Geodreieck? Hun ech Geodreieck gesoot? Upps, ech hun natierlech Riesenproffengeodreieck gemengt, deen normalerweis net dofier do ass fier rondremzegeiehen. Wei konnt et aanescht sin, huet den Ziigs (=Thierry) geduet deen Riesenproffengeodreieck geiff, obwuel en op enger Säit en schweiren fetten Grëff huet, ganz riit fleien, an sou ass en cache op de Buedem gefall, waat zu enger spontaner Reaktioun, dei sech zerbriechen nennt, gefouert huet.



No der Glanzleeschtung, an no deem Moment wou dei Hallef Klass "Thierryyyyy" geruff huet, huet heen den Dreieck sou dohinnergeluet dass een net gemierkt huet dass en an 2 Stécker zerfall ass. De Proff allerdings huet et gemierkt an huet gefroot ween war. Op dem Thierry seng Änfert huet en gefroot ob heen neicht sooe sollt, wourops eng genial Konter vum Thierry komm ass: "ech wollt mol neicht sooen bis der et vleit an der Stonn gemierkt hätt". Mech perseinlech huet et gewonnert dass en net "du" gesoot huet...

Naja, eischt Bild ass nach net grad sou hypersuperdupermega kini, mee daat steigert sech ;D



Dienstag, 15. Juni 2010

Emfroo: Grafik, Gelabers, an dei nei.

Wat en Zoufall, den Zoufall huet gewonnen, PAH wei witzeg! ...
Oder war et Schicksal?
Wei deem och ass, d'Emfroo ass färdeg an alt erem weess ech e klengt Stéckchen mei iwwert äerch an äer donkelst Geheimniser muahahahahahahaha, emh ok, oder och net.
Fier dei, dei sech geiffen öffentlech dozou bekennen, waat se gevote hun, steet et dann natierlech op daat mat engem Kommentar hei ennen drënner ze maachen. Hei mol d'Resultat a Form vun Faarwen:


(klick drop fier mei grouss ze maachen)

(Et war by the way deck schweier eng Faarw ze fannen dei bei dei 3 Saachen gepasst huet xD )
Ech perseinlech haat fier den Zoufall oofgestëmmt, well ech einfach dovun iwwerzeecht dass mer souvill RANDOM Saachen gescheien, dass daat definitiv net mei normal ass, schluss färdeg aus, an daat ass och kee Schicksal!

Dei nei Emfroo bezidd sech dann, wei een onschweier erkennen kann, op den neien Blogdesign, deen dem Gros hoffentlech gefällt. Bei der Oofstëmmung biedem ech em eierlechkeet, och wann ech mech lo schon driwwer opgereejt hun dass ierjendeen "mi schlecht" gewielt huet ... x) shit happens.

PS: Zum Schluss nach e klenge Reminder, denkt un den "You Blog-Day"! Mei informatiounen gin et op dësem Wonnerscheine Link ;) Merci nach eng Keier fier d'Idee un d'Rox.